Connect with us

Questions parlementaires

Hospital Secrets

An engem Artikel am Wort vum 26te Mee am Kader vun hirer Serie „Hospital Secrets“ gëtt ee Fall beschriwwen, wou ee Patient, duerch eng schlecht duerchgefouert Operatioun an engem Lëtzebuerger Spidol schwéier kierperlech Schied dovu gedroen huet an zënter Joren ëm Gerechtegkeet a Schuedenersatz kämpft.  Den Artikel wërft schwéierweiend a systematesch Problemer am Lëtzebuerger Gesondheetssystem op. Besonnesch problematesch ass, datt laut dem Artikel d’Krankenakt vum Patient „op mysteriéis Aart a Weis verschwonnen“ wier an och, dass d’Berichter vun der Operatioun Operatiounsrapporte onvollstänneg a souguer falsch wieren. Der Patiente Vertriedung no, wier dat heite keen Eenzelfäll.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Reklamatiounen betreffend feelend, onvollstänneg oder net accessibel Krankenakten sinn dem Ministère bekannt aus deene leschten 10 Joer? 

  2. Wéi steht d’Ministesch zur Ausso vun der Patiente Vertriedung, dass dat heiten keen Eenzelfall ass?

  3. Wéi garantéiert d’Regierung d’Vertrauen an de Lëtzebuergesche Gesondheetssystem a wéi sollen d’Patient:innen zu Lëtzebuerg an de Gesondheetssystem vertrauen, wann se esou tragesch Artikelen iwwert de lëtzebuergesche Gesondheetssystem liesen?

  4. Kann d’Regierung ausschléissen, dass déi am Artikel beschriwwe Problemer zu den Krankenakten haut nach ëmmer virkommen?

  5. Wat sinn haut d’Konsequenzen, wann eng Krankenakt feelt, onvollstänneg ass oder no engem medezineschen Incident net méi komplett rekonstruéiert ka ginn?

  6. Wéi ënnerstëtzt eise Staat d’Affer vun esou trageschen Fäll, wéi dem Mann am Artikel? Op wat fir staatlech a gesellschaftlech Hëllefen kann eng Persoun an dësem Fall ziehlen, fir finanziell de Kapp kënnen iwwert dem Waasser ze halen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4220

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert