fbpx
  • Questions parlementaires

    Vëlosprimm

    D’Regierung huet decidéiert de Kaf vu Vëloen zu Lëtzebuerg méi ze subventionéieren. Iwwert de Klimafong gëtt de Kaf vun engem neie Vëlo mat bis zu 600 Euro ënnerstëtzt. Wéi de Mobilitéitsminister op RTL erkläert huet, fueren dausende Leit pro Dag mam Vëlo. Et handelt sech – an de Wieder vum Minister – ëm ee reegelrechte Boost, deen ee wëll begleeden an d’Zäit wär elo do, fir et ze maachen. An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt: Wéi vill Leit hu vun der erhéichter Primm fir Vëloe profitéiert? Um Site vu Myenergy steht geschriwwen: “Achat du cycle entre le 11 mai 2020 et le 31 mars 2021 (date…

  • Questions parlementaires

    Héichsëtzer zu Lëtzebuerg

    D’Gesetz 25 Mee 2011 reegelt an de grousse Linnen d’Aspekter vun der Juegd. Beim Duerchliese vum Text fält op, dass am Gesetz wéineg Dispositiounen zu der Juegd vun engem Héichsëtz aus existéieren. Ausser dem Artikel 10 wou vun der “chasse à l’affût” rieds ass, fënnt een am Gesetz näischt zu de Bestëmmunge vun den Héichsëtzer.  An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt: Wéi vill Héichsëtzer ginn et insgesamt am Land? Wéi eng Autorisatioun muss ee Jeeër ufroen, fir esou een Héichsëtz kënnen opzeriichten? Kann een Héichsëtz egal wou opgebaut ginn? Ginn et technesch Bestëmmungen, wéi een Héichsëtz muss opgebaut sinn? Wéi mussen d’Héichsëtzer verséchert sinn an op…

  • Questions parlementaires

    Wien huet d’Werbecampagne #NetOuniMengMask erstallt?

    Net ouni meng Mask. Dëst ass de Message vu enger aktueller Sensibiliséierungscampagne, déi vum Gesondheetsministère bal iwwerall am Land ze gesinn ass. Pechbiller a Restauranten souwéi digital Werbeannoncë sollen d’Leit dorunner erënneren, dass si mam Droe vun enger Mask hier Matmënschen a sech selwer virun enger méiglecher Infektioun mam Coronavirus schütze kann.  Wann een d’Metadate vun de Grafiken analyséiert, déi d’Santé zur Verfügung stellt, sou entdeckt een, dass d’Date de Création vun der Grafik de 17te Mäerz 2020 war. Zu dësem Datum hat d’Regierung knapps de Confinement decidéiert. Gläichzäiteg war d’Regierung zu dem Zäitpunkt skeptesch géigeniwwer der Schutzwierkung vu Masken, well dës net medezinesch noweisbar war.  An deem Zesummenhang hu…

  • Questions parlementaires

    Avertissements taxés – Nofro n°3

    A menge parlamentaresche Froen n°614, 1266 a 1484 hat ech déi zoustänneg Ministeren iwwert net bezuelten Avertissements taxés (AT) befrot a krut heizou detailléiert Tableaue mat Zuele presentéiert, déi opschléisse loossen, dass Problemer beim Andreiwe vun den ATen existéieren. An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt: Fir d’Joer 2019 an 2020, opgelëscht no Unzuel a Montanten • wéi vill Avertissements taxés goufen opgestallt? • wéi vill sinn der bezuelt ginn? • wéi vill sinn net bezuelt ginn? • wéi vill Avertissements taxés si fräiwëlleg bezuelt ginn, nodeems de Parquet saiséiert gouf? • wéi vill Ordonnances pénales goufen op Basis vun net bezuelten ATen geschwat? • wéi vill…

  • Questions parlementaires

    Glyphosat-Verbuet 2020

    Op EU-Niveau ass de Glyphosat nach bis de 15ten Dezember 2022 erlaabt. Aktuell leeft awer eng Demande vun enger Grupp vun EU-Staaten, fir den Datum nach weider no hannen ze verréckelen. An der Äntwert op d’Fro n° E-000845/2020 vum EU-Deputéierten Harald Vilimsky un d’EU-Kommissioun steet  “”Im Juni 2020 muss ein vollständiges Dossier eingereicht werden, woraufhin eine wissenschaftliche Risikobewertung und ein Peer Review durch die Mitgliedstaaten und die Europäische Behörde für Lebensmittelsicherheit vorgenommen werden.”” D’Regierung hat am Koalitiounsaccord ugekënnegt ab dem 31ten Dezember 2020 kee Glyphosat méi zu Lëtzebuerg zouzeloossen.  An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt: Wäert et fir Regierung bei dem ugekënnegten Datum fir de Glyphosatsverbuet…

