Atomwaffen an Europa

Mer wëlle vun der Regierung wëssen, wat si aktiv géint d’Stationéierung vun Atomwaffen an Europa ënnerholl hunn an ënnerhuele wäerten. Als Pirate schwätze mer eis ganz kloer géint d’Präsenz vu nukleare Waffen aus. D’Zil vun der Mënschheet muss eng Welt ouni Atomwaffe sinn!

Am Kader vum 70-järege Jubiläum vun der NATO huet den Här Verdeedegungsminister an engem Interview am Journal vum 4. Abrëll 2019 gesot, dass mer an eiser haiteger Welt d’NATO ëmmer nach brauche fir eis europäesch Wäerter ze verdeedegen. Dës Verdeedegung huet awer ee bestëmmte Präis: zum enge misst all NATO-Memberland 2% vum Bruttoinlandprodukt fir d’Verdeedegung ausginn, zum anere verflicht all NATO-Staat sech zur “nuklearen Teilhabe”, wat d’Stationéierung vum US-Atomwaffenarsenal um europäeschem Territoire zur Folge huet.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • 1. Wéi eng Positioun vertrëtt d’Regierung ugesiichts der Präsenz vun engem nukleare Waffenarsenal an europäesche Länner? Ass d’Regierung der Meenung, dass Atomwaffen zur Sécherheet an a vun der EU bäidroen? 
  • 2. Wéi eng Mesuren huet Regierung säit 2013 um europäeschem Niveau géint d’Stationnéierung vun Atomwaffen um europäesche Kontinent ënnerhol? 
  • 3. Wäert d’Regierung sech an Zukunft géint d’Stationéierung vun Atomwaffen an Europa asetzen? Falls jo, wéi eng Aktivitéite sinn hei virgesinn?
  • 4. Ass d’Regierung der Meenung, dass d’Verdeedegung wéinst den Défaillancë vun der NATO virun allem misst op EU-Niveau gereegelt ginn?

Nofro iwwert d’Sécherheet vum CFL-Personal

An eiser Fro iwwert d’Sécherheet vum CFL-Personal QP-Secherheet CFL kruute mer leider net op all eis Froen eng Äntwert. Mer fannen awer, dass den Här Minister Bausch dem CFL-Personal eng Äntwert schëlleg bleift. Mer froen dofir nach eng Kéier no:

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Mam Réckbléck d’Sécherheetsmesuren, déi den Här Minister mer am Kader vun der parlamentarescher Fro
    n°520 opgelëscht huet, ass den Här Minister der Meenung, dass dës Mesuren ausräichend waren?
  2. Wéi eng zousätzlech Mesurë gedenkt den Här Minister nom leschten Tëschefall ze ënnerhuelen, fir
    d’Sécherheet vum Personal, virun allem bei Nuetszich, ze erhéijen?

iPads fir Schüler: Ee vergëfte Kaddo?

De Bildungsministère wëll, dass all Schüler zu Lëtzebuerg säin eegenen iPad kréie soll. Mer froen eis, ob et net sënnvoll gewiescht wär, op Open Source a modulär Tabletten ze setzen aplaz ee Produit vun engem Massenhiersteller ze promovéieren? Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

De Bildungsminister hat ugekënnegt, dass an Zukunft all Schüler zu Lëtzebuerg seng eegen Tablett kritt. Dës Tablett soll d’Pabéiermaterial, wéi Bicher a Blieder, ersetzen an d’Schüler den Ëmgang mat aktuellen Technologië bäibréngen. Nieft der dem Sënn an dem Käschtenopwand vun dësem Projet, stellt sech am Iwwregen d’Fro vun der Nohaltegkeet vum Tablett, well de Choix op den iPad vun der Mark Apple gefall ass.

An der Äntwert zu menger parlamentarescher Fro n°411 iwwert d’Promotioun vun de Reparatioune gouf ech vun der Regierung frëndlech op de Programmpunkt “Environnement humain – Economie circulaire et ressources” vum Koalitiounsaccord verwisen: “L’économie circulaire innovante sera promue, pour que les produits et les ressources soient utilisés aussi longtemps que possible. À l’avenir, les déchets doivent être considérés comme une ressource. La réparation, la réutilisation et le recyclage de produits doivent devenir la règle. Par conséquent, les conditions-cadres pour le fonctionnement de l’économie circulaire seront améliorées.”

An deem Zesummenhang wéilt ech der Regierung dës Froe stellen:

  1. Goufen et fir d’Planung, d’Organisatioun an d’Ëmsetzung direkt Kontakter tëscht engem Minister an der Firma Apple? 
    1. Falls jo, kann d’Regierung eng Lëscht mat de Kontaktpersoune souwéi allen Entrevuë mat der Firma Apple oppeleeën?
    1. Falls nee, bei wéi engem Fournisseur gëtt d’Tablette akaaft a wat sinn d’Eenzelheete vum Kontrakt mat dësem Fournisseur (Präis, Garantien, Kontingenter)? 
  2. Aus wéi enge Grënn huet d’Regierung bei dësem Projet den iPad vun Apple gewielt? Goufen et eventuell nach weider Optiounen oder alternativ Produiten um Dësch? Falls jo, wéi eng?
  3. Ass d’Regierung der Meenung, dass d’Benotze vun enger gängeger Massenindustriehardware- a software eng Plus-value fir d’Bildung vun eise Schüler duerstellt an d’kritescht Denken, souwéi de responsabelen Ëmgang mat neien Technologien, fërdert? 
    1. Falls jo, wéi?
  4. Ass d’Regierung der Meenung, dass den Ëmgang mat Open Source Systemer eng Plus-value fir d’Bildung vun eise Schüler duerstellt?
    1. Falls jo, firwat goufe bei der Wahl vun den Tablettë net op Open Source Betribssystemer gesat? 
    1. Falls nee, wéi ee Stellewäert besëtzt Open Source an de Pläng vun der Regierung?
  5. Gesäit d’Regierung ee Risiko, dass duerch d’Wahl vun der Tablett vun Apple onbewosst Reklamm fir Produkter vun der Mark Apple gemaacht an de Konsument – an dësem Fall de Schüler – indirekt un d’Benotze vun engem Betribssystem gefesselt gëtt?
  6. Wéi wichteg sinn d’Nohaltegkeet an de responsabelen Ëmgang vu Ressourcë fir dës Regierung?
  7. Et existéieren um europäesche Marché nieft de klasseschen Tablettmarke modulär Telefonen an Tablettë ze kafen. Dës Produite besëtzen d’Virdeeler, dass se aus nohaltege Materialien hiergestallt gi sinn an d’Stécker eenzel ersat kënne ginn, wat et dem Konsument erméiglecht, käschtegënschteg säin Handy oder Tablett ze ersetzen. Hat d’Regierung an Moment vum Choix vun den iPads Kenntnis vu modulären Tablettë? Falls jo, aus wéi enge Grënn si modulär Tablettë net zeréckbehale ginn?
  8. Ass d’Regierung der Meenung, dass mam Choix vum iPad d’Chance verpasst ginn ass, een nohaltege Choix ze treffen deen dem uewe genannte Punkt vum Koalitiounsprogramm Rechnung gedroen hätt? 
    1. Falls jo, wäert d’Regierung an Zukunft ëmdenken? 

Falls nee, firwat net?

Ass d’Landepist um Findel sécher géint Aktivisten?

Den 23. Februar 2019 sinn Aktivisten, dorënner och eng amtéierend lëtzebuergesch Europadeputéierten, onautoriséiert op d’Landepist vum belsche Militärstëtzpunkt „Kleine Brogel“ gestiermt fir géint d’Stationéierung vun Nuklearwaffen an Europa ze demonstréieren. Mer wëlle vum Minister Bausch wëssen, ob de Findel am Fall vu sou engem Iwwergrëff sécher ass.

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministere fir Mobilitéit & Verdeedegung weiderzeleeden.

Den 23. Februar 2019 sinn Aktivisten, dorënner och eng amtéierend lëtzebuergesch Europadeputéierten, onautoriséiert op d’Landepist vum belsche Militärstëtzpunkt „Kleine Brogel“ géint d’Stationéierung vun Nuklearwaffen an Europa. Den Här Minister hat an dem Kontext dem Tageblatt gesot, hie géif et net gutt fannen, wann een onrechtsméisseg iwwert den Drot vun enger Militärbasis klotert. Generell ass et bedenklech, dass Ziviliste mat gewéinlechen Hausmëttelen, ewéi enger Lieder an engem Teppech, ouni Weideres op ee NATO Fluchhafen andrénge kënnen, op dem nuklear Waffe stationéiert sinn. 

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • 1.  Ass d’Regierung am Fall vun engem Iwwergrëff vun onautoriséierte Persounen op de Findel virbereet? Falls jo, duerch wéi eng technesch an administrativ Mesurë gëtt verhënnert, dass onautoriséiert Persounen iwwert den Drot, ënnendrënner oder duerch d’Manipulatioun vum Drot op den Territoire vum Findel gelaange kënnen? 
  • 2. Wéi héich ass den Drot, deen den Territoire vum Fluchhafe vum Findel ëmrond? Ënnert wéi eng Kritäre dës Héicht als sécher ze bewäerten?
  • 3. Kéint bei engem Iwwergrëff, wéi um “Kleine Brogel”, d’Sécherheet vun de Passagéier, dem Personal oder dem Flughafenmaterial a Gefor geroden? 
  • 4. Sinn nom Incident um “Kleine Brogel” d’Sécherheetsmoossname ronderëm an um Findel verstäerkt ginn? 
    • Falls jo, wéi eng Mesuren si getraff ginn a wat war de Käschtepunkt vun dësen?
    • Falls nee, firwat net? 
  • 5. Géif d’Regierung et begréissen, wann Aktivisten zu Lëtzebuerg iwwert de Sécherheetsdrot vum Findel géife klamme fir hir Positiounen an d’Medien ze bréngen?

Protokoller als Scheibenwischerdekoratioun

Den Disk vergiess, d’Parkverbuetsschëld net gesinn oder ze laang stoe bleiwen. All dat si Saachen, déi och engem gudden Autofuerer scho mol passéiere kennen. Wee Pech huet kritt dann ee gepäscht. Mee bezuele wierklech alleguerten hir Avertissement taxés? Mer hunn der Regierung heizou ee Pak Froe gestallt.

No der Prozedur vum Code de la Route a sengen zougehéierege Reglementer kann eng Infraktioun, wéi zum Beispill Falschparken, mat engem Avertissement taxé bestrooft ginn. Nieft der Police Grand-Ducale däerfen Gemengebeamten en Avertissement taxé dresséieren, wann se eng Infraktioun konstatéieren. Wéi vertraulech Quelle mer beriicht hunn, ginn et aktuell a verschiddene Gemengen erhieflech Schwieregkeete fir d’Montante vun den Avertissements taxés anzedreiwen. No mengen Informatiounen bezuelen Net-Residenten an enger gewësser Reegelméissegkeet hir Avertissements taxés net, well déi penal Prozedure vum Gesetz, aus engem Mangel u Ressourcë bei der Police, net ugewannt ginn. Dëst bedeit, dass een onbekannte Montant un Avertissements taxés nach als Recette oppe stoe bleift.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Opgelëscht no Joer vun 2013 bis 2019, wéi vill Avertissements taxés si vun 2013 bis 2019 dresséiert ginn? 
    • No der selwechter Oplëschtung, wéi vill Avertissements taxés si bezuelt ginn oder net bezuelt ginn? 
    • No der selwechter Oplëschtung, wéi vill Recettë sinn duerch d’Avertissements taxés an deene Jore generéiert ginn? 
    • No der selwechter Oplëschtung, wéi eng Recetten un Avertissements taxés sti bis Stand Abrëll 2019 nach oppen?
  2. Kann d’Regierung confirméieren, dass d’Avertissements taxés, virun allem bei Net-Residenten, vun 2013 bis Februar 2019, all agedriwwe gi sinn? Falls nee, aus wéi enge Grënn sinn se net agedriwwe ginn?
  3. Si beim Andreiwe vun den Avertissements taxés prozedural Ënnerscheeder tëscht Residenten a Net-Residenten gemaacht ginn? 
    • Falls jo, wéi gesäit d’Prozedur fir Residenten aus? Wéi gesinn d’Prozeduren fir Net-Residenten aus?
  4. Kann d’Regierung confirméieren, dass bestëmmten Avertissements taxés erreischt ab engem gewëssen Montant agedriwwe gi sinn? Falls jo, a wéi enge Fäll ass dëst bis elo zougetraff? 
  5. Am Koalitiounsprogramm steet geschriwwen: “Afin de renforcer le respect des règlements communaux, les compétences des agents municipaux seront élargies sur base du projet de loi existant.” (Säit 36). 
    • Wéi eng Grënn schwätze fir d’Ausbaue vun de Kompetenze vun de Gemengebeamten?
    • Wéi eng konkret Schrëtt sinn hei virgesinn? Falls de Punkt nach an der Analyse oder Evaluatioun ass, op wéi setzt sech dës Analyse oder d’Evaluatioun zesummen (Kritären, Ëmfang, Zäitplang)?
  6. Kéint de Minister fir Digitalisatioun an Administrativ Reform sech virstellen, d’Gemengebeamten méi an dë Prozess vum Andreiwe vun den Avertissements taxés matanzebannen an doriwer eraus d’Prozedur ze digitaliséieren? Wéi eng weider Schrëtt gedenkt den Här Minister  ze ënnerhuelen? 
  7. Ass d’Regierung der Meenung, dass d’Police Grand-Ducale an hirem aktuelle Fonctionnement mat hiren administrativen Aufgaben iwwerlaascht ass? 

Intransparenz an de Verwaltungsréit?

No engem Gesetz vun 1990 kann d’Regierung Fonctionnairen an d’Verwaltungsréit vu Firmae schécken, déi dem Staat gehéieren. Leider ginn et fir esou eng Nominatioun keng offiziell Kritären. Deemno verbitt dëst Gesetz et net, verschidde Fonctionnairë finanziell ze bevirdeelegen, wann d’Regierung et fir richteg hält. Mer wëlle vun de Ministere wëssen, wéi vill d’Wiel zustane kënnt, wéi vill Suen dës Fonctionnairen accordéiert kréien a wou dës Suen am Budget stinn. D’Pirate wëllen transparent Kritäre fir all Decisiounen, déi d’Regierung a Personalfroen trëfft.

A senger deemoleger Question parlementaire n° 605 vum 27. September 1996 hat den honorabelen DPDeputéierten Henri Grethen zum Applizéiere vun der Prozedur vum modifizéierte Gesetz vum 25. Juli 1990 nogefrot.

Nom aktuelle Gesetz kënne Beamten aus der Fonction Publique oder vun den Etablissements publics op Decisioun vum Regierungsrot an d’Verwaltungsréit vun Entreprisë mandatéiert ginn. Et handelt sech heibäi ëm Entreprisen an deenen de Staat Aktionär ass. D’Gesetz gesäit vir, dass d’Remuneratioun, déi d’Beamte kréie – am Gesetz ass vun “Émoluments” Ried – un de Staat weidergeleet ginn. De Regierungsrot entscheet Cas par Cas iwwert d’Héicht vun de Remuneratiounen, déi de Beamten ausbezuelt ginn.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Wéi héich waren d’Montante vun den “Émoluments”, déi säit 2010 vun den Entreprisen, an deenen de Staat Aktionär ass, un de Staat an un d’Etablissements publics ausbezuelt gi sinn (opgelëscht no Ministère an Etablissement public a Joer)?
  2. No der selwechter Oplëschtung wéi an der Fro 1, wéi héich waren d’Montanten u Indemnitéiten, déi Beamte vun der Fonction publique oder bei Etablissements publics säit 2010 vum Regierungsrot accordéiert kruten?
  3. Ënnert wéi enge Budgetsposte vum Budgetsprojet 2019 fënnt een d’Émoluments souwéi d’Indemnitéiten erëm?
  4. Ass fir d’Ernennung vun engem Beamten aus der Fonction publique een offiziellen Akt am Mémorial virgesinn? Falls jo, ëm wéi een Akt handelt et sech? Falls nee, ënnert wéi enger Form gëtt de Beamten d’Participatioun an de Verwaltungsréit vun Entreprisen autoriséiert?

