Connect with us

Questions parlementaires

Atomkraaftwierk Cattenom

Ufanks Juni soll am Atomkraaftwierk Cattenom eng grouss Katastropheschutz- a Sécherheetsübung organiséiert ginn, wéi een am Républicain Lorrain vun haut liest. Laut den franséischen Autoritéite soll dobäi e fiktiven techneschen Accident simuléiert ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäerten och Lëtzebuergesch Autoritéiten un dëser Sécherheetsübung deelhuelen oder se observéieren?

  2. Mat wéi enge franséiche Verwaltungen ass lëtzebuergesche Staat am regulären Kontakt betreffend Cattenom a wéi eng lëtzebuergesch Verwaltungen sinn hei implizéiert?

  3. Iwwert wéi vill technesch Incidenter am Atomkraaftwierk Cattenom, wéi zum Beispill Fuiten, goufen déi lëtzebuergesch Autoritéiten  an de leschten zéng Joer informéiert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4178

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert