Questions parlementaires
Schofschur (Tonte de moutons)
Zu Lëtzebuerg gi Schof a landwirtschaftleche Betriber an och vu Privatpersounen als Hausdéier gehalen. Bei de meeschte Rasse mussen d’Déieren op d’mannst eemol am Joer geschuer ginn, fir gesondheetlech Problemer, Parasitten oder Iwwerhëtzung ze verhënneren. D’Schofsschur erfuerdert Erfarung an dat néidegt Wëssen, fir d’Déieren net onnéidegem Stress, Angscht oder Verletzungen auszesetzen. Am Sënn vum Déiereschutzgesetz stellt sech dowéinst d’Fro, wéi de Staat garantéiert, datt dës Aarbecht no de Reegele vun der Konscht gemaach gëtt, fir dass d’Déier net leiden.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi vill Schof ginn et aktuell zu Lëtzebuerg a kann d’Ministesch dës Zuelen opschlësselen no landwirtschaftlecher Notzung a privater Haltung?
Ginn et zu Lëtzebuerg Persounen oder Betriber, déi d’Schofsschur professionell a géint Bezuelung ubidden, a falls jo, wéi eng Qualifikatiounen, Formatiounen, Assurancen oder aner Konditioune mussen si erfëllen? Gëtt ët eng ëffentlech Lëscht vu Persounen oder Betrieber, déi dës Konditiounen erfëllen?
U wien kënnen sech Privatpersoune wenden, déi hier Schof déiereschutzkonform schuere wëllen?
Existéieren staatlech Initiativen oder sinn därer geplangt, eventuell och zesumme mat der Landwirtschaftskummer oder Beruffsverbänn, fir Leit, déi ee Schof als Hausdéier hunn, den Zougang zu Formatiounen oder praktesche Coursen an der Schofsfleeg a Schofschur ze vereinfachen, soudass si et selwer maache kënnen? Falls nee, firwat net?
QP Nummer 4368
