Questions parlementaires
Firwat si keng Ambulanzen disponibel?
Zu Péiteng gouf eng Persoun bei enger medezinescher Urgence mat enger Ambulanz vum CGDIS transportéiert. Der betraffener Famill no wier si net an dat Spidol bruecht ginn, an deem si reegelméisseg behandelt gëtt, mee an en anert Spidol. Als Begrënnung wier ënner anerem gesot ginn, datt soss keng Ambulanz méi fir den Territoire Péiteng disponibel wier.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
No wéi enge Krittären decidéiert de CGDIS, a wéi ee Spidol eng Persoun bei enger medezinescher Urgence transportéiert gëtt, a wéi ginn dobäi d’Necessitéite vum Patient berécksiichtegt?
Wéi vill Ambulanze stinn am ganze Land zu Verfügung, opgelëscht no Gemeng?
Wéi vill Ambulanze sti fir d’Gemeng Péiteng an d’Ëmgéigend zur Verfügung?
QP Nummer 4345
