Déiere bei 40°C ouni Schiet?

Verschidde Bierger ronderëm d’Land hunn an de leschten Deeg drop opmierksam gemaach, dass vill Zuuchtdéieren, déi op de Wisen stinn, keen Ënnerdaach hunn a wärend d’Spëtztentemperature vu bal 40°C am Schied an der praller Sonn stinn. 

Den Artikel 4 Punkt 3 vum Déiereschutzgesetz gesäit vir, dass jiddereen, deen en Déier hält, dofir suerge muss, dass d’Temperature vum Déier u seng Aart adaptéiert muss sinn. Wa Kéi, Päerd a Geessen an der praller Mëttegsonn stinn, ass dës Konditioun mat grousser Wahrscheinlechkeet net méi erfëllt.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Ass de Landwirtschaftsminister a Kenntnis dovunner, dass queesch duerch d’Land Déieren op de Felder an der praller Sonn stinn? Consideréiert de Minister dës als ee Verstouss géint d’Déiereschutzgesetz vun 2018? 
  2. Huet de Minister am Kontext vun der aktueller Hëtztwell iergendwellech Kontrolle vum Déiereschutzgesetz duerchgefouert? Falls nee, firwat consideréiert de Minister dass zu Lëtzebuerg all Déieren adequat virun den héijen Temperature geschützt sinn?
  3. Verschidden Notzdéiere grasen op Grondstécker, déi Deel vun enger Zone Verte sinn. Kann d’Ministesch fir Ëmweltschutz confirméieren, dass an dem Fall d’Demanden, fir ee mobillen Iwwerdaach opzestellen, vum Ministère refuséiert ginn? 
    • Falls jo, aus wéi enge Grënn? 
    • Wäert d’Regierung heizou nach dëse Summer eppes ënnerhuelen?

Indemnitéite fir d’Fräiwëlleger vum CGDIS

Am Februar hate mir bei der Inneministesch nogefrot, wou d’Indemnitéiten fir Fräiwëlleger vum CGDIS bleiwen. Mir goufen informéiert, dass nach ëmmer Onreegelméissegkeete bei den Iwwerweisungen vum CGDIS virkommen. Dofir hu mir der Ministesch nach eng Kéier e puer Froe gestallt. Hei ass d’Fro:

A menger parlamentarescher Fro n°429 haat ech d’Madamm Ministesch iwwert d’Ausbezuele vun den Indemnitéite fir d’Fräiwëlleger vum CGDIS befrot. An hirer Äntwert hat si deemools geschriwwen, d’Ausbezuele vun der Indemnisatioun vun 1€/Stonn fir d’Permanence géif am Enn Abrëll ausbezuelt ginn. Wéi verschidde Fräiwelleger mir awer beriicht hunn, krute si eréischt am Mee hir Indemnisatiounen ausbezuelt. Doriwwer eraus ass, mengen Informatiounen no, d’Nobezuelung vun der Indemnitéit fir en Asaz vun 2018 nach ëmmer net ausbezuelt ginn.

Vill Fräiwëlleger wëssen doriwer eraus nach ëmmer net a wéi engen Zäitintervallen d’Indemnisatiounen ausbezuelt ginn a reegen sech doriwwer op, dass hinnen nach keng konkret informatiounen dozou virleien.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Bis wéini kënnen d’Benevolle mat der retroaktiver Ausbezuelung vun der Indemnitéit fir en Asaz rechnen? Gëtt de Montant vun der Indemnitéit op den Asaz berechent oder pro Stonn pro Asaz?
  2. Wéi gesäit de Cadencier vum Ausbezuele vun den Indemnitéite beim CGDIS aus? A wéi engen Intervallen kennen d’Fräiwëlleger mat hiren Indemnisatioune rechnen? 
  3. Ginn déi eenzel Indemnitéiten, déi d’Madamm Ministesch an hirer Äntwert op meng vireg Fro oplëscht, zesumme verséiert oder no Indemnitéit? Wat ass d’Begrënnung dofir?
  4. Kann d’Madamm Ministesch confirméieren, dass déi Indemnitéiten, déi si fir Abrëll ugekënnegt hat, eréischt am Mee ausbezuelt goufen? Falls jo, wat war de Grond vun der verspéidener Iwwerweisung?
  5. “De CGDIS huet seng informatesch Programmer fir d’Erfaasse vu Stonnen, sou wéi fir d’Bezuele vun de geleeschte Stonnen moderniséiert an optimiséiert. Dëse Prozess huet elo e bëssen gedauert, ma et sief drun erënnert datt dëst de Fräiwëllegen awer an Zukunft nëmme kann zegutt kommen. Duerch déi nei informatesch Systemer wäert sech d’Beaarbechtungszäit vun den Indemnitéiten an Zukunft enorm reduzéieren!” (Äntwert vun der Madamm Ministesch op d’Fro n°429)

    Kann d’Madamm Ministesch confirméieren, ob de System fir d’Erfaasse vu Stonnen, Stand haut, schonn asazbereet ass an de Fräiwëllegen zegutt kennt? Kann d’Ministesch och erklären, wéi dëse System fonctionnéiert?

Nofro zur Besteierung vu Fluchhafenaktivitéiten

Op eis Fro, ob d’Regierung Wëlles huet Kerosin ze besteieren, krute mir nawell e puer Äntwerten. Mir wollten awer nach weider Detailer zu der Regierung hirer Strategie fir de Findel kréien. Hei ass eis Nofro.

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministere fir Mobilitéit, Emwelt, Klima a nohalteg Entwécklung & Wirtschaft weiderzeleeden.

An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°780 huet d’Regierung hir Positioun iwwert d’Besteierung vu Fluchreesen erkläert, ouni sech dobäi op eng konkret Mesure festzeleeën. D’Regierung verweist op d’Siche vun enger europäescher Solutioun.

D’Regierung erkläert weiderhin “datt d’Externalitéiten vun de verschiddenen Transportmëttele solle korrekt berücksichtegt ginn a sech an dem entspriechende Präis erëmspigelen.” Domat beäntwert si mir awer net meng Fro, ob si aschätzt, dass potenziell Ëmweltmesüren an déi dovun ausgoend potenziell Präiserhéijungen d’Mobilitéit vu sozioekonomesch méi schwaachen EU-Bierger net beanträchtege wäerten?

Des Weideren ass d’Regierung och net op d’Opportunitéit vun enger Impaktetüd vun enger Kerosinsteier fir de Findel agaangen.

Um leschte Punkt vu menger Fro verweist d’Regierung op eng europäesch Steier fir de Fluchverkéier anzedämmen, mee ëmgeet domadder meng Fro zu de Passagéierzuelen um Findel.

Et bleiwen also nach gewëssen Onkloerheeten, ob d’Regierung fir déi nächst Joren ee konkrete Plang fir de Findel virweise kann.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Aus menger leschter Fro: Wéi steet d’Regierung zu der Ausso, dass potenziell Ëmweltmesüren an der Fluchindustrie an déi dovun ausgoend potenziell Präiserhéijungen d’Mobilitéit vu sozioekonomesch méi schwaachen EU-Bierger verschlechtere wäert? Anescht formuléiert: ass d’Regierung bereet Ëmweltmoossnamen, och an der EU, ze ënnerstëtzen, wëssend, dass eng Steigerung vun de Fluchpräisser de Passagéier mat klengem Portmonni benodeelegt?
  2. Bezitt sech d’Tarifikatioun, déi d’Regierung am éischte Punkt vun hirer Äntwert ernimmt, och op de Cargoberäich?
  3. Vu, dass d’Regierung aktuell nach keng eegen Impaktetüd vu verschiddenen Zeenarie fir de Findel erstallt huet, wär et net opportun an nächster Zäit esou Analysen an Opdro ze ginn fir preparéiert un d’Saachen unzegoen?
  4. D’Regierung schreift an hirer viregter Äntwert vun engem exterme Wuesstum vum Flugverkéier. 
    • Ab wéi enger Quantitéit definéiert sech ee Wuesstem als “extrem”?
    • Consideréiert d’Regierung de Wuesstem um Findel als extrem?
  5. Wéi wichteg ass de Fluchhafe Findel fir d’lëtzebuergesch Wirtschaft? 
    • Wéi vill Aarbechtsplazen (direkt an indirekt) si mat den Aktivitéite vum Fluchhafen verbonnen?
    • Wéi vill Steierrecettë generéiert de Staat all Joer duerch d’Aktivitéiten vum Fluchhafen?

Mat déiwem Respekt,
Marc Goergen
Député

Firwat gëllt d’Tempolimitt 90 bei Hëtztwellen och fir Elektroautoen?

Mir hunn der Regierung d’Fro gestallt, ob dat aktuellt Gesetz iwwert d’Tempolimitt bei héijen Ozonwäerter net misst iwwerschafft ginn. Hei ass eis Fro:

Här President,

Sou wéi den Artikel 84 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dringend parlamentaresch Fro un d’Ministere fir Mobilitéit & Energie weiderzeleeden.

Bei héijen Temperaturen am Summer ass et gängeg, dass d’Tempolimitt op den Autobunnen op 90km/h reduzéiert gëtt, wann d’Ozonwäerter de Schwellewäert vun 160 Mikrogramm iwwerschreiden. Dëst ass och am Artikel 156 Punkt 3 vum Code de la Route festgehalen. Etüden no soll eng Reduzéierung vun der Geschwindegkeet den Ausstouss vu gëftege Gaser, dorënner de NOX3, bemierkbar reduzéieren. D’Benotze vun Elektroautoen geet natirlech nach ee Schrëtt méi wäit, well hei keng Gaser ausgestouss ginn.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Ass de Mobilitéitsminister der Meenung, dass den Artikel 156 Punkt 3 Sënn mëscht fir Elektroautoen?
  2. Ass d’Regierung der Meenung, dass een zum Artikel 156 Punkt 3 eng Exzeptioun fir Elektroautoen aféiere misst? Falls nee, kéint den Här Minsiter erkläeren firwat net?

Mat déiwem Respekt,
Marc Goergen
Députéierten

Enn vun Windows 7

De 14. Januar 2020 wäert de Support fir d’Betribssystem Windows 7 stoppen. Ab dësem Moment wäerten dem Endnotzer vu Windows 7 keng Sécherheetsupdaten méi zur Verfügung gestallt ginn.

Organisatiounen, déi speziell Firmelizenze kaaft hunn, kënnen dogéint weider ee Support kréie, wann d’Organisatioun dëse Service bezilt.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Opgelëscht pro Ministère, op wéi ville Computeren ass aktuell ee Windows 7 Betribssystem installéiert? Op wéi ville vun dëse Computere gëtt Windows 7 nach benotzt? 
  2. Besëtzt d’Regierung fir d’Joer 2020 eng Alternativ zu de Windows 7 Lizenzen?
    • Falls jo, wéi ee Betribssystem wäert d’Regierung asetzen? Wéi vill kascht d’Ersetze vun alle Windows 7 Lizenzen?
    • Falls nee, wäert d’Regierung mat Windows 7 weiderfueren? Huet d’Regierung vir, dëse Support ze bezuelen a falls jo,mat wéi enge Käschten rechent de d’Regierung?
  3. Vu, dass d’beim Staat aktuell 99% vun de Betribssystemer op Windows lafen (Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°484) an d’Regierung aktuell keng Efforte wäert maachen d’Betribssystemer op Open Source ëmzestellen (Refus vun der Open Source Motioun vun de Piraten vum 3.7.2019), wéi vill Sue wäert de Staat bis 2023 all Joer fir d’Windows Lizenze bezuelen? Bis wéini sinn déi aktuell WIndows Lizenzen nach gëlteg?

Note: bei eiser leschter Fro hunn d’Ministeren sech net getraut, eis de Gesamtmontant ze nennen. Bei 25€ pro Computer mëscht dat bei 1500 Computere ronn 37.500€ fir d’Joer 2020. No den Informatiounen um Netz, wäert sech dëse Präis bis 2023 all Joer verduebelen, soudass de Staat (bei gläicher Unzuel u Computeren bis 2023) folgend Ausgaben hätt:
2020: 37.500€
2021: 75.000€
2022: 150.000€

TOTAL: 262.500€

Nott: bei eiser leschter Fro hunn d’Ministeren eis net de Gesamtmontant genannt. Mir hunn dat nogerechent:

Bei 25€ pro Computer bei 1500 Computere komme mir op 37.500€ Ausgaben fir d’Joer 2020. No den Informatiounen um Netz, wäert sech dëse Präis bis 2023 all Joer verduebelen, soudass de Staat (bei gläicher Unzuel u Computere bis 2023) folgend Ausgaben hätt:
2020: 37.500€
2021: 75.000€
2022: 150.000€

TOTAL: 262.500€

Nofro: Social Media Accounts vu Ministeren

Facebook, Twitter, Instagram. Vill vun de Ministerinnen a Minister sinn op Social Media aktiv. Mer hunn de Staatsminister gefrot, wéi d’Benotzung vu Social Media ënnerhalb vun der Regierung gereegelt ass.

An der parlamentarescher Fro n°633 hat ech de Premierminister a Minister fir Kommunikatioun a Medie gefrot, wéi d’Deelen oder d’Publizéiere vu Werbung op Social Media ënnerhalb der Regierung gereegelt ass. De Premierminister huet doropshin op den Artikel 78 vun der Konstitutioun verwisen, dee beseet, dass d’Ministere fir hir Aktioune responsabel sinn. Och wann juristesch gesinn d’Akte vun de Ministeren domadder eng Base légale hunn, ass domadder net meng zweet Fro beäntwert, ob all Regierungsmember seng Werbung och selwer verwalt.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Iwwerhuelen déi eenzel Regierungsmemberen d’Käschte vun hiren online Beiträg selwer oder benotzen si dofir Ressourcë vum Staat (Fonctionnairen, Personal oder Budget)?
  2. Falls ee Budget fir d’Promotioun vun de Ministeren op Social Media virgesinn ass, wéi héich ass dëse fir all Minister? 
  3. Ginn d’Regierungsmemberen an iergendwellecher Form vun internen oder externe Beroder an der Gestioun vun hire Social Media Accounts ënnerstëtzt? Falls jo, geschitt dëst op Base vum Staatsbudget?
  4. Existéiert ënnerhalb vun der Regierung ee Code de Deontologie, deen d’Benotze vu Social Media vun den eenzele Ministere reegelt? 
  5. Ass den Här Premierminister der Meenung, dass d’Regierungsmemberen onbegrenzt Gebrauch vum Artikel 78 vun der Konstitutioun maache solle fir zum Beispill bekannt ze maachen, dass si eng aner Meenung, wéi déi vun der Regierung vertrieden? 
  6. Ënnerstëtzt den Här Premierminister och, dass de Numm vu grousse Versécherungsgesellschaften oder de Numm vu Schongbutteker, mat deene Ministeren eng wirtschaftlech Verbindung hunn, an esou Beiträg optauchen?

Mat déiwem Respekt,
Marc Goergen
Députéierten

Eng Fro zu eiser Kannerbetreiung

Elteren hunn et net einfach zu Lëtzebuerg. Engersäits wëll d’Regierung, dass jiddereen an engem Stot schaffe geet. Op der anerer Säit schränken d’Auerzäite vun de Crèchen d’Elteren immens an. Net jidderee schafft 8h00-17h00! Mir brauchen eng Kannerbetreiung, déi méi laang wéi 19h00 op huet. Mir wëlle vun der Regierung wëssen, wéi et weidergeet:

An de leschte Joren huet d’Regierung eng sëlleche Schrëtt ënnerholl fir d’Kannerbetreiung zu Lëtzebuerg méi accessibel ze maachen. D’Famillje goufe finanziell entlaascht andeems d’Kannerbetreiungsstrukturen (Crèchen, Maisons relais, Foyer du Jour) duerch Bäihëllefe vum Chèque Service Accueil (CSA) méi abordabel gemaach goufen. Des Weidere steigt d’Unzuel u Betreiungsstrukturen konstant, wat et ëmmer méi Elteren erlaabt Gebrauch vun dëse Servicer ze maachen. 

Leider ass et esou, dass d’Ëffnungszäite vun de Crèchen et villen Eltere nach ëmmer schwéier bis onméiglech maachen, d’Strukturen ze notzen. Ee Groussdeel vun de Crèchë maache fréistens um 6h30 hir Dieren op a schléisse schonn um 18h00, voire 19h00. Och d’Dagesmammen an d’Mini-Crèchen, déi dacks méi kaschten, wéi d’Crèchen, decken dëse Manktem net. Ee groussen Deel vun eiser Gesellschaft schafft leider net no de klassesche Büroszäiten vun 8h00-17h00, mee och bis 20h00 oder méi spéit.

D’Madamm Ministesch fir d’Famill huet an der Chamberssëtzung vum 18. Juni 2019 hir Positioun verdeedegt, dass d’Fra net muss wielen tëscht schaffe goen a Kanner kréien, mee dass si sech mat Hëllef vun der staatlecher Kannerbetreiung emanzipéiere kann. Déi aktuell Auerzäiten an de Kannerbetreiungsstrukturen stinn dëser Visioun allerdéngs aktuell am Wée.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Besëtzt d’Regierung Kenntnis dovunner, dass d’Auerzäiten, déi aktuell an der Kannerbetreiung existéieren, et ville Mënschen net erlaabt Gebrauch vun de Kannerbetreiungsstrukturen ze maachen? 
  2. Fir wéi vill Kanner gouf 2017, 2018 an 2019 eng Demande fir den CSA gemaach? Wéi vill Kanner, deenen hir Demande akzeptéiert gouf an déi esou vum CSA profitéiere kéinten, sinn aktuell net an enger Kannerbetreiungsstruktur ageschriwwen?
  3. Wéi vill Kanner profitéieren aktuell vum CSA? Mat wéi ville Kanner rechent d’Regierung fir d’Joren 2020 an 2021?
  4. Wäert d’Regierung eppes ënnerhuele fir d’Ëffnungszäite vu Kannerbetreiungsstrukturen un d’Besoine vun der Bevëlkerung unzepassen? Wäert d’Regierung heizou legiferéieren? Huet d’Regierung schonn Bäihëllefe, déi méi laang Ëffnungszäiten promouvéieren, als Optioun consideréiert?
  5. Wéi vill Demande goufe säit dem leschtem Joer fir Mini-Crèchen agereecht? Wéi vill vun deenen Demandë goufen accordéiert? Ass d’Regierung der Meenung, dass dës Mesure de Problem vun den Auerzäite geléist huet oder a noer Zukunft léise wäert?

Alexa, Siri, Google: ween lauschtert mat?

An zwou parlamentareschen Ufroen froen de Marc Goergen an de Sven Clement d’Regierung, ob a wéi Sproochassistenten zu Lëtzebuerg hir Notzer oflauschteren. D’Fro vum Sven ass un de Justizminister an de Minister fir Bannenzeg Sécherheet geriet, d’Fro vum Marc bezitt sech op de Volet Konsumenteschutz. Hei ass d’Fro vum Marc Goergen :

Eng Réi parlamentaresch Ufroen an Däitschland hunn opgeworf, dass déi däitsch Bundesregierung sech iwwert de Bundesnachrichtendienst een Accès op Sproochassistenten a Privatstéit verschafe kann, ob Alexa, Siri  oder Google. Verschidde Sproochassistenten zeechnen net nëmmen d’Befeeler op, déi de Besëtzer him gëtt, mee lauschteren permanent ouni Zoustëmmung d’Ëmgéigend of. Falls dës Methodik wouer ass, handelt et sech ëm een déiwen Agrëff an déi europäesch a lëtzebuergesch Grondrechter souwéi eng Verletzung vum Konsumenten- an Dateschutz. 

Dowéinst, dass d’Regierung sech opgrond vum SREL-Gesetz net ëffentlech zu Froen betreffend dem Fonctionnement vum SREL äussere kann, beschränken ech meng Froen op d’Eegenschafte vu Sproochassistenten, déi éischter an d’Kategorie vum Konsumenten- an Dateschutz falen, och wann eng Ausnotzung vu staatlechen Instanzen, wéi dem SREL, natierlech besuergneserreegend ass.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Besëtzt d’Madamm Konsumenteschutzministesch Kenntnis dovunner, dass Sproochassistenten, déi zu Lëtzebuerg ugebuede ginn, permanent Daten iwwert hiert Ëmfeld asammelen, och wann de Benotzer guer net domadder informéiert ass? Kann d’Ministesch d’Existenz vun der Praxis confirméieren? Wäert si heizou zu Lëtzebuerg investigéieren? 
  2. Ass d’Madamm Ministesch fir Konsumenteschutz der Meenung, dass een als Verbraucher ee Recht dorobber huet iwwert all d’Informatioun an Eegenschaft vun engem Produkt am Virfeld Bescheed ze wëssen? 
    • Ass dëst beim Gebrauch vu Sproochassistenten, wéi bei Alexa, de Fall?
  3. Deckt eng Zoustëmmung vun den AGB of, dass de Sproochassistent och ausserhalb vun der Notzung d’Ëmgéigend ouni Begrenzung oflauschtere kann? Ass des Praxis konform mam Dateschutzgesetz vun 2018 an dem EU-Dateschutzreglement vun 2016? 
  4. Ass d’Regierung der Meenung, dass Produkter, déi zu Lëtzebuerg verdriwwe ginn, dat lëtzebuergescht Dateschutzgesetz vun 2018 befollege mussen? 
  5. Bei digitalen Inhalter existéieren aktuell eng Unzuel u Variabelen bei deenen d’Gesetzer iwwert de Konsumenteschutz oder den Dateschutz un hir Grenze stoussen, dorënner zum Beispill Serveren, déi ausserhalb vun der EU stinn a bei deenen den Dateschutz net gräift oder de Fakt, dass vill digital Produkter vu Firmen ausserhalb der EU stamen an esou d’Konsumenteschutzreegelen heiansdo ausgehiewelt ginn.Ass d’Regierung der Meenung, dass mir zu Lëtzebuerg souwéi an der EU mat Bezuch op digital Produkter
    1. aktuell eng ausreechend Rechtslag am Dateschutz souwéi am Konsumenteschutz besëtzen? Falls jo, wéiass de genannte Fall vun de Sproochassistenten ze erklären?
    2. aktuell déi néideg Kapassitéite besëtze fir d’Rechter vum Dateschutz a vum Konsumenteschutz hei duerchzesetzen?

Mat déiwem Respekt,
Marc GOERGEN
Député

Ëmsetzung vum Integratiounsplang

De Nationale Plang fir Integratioun (Pan intégration) ass den 13te Juli 2018 am Regierungsrot ugeholl ginn. D’Zil vun dësem Plang ass et déi sozial Kohäsioun tëscht Lëtzebuerger a Net-Lëtzebuerger, dorënner falen och d’Flüchtlingen, hei am Land ze stäerken. Ausser der Existenz vun de grousse Linnen sinn bis haut awer nach keng Eenzelheeten zur Ëmsetzung vum PAN intégration bekannt. 

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Wéi eng Virdeeler bréngt de Nationale Plang fir d’Integratioun op kommunalen a nationalen Niveau fir DPI’en a BPI’en mat sech?
  2. Wéi eng Roll spillen d’Office sociaux an der Ëmsetzung vum PAN Integratioun? Wéi eng exakt Aufgaben faallen den offices Sociaux aus den Aktiounsdomäner vum PAN intégratioun zou? Wéi ginn d’Offices sociaux bei dësen Aufgaben vum Ministère ënnerstëtzt?
  3. Am Budget 2019 gëtt de Nationale Plang fir d’Integratioun mat 2,5 Milliounen Euro dotéiert. Wéi eng Projete solle mat dëse Sue finanzéiert ginn? Goufe schonn Appel à projets lancéiert? Falls jo, wéi eng sinn dat a wat sinn d’Zäitfristen? 
  4. Ass d’Regierung der Meenung, dass de LISKO den adaptéierten Outil ass fir d’Begleedung an d’Integratioun vun de BPI’en?
    • Falls jo, wat ass den zentrale Schwéierpunkt vun dësem Service ? 
    • Wéi eng finanziell, personell a materiell Ressourcë stinn dem LISKO zur Verfügung?  
      • Wéi eng vun dëse Ressourcë ginn dem LISKO am Kader vun der Konventioun mam Ministère bereetgestallt?
      • Ass d’Regierung der Meenung, dass des Ressourcë fir d’Erfëlle vun de Missioune vum LISKO duer ginn? 
    • Ass d’Madamm Ministesch der Meenung, dass eng Dezentraliséierung beim LISKO ubruecht wär?
  5. Ass d’Madamm Ministesch der Meenung, dass d’Zesummenaarbecht tëscht den Acteuren, déi an der Integratioun schaffen, verbessert kéint ginn? 
    • Falls jo, wéi kann een d’Kommunikatioun tëscht dem OLAI (oder der spéiderer ONA), dem LISKO, den Office Sociaux an aneren Intervenant’en verbesseren? 
    • Wéi steet d’Regierung zur Iddi fir de Comité interministériel, den am Artikel 6 vum Integratiounsgesetz virgesinn ass, ze erweideren a Vertrieder vun der Zivilgesellschaft mat eran ze huelen?

Gëtt d’sexuell Orientéierung a staatlechen Datebanken opgefouert?

Am Kader vun eisen Investigatiounen iwwert d’Datebanke beim Staat (Parlamentaresch Fro vum Sven Clement) hu mir spezifesch nach wollte wëssen, ob an iergendenger vun den Datebanken Donnéeën iwwert déi sexuell Orientéierung beim Staat virkommen a falls jo, ob dëst vu Noutwennegkeet ass.

Hei ass eis Fro:

D’Piraten hunn an der parlamentarescher Ufro n°880 d’Regierung gefrot, wéi eng Datebanken insgesamt beim Staat existéieren a wéi eng Donnéeën hei gespäichert ginn. Et ass mir awer een Uleies komplementär dozou an am Kader vun den LGTBIQ-Rechter ze froen, ob an iergendenger vun den Datebanken beim Staat Donnéeën iwwert d’sexuell Orientéierung vun den agedroene Persounen opgefaasst sinn. 

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Ginn et Datebanken beim Staat, an deenen d’sexuell Orientéierung vun den agedroene Persounen als Kategorie opgefaasst ass? Falls jo, a wéi engen Datebanken ass dëst de Fall? 
  2. Falls Informatiounen iwwert d’sexuell Orientéierung vu Persoune an staatlechen Datebanke existéieren, ass d’Regierung der Meenung, dass d’Späichere vun dësen Informatiounen an ëffentlechen Institutiounen an Administratiounen vu Relevanz a Noutwennegkeet ass?
    • Falls jo, a wéi enge Fäll ass d’Späichere vun dësen Donnéeë relevant a noutwenneg?
    • Falls nee, ass d’Regierung bereet eng Revisioun vun allen Datebanken duerchzeféieren an d’Informatiounen, déi op eng sexuell Orientéierung hindeiten, ze läschen?