Questions parlementaires
Hëtzewëll bei de Feierlechkeeten vum Nationalfeierdag
Wéinst den héijen Temperaturen hu Meteolux an och d’Cellule d’évaluation des risques intempéries et inondations eng Alerte rouge fir de Méinden ausgeschwat, wéi RTL.LU haut beriicht. Dës gëllt bis Dënschdeg um Hallefnuecht a fällt also an d’Feierlechkeeten vum Nationalfeierdag. Fir dës Feierlechkeeten z’assuréieren, wäerte vill Staatsbeamten, Gemengebeamten, Zaldoten a Fräiwëlleger déi nächst Deeg an der Hëtzt a praller Sonn musse schaffen. Esou zum Beispill fir déi traditionell Parade vun eiser Arméi, déi aktuell fir d’Mëttesstonn geplangt ass, wann d’Sonn am stäerksten dréckt.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi gëtt der Sécherheet an der Gesondheet vum Personal an de Fräiwëllegen op de Feierlechkeeten Rechnung gedroen?
Huet d’Regierung, zesumme mat de betraffene Verwaltungen an der Stad Lëtzebuerg, Upassunge vum Programm virgesinn, wéi zum Beispill eng Verleeung vun der Militärparad op eng méi fréi oder méi spéit Auerzäit oder eng Limitatioun vun den Openthaltszäiten an der Sonn, zum Beispill duerch méi Schietplazen an Ofkillméiglechkeeten ?
QP Nummer 4282
