Héichsëtzer zu Lëtzebuerg

D’Gesetz 25 Mee 2011 reegelt an de grousse Linnen d’Aspekter vun der Juegd. Beim Duerchliese vum Text fält op, dass am Gesetz wéineg Dispositiounen zu der Juegd vun engem Héichsëtz aus existéieren. Ausser dem Artikel 10 wou vun der “chasse à l’affût” rieds ass, fënnt een am Gesetz näischt zu de Bestëmmunge vun den Héichsëtzer. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Héichsëtzer ginn et insgesamt am Land?

  2. Wéi eng Autorisatioun muss ee Jeeër ufroen, fir esou een Héichsëtz kënnen opzeriichten? Kann een Héichsëtz egal wou opgebaut ginn?

  3. Ginn et technesch Bestëmmungen, wéi een Héichsëtz muss opgebaut sinn?

  4. Wéi mussen d’Héichsëtzer verséchert sinn an op wien trëfft d’Responsabilitéit, wann aner Leit duerch den Héichsëtz zu Schued kommen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2342

Wien huet d’Werbecampagne #NetOuniMengMask erstallt?

Net ouni meng Mask. Dëst ass de Message vu enger aktueller Sensibiliséierungscampagne, déi vum Gesondheetsministère bal iwwerall am Land ze gesinn ass. Pechbiller a Restauranten souwéi digital Werbeannoncë sollen d’Leit dorunner erënneren, dass si mam Droe vun enger Mask hier Matmënschen a sech selwer virun enger méiglecher Infektioun mam Coronavirus schütze kann.  Wann een d’Metadate vun de Grafiken analyséiert, déi d’Santé zur Verfügung stellt, sou entdeckt een, dass d’Date de Création vun der Grafik de 17te Mäerz 2020 war. Zu dësem Datum hat d’Regierung knapps de Confinement decidéiert. Gläichzäiteg war d’Regierung zu dem Zäitpunkt skeptesch géigeniwwer der Schutzwierkung vu Masken, well dës net medezinesch noweisbar war. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéini gouf d’Werbecampagne an och d’Grafik #NetOuniMengMask, déi haut iwwerall ze gesinn ass, vun der Regierung an Opdrag ginn? 

  2. Gouf et eng ëffentlech Ausschreiwung fir dës Werbecampagne?

  3. Kann d’Ministesch confirméieren, dass d’Date de Création vun der Grafik de 17te Mäerz ass? Falls jo,  • firwat gouf d’Droe vun der Mask zu deem Zäitpunkt net schonns als Recommandatioun ausgeschwat? • hat d’Regierung hei bewosst net d’Wourecht gesot, well een eng Panik innerhalb vun der Bevëlkerung vermeide wollt, wëssend, datt et zu deem Zäitpunkt schwéier war Masken um fräie Marché ze kréien?

  4. Wéi vill huet d’Konzeptioun vun der Werbecampagne kascht? 

  5. Wéi vill bezilt d’Regierung fir d’Diffusioun an d’Publicitéit vun der Campagne?

  6. Wéi eng Organisatioun huet d’Werbecampagne konzipéiert an designed?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2333

Avertissements taxés – Nofro n°3

A menge parlamentaresche Froen n°614, 1266 a 1484 hat ech déi zoustänneg Ministeren iwwert net bezuelten Avertissements taxés (AT) befrot a krut heizou detailléiert Tableaue mat Zuele presentéiert, déi opschléisse loossen, dass Problemer beim Andreiwe vun den ATen existéieren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Fir d’Joer 2019 an 2020, opgelëscht no Unzuel a Montanten • wéi vill Avertissements taxés goufen opgestallt? • wéi vill sinn der bezuelt ginn? • wéi vill sinn net bezuelt ginn? • wéi vill Avertissements taxés si fräiwëlleg bezuelt ginn, nodeems de Parquet saiséiert gouf? • wéi vill Ordonnances pénales goufen op Basis vun net bezuelten ATen geschwat? • wéi vill Ordonnances pénales goufe bezuelt? • wéi vill Ordonnances pénales si duerch Contrainte par corps geläscht ginn? • wéi vill Ordonnances pénales goufen ni bezuelt a si geläscht ginn?