  • Questions parlementaires

    Moutfort – Route de Remich – Nofro n°2

    An de parlamentaresche Froen n°1656 an 1901 hat ech de Minister ëm Detailer iwwert d’Situatioun vun engem Schantjen op der Nationalstrooss N2 zu Moutfort gefrot. D’Äntwert op déi éischt Fro vum Minister hat dozou gefouert, datt vu säitens vun der Buergermeeschtesch vu Contern Kritik opkomm war well een an der Gemeng der Meenung war, datt Ponts et Chaussées fir d’Situatioun op dësem Schantje responsabel wär, well et sech ëm eng Nationalstrooss géif handelen. A senger leschter Äntwert berifft sech de Minister op d’Gesetz vum 21ten Dezember 2009 “relative au régime des permissions de voiries” a verweist ganz kloer op d’Responsabilitéit vun der Gemeng an dësem Dossier. An deem Zesummenhang hu…

  • Questions parlementaires

    Ëffentlechen Transport och no der Coronapandemie propper halen?

    D’Coronapandemie huet eis an der Gesellschaft villes iwwer Gestë bäibruecht, déi jiddereen ënnerhuele kann, fir Infektiounskrankheeten auszebremsen. Ee wichtegen Aspekt dovunner ass sécherlech d’reegelméissegt Botzen an Desinfizéieren. An de leschte Woche konnt een effektiv feststellen, dass d’Busser an d’Zich am ëffentlechen Transport ronderëm d’Auer propper sinn. Dat war virun der Coronapandemie net ëmmer de Fall. An der parlamentarescher Fro n°2083 hat de Mobilitéitsminister Auskonft ginn, wéi Desinfizéierung vum Fuermaterial am ëffentlechen Transport säit dem Ausbroch vun der Coronapandemie assuréiert gëtt. An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt: Opgelëscht no Materialkäschten a Personalkäschten, wéi vill huet dat zousätzlecht Botze vum Fuermaterial (Bus, Zuch, Tram, Funiculaire, Garen, Arrêten) säit…

  • Questions parlementaires

    Demande de congé pour raison familiales (COVID-19) – Nofro

    Den Aarbechtsminister huet mir op meng dringend Fro n°2262 iwwert d’Demande de congé pour raison familiales (COVID-19) Folgendes geäntwert: “”Et ass kloer, dass all dei vum honorablen Deputeierten opgezielten administrativ Demarchen net ëmmer an engem Dag kënne gemaach gin, dofier ass et och meiglech den Certificat, bzw d’Piècen dei dozou gehéieren, nozereechen fir den Dossier ze kompléteieren. Den Certificat deen de Patron spéider gescheckt kritt, ass par contre unzegesin wei e Krankeschäin am Sënn vun den Artiklen L.234-53 an L.234-54 vum Code du travail, sou dass den Salarie vun engem méiglechen Licenciement während der Zäit wou hien am Congé pour raisons familiales ass, geschützt ass.” ” Dëst ass sécherlech wouer am…

  • Questions parlementaires

    Militärtransportfligeren

    An de lëschte Woche konnt ee verstäerkt Militärfligeren am Landeuflug op de Findel gesinn. Déi Maschinne sinn awer net op den ëffentleche Radaren ze fannen, déi all Bierger consultéiere kann. An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt: Kann den Här Minister erklären ëm wei eng Flich et sech gehandelt huet? Wat gouf an de Militärmaschinnen transportéiert? Wéi vill där Flich sinn am Abrëll an am Mee 2020 zu Lëtzebuerg ukomm a fortgeflunn? Dir als Minister sot reegelméisseg et wär wichteg, fir ëmweltschounend souwéi méiglechst am geräischreduzéiert Fligeren um Findel landen ze loossen. Wéi ass hei d’Bilanz (CO2 a Kaméidi an Dezibel bei Start/Landung) vun esou Militärtransportfligeren? Ënnerleien…

  • Questions parlementaires

    Reouverture vum HORESCA-Secteur

    Den Tourismus- a Gastronomiesecteur ass fir d’Gemengen op der Musel mat ee vun de wichtegste Wirtschaftssecteuren. Wärend op der anerer Säit vun der Musel déi däitsch Betriber vum Feierdag souwéi de folgende Bréckendeeg profitéiere konnten, hunn d’Betriber op dëser Säit vun der Musel keng Méiglechkeet gehat hier Dieren opzemaachen an hunn esou missten nokucke wéi um anere Bord vun der Musel d’Clientë bei waarme Wierder op den Terrasse souzen. De Buergermeeschter vu Réimech, Jacques Sitz, huet et wie follegt beschriwwen: “”Mat de Buergermeeschteren aus de Grenzgemengen si mir streide gaangen, fir dass d’Grenzen nees opginn. Dat ass jo elo geschitt an dat ass och schéin. Dat ass eng Säit vun…