Mannerjäreger a Prisongen

Zu Lëtzebuerg kënnt et nach vir, dass Mannerjäreger an déi selwecht Prisonge wéi Erwuessener placéiert ginn, wat no der UN-Kannerrechtskonventioun awer verbueden ass. Mer wëlle vum Minister Braz wëssen, wéi vill Kanner dovu betraff waren. 

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

Lëtzebuerg besëtzt aktuell ee Kannerschutzgesetz aus dem Joer 1992. D’UN Kannerrechtskonventioun, déi 1990 a Kraaft getruede war, ass dunn 1993 an der Chamber ratifizéiert ginn. Eng grouss Problematik stellt sech beim Emprisonnéiere vu Jugendlechen. Kannerrechtsorganisatiounen zu Lëtzebuerg warnen, dass Lëtzebuerg sech net un déi vun der UN etabléiert Reegelen hält. Sou kennt et ëfters vir, dass Mannerjäreger an déi selwecht Prisonge wéi erwuessenen Delinkuenten a Kriminelle placéiert ginn, obwuel am Artikel 37 Ofsaz c) vun der Kannerrechtskonventioun geschriwwe steet, dass “En particulier, tout enfant privé de liberté sera séparé des adultes, à moins que l’on estime préférable de ne pas le faire dans l’intérêt supérieur de l’enfant (…)”.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Fro stellen:

Opgelëscht no Joer a no Centre Penitentiaire, wéi vill Mannerjäreger sinn am Zäitraum vun 1992 bis 2019, wann och nëmmen temporär, an engem vun de Prisongen zu Lëtzebuerg placéiert ginn?

qp-goergen-mannerjareger-an-prisongen

De Sans-abrisme zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg sinn dat lescht Joer 17 Mënschen, déi keen Daach iwwert dem Kapp haten, verscheet. De Sans-abrisme zu Lëtzebuerg eng Realitéit. An awer bleift et een Tabu-Thema.

Mer wëlle vun der Madamm Ministesch Cahen méi zu dësen Zuele wëssen a froe gläichzäiteg, ob dat, wat d’Regierung fir de Sans-Abrisme ënnerhëllt, iwwerhaapt duer geet.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

An der Chamberssëtzung vum 18. Dezember 2018 sot d’Madamm Ministesch am Kader vun der Froestonn, dass kee Mënsch soll mussen zu Lëtzebuerg op der Strooss liewen oder schlofen. An der Realitéit gesäit een awer nach vill Mënschen an Obdachlosëgkeet op de Stroossen vun eisem Land schlofen. Wéi rtl.lu den 02.04.2019 beriicht, sollen am leschte Joer 17 Mënschen, déi sech an Obdachlosëgkeet befonnt hunn, verscheet sinn. Ugesiichts den Aussoe vun der Ministesch engersäits an dem ambitiéise Plang vum Familljen- an Integratiounsministère fir d’Lutte géint de Sans-Abrisme anerersäits, sinn dës Zuele besuergneserreegend.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

1. Besëtzt d’Madamm Ministesch Cahen Kenntnis vun dësen Zuele vun 2018 a ka Si dës confirméieren?

2. Falls dës Zuele stëmmen, aus wéi enge Grënn sinn dës Mënsche verscheet?

3. Ass d’Madamm Ministesch der Meenung, dass den aktuellen Aktiounsplang géint de Sans-Abrisme Mënschen an Obdachlosëgkeet genuch virun de Gefore vum Liewen op der Strooss schützt?

4. Wéi eng konkret Mesurë wäert d’Regierung an Zukunft ënnerhuelen, fir obdachlous Mënschen an Zukunft besser virun de Gefore vum Liewen op der Strooss ze schützen?

Mat déiwem Respekt,

GOERGEN Marc

Député

Wéi geet et weider mam Schantjen op der Péitenger Collectrice?

Zënter Méint steet ee Schantjen op der Péitenger Collectrice, mee et schéngt net weider ze goen? Mer wollte vum Minister Bausch wëssen, wourun dat läit.

Op der Collectrice vu Péiteng a Richtung Käerjeng ass schonn zënter Méint ee Schantjen, bei deem scheinbar keng Avancë gemaacht ginn. Et handelt sech heibäi ëm de Streckenofschnëtt vun der Avenue de l’Europe, déi an der Péitenger Gemeng tëscht de Weiere verleeft. Vu dass et sech ëm eng Nationalstrooss handelt, ass de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Baute fir dëse Streckenofschnëtt zoustänneg.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Wéi eng Aarbechten sinn um genannte Streckenofschnëtt virgesinn?
  2. Op wéi engem Dag ass dëse Schantjen opgaangen? Bis wéini ass d’Fäerdegstellung vun den Aarbechten geplangt?
  3. Sinn d’Aarbechten op dësem Schantje schonn ugefaange ginn? Falls jo, wéi eng Aarbechte si bis elo, ausser der Markéierung vun der Fuerbunn, bewältegt ginn? Falls nee, wéi eng Grënn verzögeren den Ufank vun den Aarbechten um Schantjen?

Mat déiwem Respekt,

GOERGEN Marc

Député

Plastiksverpackunge fir Geméis an Uebst?  

D’Pirate wëllen endlech ee Gesetz, dat den Asaz vu Plastik reegelt. Et ass un der Regierung, d’Reegelen ze definéieren, wéini Plastik benotzt däerf ginn a wéini net. Mer brauchen net op Gesetz vun der EU ze waarden, mer kennen elo scho selwer handelen, andeems mer ee Plastikgesetz erschaffen!

Den Här Minister Delles hat an der Kommissiounssëtzung vum 20te Mäerz, am Kader vum Suivi vun der Petitioun 1107 iwwert d’Reduzéierung vu Plastiksverpackungen, d’Ausso gemaacht, dass de Plastik am Eenzelhandel, zum Beispill bei Kornischongen (concombre), weiderhi benotzt soll ginn. Wéi d’Süddeutsche Zeitung an engem Artikel vum 21te Mäerz 2019 beriicht, huet Aldi ugekënnegt ab Abrëll 2019 op d’Plastiksverpackung bei Kornischongen ze verzichten. Intern Tester beim Discounter hätte bestätegt, dass duerch eng Upassung vun der Transportketten d’Qualitéit vum Produit och ouni Plastiksverpackung erhale bleift. D’Erspuernis fir den Discounter duerch dës Mesure beleeft sech op 120 Milliounen Tonne Plastik pro Joer.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Bleift den Här Minister Delles bei senger Ausso, dass Plastiksverpackunge bei Kornischongen net ewechzedenke sinn?
  • Ass den Här Minister der Meenung, dass d’Mesure, wéi den Discounter se applizéiert, och zu Lëtzebuerg ëmsetzbar wär?
    • Falls nee, firwat net?
    • Falls jo, kéint déi vum Discounter presentéierte Léisung och op aner Produiten applizéiert ginn?
  • Op der Säit 176 vum Koalitiounsprogramm präziséiert d’Regierung zum Thema Plastik: “Des alternatives seront élaborées en associant davantage le secteur du commerce.” Gedenkt d’Regierung de Gebrauch vum Plastik am Eenzelhandel, onofhängeg zu den EU-Direktiven, weider ze legiferéieren? Falls jo, wéini gedenkt d’Regierung de Gebrauch vu Plastik ze legiferéieren a wéi eng zousätzlech Mesurënn si virgesinn?
  • Huet d’Regierung scho Gespréicher mat de Vertrieder vum lëtzebuergeschen Eenzelhandel gefouert? Falls jo, wat waren d’Auskommen vun dëse Gespréicher am Hannergrond vun enger Reduzéierung vu Plastik am Eenzelhandel?
  • Ass den Här Minister Delles der Meenung, dass duerch eng Reduzéierung oder ee Verbuet vum Plastik am Eenzelhandel d’Produite präisstabil bleiwen?

Mat déiwem Respekt,

GOERGEN Marc
Député