  2. Goufe vun der Regierung an der Justiz am leschte Joer Ustrengunge gemaach, fir d’Andreiwe vun den ATen ze verbesseren? Falls jo, wéi eng?

  3. An der Äntwert op d’Fro n°1484 kann een am Tableau erausliesen, dass bei den Ordonnances pénales exekutéiert duerch contrainte par corps den Taux un Net-Residenten zimmlech geréng ass (+/– 10%). An de Fro n°614 hat d’Regierung geäntwert  “”Ausserdeem kann de Parquet général fir Net-Residenten vun der kompetenter auslännescher Geriichtsautoritéit verlaangen dat lëtzebuergescht Uerteel ze exekutéieren.”” • Firwat ass dësen Taux iwwert d’Joren ewech esou niddreg? • Fir d’Joren 2013 bis 2020, bei wéi vill ATen huet de Parquet vun enger auslännescher Geriichtsautoritéit verlaangt, dat lëtzebuergescht Urteel ze exekutéieren a wéi vill Recettë konnten esou agedriwwe ginn? • Fir d’Joren 2013 bis 2020, wéi vill a wéi eng auslännesch Geriichtsautoritéiten hu vun der lëtzebuergescher Justiz verlaangt een Urteel am Bezuch mat engem onbezuelten AT am jeeweilegen Ursprongsland zu Lëtzebuerg anzedreiwen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2300

Glyphosat-Verbuet 2020

Op EU-Niveau ass de Glyphosat nach bis de 15ten Dezember 2022 erlaabt. Aktuell leeft awer eng Demande vun enger Grupp vun EU-Staaten, fir den Datum nach weider no hannen ze verréckelen. An der Äntwert op d’Fro n° E-000845/2020 vum EU-Deputéierten Harald Vilimsky un d’EU-Kommissioun steet  “”Im Juni 2020 muss ein vollständiges Dossier eingereicht werden, woraufhin eine wissenschaftliche Risikobewertung und ein Peer Review durch die Mitgliedstaaten und die Europäische Behörde für Lebensmittelsicherheit vorgenommen werden.”” D’Regierung hat am Koalitiounsaccord ugekënnegt ab dem 31ten Dezember 2020 kee Glyphosat méi zu Lëtzebuerg zouzeloossen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Wäert et fir Regierung bei dem ugekënnegten Datum fir de Glyphosatsverbuet zu Lëtzebuerg bleiwen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2302

Moutfort – Route de Remich – Nofro n°2

An de parlamentaresche Froen n°1656 an 1901 hat ech de Minister ëm Detailer iwwert d’Situatioun vun engem Schantjen op der Nationalstrooss N2 zu Moutfort gefrot. D’Äntwert op déi éischt Fro vum Minister hat dozou gefouert, datt vu säitens vun der Buergermeeschtesch vu Contern Kritik opkomm war well een an der Gemeng der Meenung war, datt Ponts et Chaussées fir d’Situatioun op dësem Schantje responsabel wär, well et sech ëm eng Nationalstrooss géif handelen. A senger leschter Äntwert berifft sech de Minister op d’Gesetz vum 21ten Dezember 2009 “relative au régime des permissions de voiries” a verweist ganz kloer op d’Responsabilitéit vun der Gemeng an dësem Dossier.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. An der Fro n°1656 huet de Minister geschriwwen, d’Gemeng kann déi néideg Verkéiersberouegungsmoossnamen am Kader vum Schantjen huelen. D’Gemeng verweist an deem Fall op d’Responsabilitéit vum Staat, well et sech ëm eng Nationalstrooss handelt. Kann de Minister confirméieren, dass d’Aussoe vun der Gemeng net richteg sinn? 

  2. Am Code de la Route steet am Artikel 5:  “”Dans les limites et selon les distinctions faites au présent article les autorités communales peuvent réglementer ou interdire en tout ou en partie, temporairement ou de façon permanente la circulation sur les voies publiques du territoire de la commune pour autant que ces règlements communaux concernent la circulation sur la «voirie communale» ainsi que sur la voirie normale de l’Etat située à l’intérieur des agglomérations. Ces règlements communaux sont soumis à l’approbation du Ministre de l’Intérieur et du «ministre».”” Kann de Minister confirméieren, dass dës Dispositioun och fir d’Ariichte vun enger 30er-Zon op der N2 vun der Gemeng kéint genotzt ginn?

  3. De Minister schreift a senger Äntwert, datt op säin Uerder an “am Interessi vun der Qualitéit vun der Reparatur vun de Stroossen eng Remise en état” gemaach kéint ginn a verweist domadder op den Artikel 7 vum Gesetz vun 2009. Ugesiichts de miserabele Stroosseverhältnisser zu Moutfort, wäert de Minister dat maachen? Falls nee, firwat net?

  4. Falls Drëttpersounen duerch d’Stroossesituatioun (notamment duerch déi staark Vibratiounen) ee Schued un hiren Haiser erleiden, ginn dës Schied reparéiert? Wien kënnt an deem Fall fir Schied op? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2287

Ëffentlechen Transport och no der Coronapandemie propper halen?

D’Coronapandemie huet eis an der Gesellschaft villes iwwer Gestë bäibruecht, déi jiddereen ënnerhuele kann, fir Infektiounskrankheeten auszebremsen. Ee wichtegen Aspekt dovunner ass sécherlech d’reegelméissegt Botzen an Desinfizéieren. An de leschte Woche konnt een effektiv feststellen, dass d’Busser an d’Zich am ëffentlechen Transport ronderëm d’Auer propper sinn. Dat war virun der Coronapandemie net ëmmer de Fall. An der parlamentarescher Fro n°2083 hat de Mobilitéitsminister Auskonft ginn, wéi Desinfizéierung vum Fuermaterial am ëffentlechen Transport säit dem Ausbroch vun der Coronapandemie assuréiert gëtt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Opgelëscht no Materialkäschten a Personalkäschten, wéi vill huet dat zousätzlecht Botze vum Fuermaterial (Bus, Zuch, Tram, Funiculaire, Garen, Arrêten) säit der Coronakris kascht?

  2. Wäert de Minister d’Hygiènesmesuren, déi aktuell am ëffentlechen Transport duerchgefouert ginn, am Hibléck vun der Promotioun vun engem attraktive gratis ëffentlechen Transport, bäibehalen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2285

Demande de congé pour raison familiales (COVID-19) – Nofro

Den Aarbechtsminister huet mir op meng dringend Fro n°2262 iwwert d’Demande de congé pour raison familiales (COVID-19) Folgendes geäntwert: “”Et ass kloer, dass all dei vum honorablen Deputeierten opgezielten administrativ Demarchen net ëmmer an engem Dag kënne gemaach gin, dofier ass et och meiglech den Certificat, bzw d’Piècen dei dozou gehéieren, nozereechen fir den Dossier ze kompléteieren. Den Certificat deen de Patron spéider gescheckt kritt, ass par contre unzegesin wei e Krankeschäin am Sënn vun den Artiklen L.234-53 an L.234-54 vum Code du travail, sou dass den Salarie vun engem méiglechen Licenciement während der Zäit wou hien am Congé pour raisons familiales ass, geschützt ass.” ” Dëst ass sécherlech wouer am Fall, wou de Congé pour raisons familiales accordéiert gëtt. Beim Refus vun enger Demande existéieren allerdéngs nach gewëssen Ongewëssheeten.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat geschitt mat engem Employé, dee säi Congé pour raisons familiales Covid-19 refuséiert krut an déi Deeg, wou en net schaffe war, keen esou ee Certificat virweise kann? 

  2. Ass den Employé am Fall vun engem Refus selwer Schold, dass hien net schaffe war oder ass hie geschützt doduerch, dass d’Demarche net schnell genuch konnt beaarbecht ginn? Kréien d’Leit an deem Fall hieren aktuelle Congé pour raisons familiales verlängert?

  3. Wéi ass et mat deene Leit, wou een Elterendeel net schafft awer wéinst sengem Gesondheetszoustand (z.B. bei chronescher Péng) net op d’Kanner oppasse kann. Kritt de Partner an dem Fall säi Congé pour raisons familiales unerkannt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2275

Militärtransportfligeren

An de lëschte Woche konnt ee verstäerkt Militärfligeren am Landeuflug op de Findel gesinn. Déi Maschinne sinn awer net op den ëffentleche Radaren ze fannen, déi all Bierger consultéiere kann.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann den Här Minister erklären ëm wei eng Flich et sech gehandelt huet?

  2. Wat gouf an de Militärmaschinnen transportéiert?

  3. Wéi vill där Flich sinn am Abrëll an am Mee 2020 zu Lëtzebuerg ukomm a fortgeflunn?

  4. Dir als Minister sot reegelméisseg et wär wichteg, fir ëmweltschounend souwéi méiglechst am geräischreduzéiert Fligeren um Findel landen ze loossen. Wéi ass hei d’Bilanz (CO2 a Kaméidi an Dezibel bei Start/Landung) vun esou Militärtransportfligeren?

  5. Ënnerleien déi Maschinnen engem Nuetslandeverbuet?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2272

Reouverture vum HORESCA-Secteur

Den Tourismus- a Gastronomiesecteur ass fir d’Gemengen op der Musel mat ee vun de wichtegste Wirtschaftssecteuren. Wärend op der anerer Säit vun der Musel déi däitsch Betriber vum Feierdag souwéi de folgende Bréckendeeg profitéiere konnten, hunn d’Betriber op dëser Säit vun der Musel keng Méiglechkeet gehat hier Dieren opzemaachen an hunn esou missten nokucke wéi um anere Bord vun der Musel d’Clientë bei waarme Wierder op den Terrasse souzen. De Buergermeeschter vu Réimech, Jacques Sitz, huet et wie follegt beschriwwen: “”Mat de Buergermeeschteren aus de Grenzgemengen si mir streide gaangen, fir dass d’Grenzen nees opginn. Dat ass jo elo geschitt an dat ass och schéin. Dat ass eng Säit vun Europa. Mä dann déi aner Säit muss ee kucken. Dës Säit sinn d’Restauranten zou. Mir kucken eriwwer op eis Noperen, do sëtzen d’Leit op den Terrassen, wat natierlech guer net flott ass fir déi Leit, déi hei e Commerce bedreiwen. Dat ass och net logesch a schwätzt géint Europa. Rheinland-Pfalz, Saarland a Lëtzebuerg hunn ënnerschiddlech Reegelen obwuel den Afloss vum Coronavirus dee selwechten ass.”” De Réimecher Gemengeconseiller & Vize-President vum Réimecher Geschäftsverband, Daniel Frères, beschreift d’Situatioun esou : ““An dat ass nach méi traureg, well mir d‘Informatioune kritt hunn, dass souguer Leit vun eiser Regierung an Däitschland op den Terrasse sëtzen, awer zu Lëtzebuerg ons HORESCA hir Diere weider muss zouloossen. Mam Resultat vu ville Faillitten an zegdausende Leit am Chômage.”” D’Entscheedung vun der Regierung, den HORESCA-Beräich zu Lëtzebuerg nach zouzeloossen, trëfft deemno bei ville Mënschen a Betriber hei am Land op Onverständnis ugesiichts, dass d’Leit nëmmen 200 Meter eriwwer an Däitschland brauchen ze fueren, fir do dann op enger Terrass eppes drénken ze kënnen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat huet d’Regierung drop verzicht, fir den 21te Mee dem HORESCA z’erlaben erëm hier Dieren op ze maachen, wëssend, dass eis eege Bierger op hiert Gedrénks op déi aner Säit vun der Musel konsuméiere ginn?

  2. D’Ministere fir Wirtschaft, Mëttelstand an Tourismus hunn den 30te Mee als Datum fir d’Reouverture genannt. Wär et net sënnvoll gewiescht, fir d’Reouverture op den 21te Mee virzezéien?

