Questions parlementaires
Schutz vu Kanner a Flüchtlingsheemer
Verschidde Persounen, déi am Kader vun enger Demande de protection internationale hei am Land ukommen, hunn net ëmmer Kenntnisser vun de Kannerrechter. An de Flüchtlingsstrukturen komme Persounen aus verschiddene Kulturen a soziale Realitéiten zesummen, wou d’Wuel vum Kand aneschters gesi gëtt, wéi hei zu Lëtzebuerg. Esou kënnt et vir, dass verschidde Flüchtlingen einfach wëssen oder sech bewosst sinn, wat als eng Mësshandlung zu Lëtzebuerg gëllt a wat net. Fir ee gutt Zesummeliewen hei am Land musse mer awer dofir suergen, dass all Flüchtling dës Mënscherechter a Flichten léieren a respektéieren, fir esou de Schutz vun de Kanner, och an de Foyeren, kënnen ze garantéieren. Mir si Fäll aus engem Foyer zougedroe ginn, wou mir aner Flüchtlingen, déi hei zesummeliewen, vu Mësshandlunge beriichten.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Kréien d’Asyldemandeuren, wann si an enger Flüchtlingsstruktur ukommen, d’Reegelen hei am Land erkläert betreffend de Kannerrechter?
Wéi eng spezifesch Schutz- a Kontrollmechanisme ginn et aktuell an de Flüchtlingsfoyeren, fir Kanner géint Gewalt ze schützen?
Ginn d’Mataarbechter an Assistants sociaux an dëse Strukture speziell forméiert, fir Fäll vu Gewalt géint Kanner fréi z’erkennen an ze mellen?
Wéi vill Fäll vu Gewalt géint Kanner goufen an de leschte fënnef Joer an Asyl- oder Flüchtlingsstrukturen un déi zoustänneg Autoritéite gemellt?
Wéi vill Mataarbechter sinn aktuell an de verschiddene Flüchtlingsstrukturen affektéiert, opgelëscht no Struktur?
Ass an alle Foyeren 24/7 eng Uspriechpersoun fir d’Flüchtlingen do?
QP Nummer 4176