  3. Wéi vill Ëmsaz ass dem HORESCA duerch d’Schléissung vun de Lokaler vum 21te bis zum 30te Mee verluer gaangen?  

  4. Wéi vill Entreprisen aus dem HORESCA–Beräich hunn am Mee 2020 Faillite gemellt? 

  5. Mat wéi vill Faillitte rechent Regierung insgesamt am HORESCA–Sektor bis Dezember 2020?

  6. Wéi vill Prozent vun allen Entreprisen am HORESCA kruten de Chômage partiel accordéiert?

  7. Wëssend, dass am HORESCA-Beräich net nëmmen de feste Salaire, mee och Drénkgelder (legal a versteiert), Feierdeeg souwéi Sonndeger eng wichteg Geldquell fir d‘Mataarbeschter sinn, gouf dëse Fakt am Calcul vum Chômage partiel wärend der Zwangs-Fermeture berécksiichtegt?

  8. Wéi weider Läit beriichten, goufen zwee Regierungsmemberen rezent an engem Restaurant zu Nenneg (Däitschland) gesinn an och fotograféiert. Kann d’Regierung confirméieren, dass déi zwee Regierungsmemberen an deem Restaurant waren? Falls jo, firwat waren dës Regierungsmemberen do, wann den HORESCA-Secteur zu Lëtzebuerg deen Dag nach zou war?

  9. Wäert Regierung de Kontakt mat de Partner an der Groussregioun sichen, fir gläich Reegelen am HORESCA-Beräich opzestellen? Goufe schonn éischt Gespréicher heizou gefouert?

  10. Wäert den Ënnerscheed tëscht enger Terrasse oder engem zouene Raum bei der Reouverture vum HORESCA-Beräich eng Roll spillen?

  11. Sinn d’Ministeren der Meenung, dass d’Betriber am HORESCA elo tëscht der Ukënnegung bis zur Reouverture genuch Zäit hunn, fir genuch vun hire Fournisseure beliwwert kënnen ze ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2259

Gëtt de Gemengerot senger Kontrollfunktioun gerecht?

Um Gemengenniveau ass et wichteg, dass d’Oppositiounspolitiker all politeschen Dossier analyséieren an och a Fro stelle kënnen, fir hirer Kontrollfunktioun am Gemengerot gerecht ze ginn. Fir hier Aarbecht am Kader vun hirem Mandat richteg maachen ze kënnen, brauchen och d’Politiker um Gemengenniveau – ob a Proporzgemengen oder a Majorzgemengen – Méiglechkeeten, d’Majoritéit an de Schäfferot a Buergermeeschter/in ze kontrolléieren. Dës Méiglechkeeten beinhalten souwuehl Accès zu Informatiounen, also Transparenz, an awer och Material, sierf et ee Konferenzraum, ee Laptop, etc.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Däerfe Gemengeconseilleren d’Gebailechkeete vun enger Gemeng (zum Beispill ee Konferenzraum) am Kader vun hirem Mandat benotzen, fir zum Beispill Bierger aus der Gemeng ze empfänken?
    • Falls jo, wéi gëtt séchergestallt, datt all Gemengeconseiller an enger Gemeng op dës Servicer kann zeréckgräifen?
    • Falls nee, firwat net a riskéiert een doduerch net, Majoritéiten an enger Gemeng ee méi staarkt Gewiicht ze ginn?

  2. D’Gemengegesetz gesäit a sengem Artikel 51 vir:
    “”Sauf disposition légale contraire, les réunions du collège des bourgmestre et échevins ont lieu à huis clos.””

    • Deelt d’Madamm Ministesch d’Meenung, dass dës Dispositioun eng ontransparent Politik fërdert?
    • Missten d’Rapporte vun de Schäfferotsëtzungen aus Transparenzgrënn net och ëffentlech gemaach ginn?
    • Misst net och de Public anonymiséiert Rapporten vun de Sëtzunge virgeluecht kréien?

  3. Ass d’Ministesch der Meenung, dass ee Gemengerot senger Kontrollfunktioun besser nokomme kéint, wann e wéisst, wéini d’Schäfferotsëtzunge stattfannen a wat an hinne beschwat gëtt? 

  4. Wéi wäit ass d’Ministesch bereet ze goen, fir de Fonctionnement an de Gemengen méi transparent ze maachen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2200