Low Noise Augmentation System

Wéi d’Website airliners.de mellt, gëtt zu Frankfurt aktuell ee Fuerschungsprojet duerchgefouert, deen als Zil huet, de Kaméidi an den Dreifstoffverbrauch vu Fligeren ze reduzéieren. De sougenannten “Low Noise Augmentation System”,  ofgekierzt “LNAS”, reguléiert den Undriff vum Fliger duerch een exakt Virplange vum Of-an Ufluch ënner Matabezéie vu verschiddene Variabelen, wéi zum Beispill Wand– a Wiederconditioun. Doduerch soll de Kaméidi, dee vun engem Fliger ausgeet, op ee Minimum reduzéiert ginn. Och hei am Land si Mënsche vum Fligerkaméidi betraff an d’Regierung huet am Koalitiounsaccord Mesuren ugekënnegt, fir déi Betraffenen z’ënnerstëtzen.

An deem Zesummenhang hu mir dem MInister dës Froe gestallt:

  1. Huet de Minister Kenntnis vum LNAS an existéiert vu Regierungssäit aus een Intressi um Projet? 
  2. Gëtt et vu lëtzebuergescher Säit aus Interessi den LNAS an Zukunft och hei zu Lëtzebuerg anzesetzen?
  3. Wéi eng technesch Projekten ginn aktuell zu Lëtzebuerg duerchgefouert fir de Kaméidi, dee vu Fligeren ausgeet, ze reduzéieren?

Tankstell Steebrécken– ass dat Ëmweltpolitik?

An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°1303 schreiwen d’Ministeren, dass de Konzessionär vun der Tankstell op der A4 – beim Echangeur Steebrécken – gewiesselt huet. Wärend der Zäit vun den Aarbechten um Echangeur ass de Site vun der Tankstell gespaart. D’Ministere schreiwen, dass de Flux vu Clientë sech deementspriechend op aner Tankstellen op de lëtzebuergesche Grenze verréckelt huet. D’Bäibehale vun der Statioun um Echangeur Steebrécken gouf och am Regierungsaccord festgehalen.

An dem Kontext stellt sech d’Fro vun der Koherenz an der Kredibilitéit vun der Ëmweltpolitik vun der Regierung. Wëssend, dass den Tanktourismus grondsätzlech ee groussen Impakt op den ekologesche Foussofdrock vum Grand-Duché huet, kënnt d’Verlängerung vun der Konzessioun enger Ënnerstëtzung vum Tanktourismus gläich. Am Kader vun der aktueller Klimapolitik an der domat agoender Dekarboniséierung vum Transportsecteur stellt sech d’Fro vun der Noutwennegkeet den aktuellen Tankstellereseau bäizebehalen, voire auszebauen.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Aus wéi engem Grond gouf d’Statioun zu Steebrécken, nodeem d’Konzessioun vu Shell ofgelaf war, net zougemaach?
  2. Ass et aus Siicht vun der Regierung ëmweltbewosst, d’Unzuel un Tankstellen am Land z’erhalen? 
  3. Ass d’Regierung der Meenung, dass d’Unzuel un Tankstellen zu Lëtzebuerg misst reduzéiert ginn?
    • falls jo, wéi vill Tankstelle solle bis 2023 verschwannen? 
    • Falls, nee, wéi legitiméiert d’Regierung d’Kohärenz tëschent hirer Ëmweltpolitik, déi eng Dekarboniséierung zum Ziil huet, mat enger Erhalung, voire Erweiderung, vum Tankstelleréseauden säi Geschäftsmodell op Petrol baséiert?
  4. Am Koalitiounsaccord (Säit 161) schreift d’Regierung iwwert Schnelluedestatiounen op den Autobunnen. Soll d’Tankstell um Echangeur Steebrécken och mat esou Anlagen equipéiert ginn a falls jo, wéi vill Luetstatioune sollen do opgestallt ginn? Falls nee, firwat net?

Wat ass den Impakt vun den iPads an de Schoulen?

A menge parlamentaresche Froen n°617 an 1351 hat ech dem Educatiounsminister Froen iwwert d’Aféierung vun Tabletten am Schoulunterrecht gestallt. Aus den Äntwerte geet ervir, dass d’Aféiere vun neien Technologien ee laangjärege Prozess ass, deen a villen Aspekter, wéi z.B. dem Dateschutz an de Formatioune vum Léierpersonal, gutt begleet muss ginn. Säit 2017 sinn d’Tabletten elo schonns am Asaz, mee et goufe bis ewell nach keng Impaktanalyse verëffentlecht.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Existéieren säitens dem Bildungsministère oder aaneren staatlechen Institutiounen Analysen/Etüden, déi den Impakt vun der Aféierung vun den Tabletten am Schoulunterrecht evaluéieren? 
    Falls jo, wat ass den Ëmfang vun dësen Etüden a wéi eng Aspekter ginn analyséiert? 
  2. Falls Analysen oder Etüden existéieren, am Gaang oder geplangt sinn, wéi eng Donnéeë komme fir d’Datenerhiewung vun dësen Etüden jeeweils a Fro? Gi fir d’Etüden och Donnéeë vun den iPads erhuewen an ausgewäert? 
    • Falls jo,  
      • sinn d’Schüler, respektiv hier Elteren, iwwert dës Datenerhiewung informéiert an hunn se dëser zougestëmmt? 
      • wéi vill iPads ginn analyséiert?
      • wéi eng Donnéeë vun den iPads si fir d’Etüd relevant?

Wien ass bei net clôturéierte Faillitte responsabel fir de Bénéficiaire effectif am RBE anzedroen?

Duerch d’Gesetz vum 13te Januar 2019 gouf de Registre des bénéficiaires effectifs (RBE) agefouert. Säitdeem sinn d’Societéiten zu Lëtzebuerg opgefuerdert, den Notznéisser vun enger Entreprise oder ASBL ze identifizéieren. De leschten Delai dofir leeft den 30. November 2019 of. Am Gesetz steet allerdéngs näischt iwwert Societéiten, déi sech an enger Faillite befannen. Tatsächlech ass et bei enger Faillite de Curateur, deen d’lafend Geschäfter an domadder och d’Responsabilitéit vun enger Societéit iwwerhëlt.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Gëllt ee Curateur bei der Faillite vun enger Firma als neie Bénéficiaire effectif? 
    • Falls jo, ass de Curateur responsabel, fir d’Donnéeë vun der Societéit am RBE anzedroen?  
      • Falls jo, ass de Curateur fir d’Net-Aschreiwung vum Bénéficiaire effectif am RBE haftbar a muss an deem Fall déi gesetzlech virgesinne Geldstrofe bezuelen?
    • Falls nee, wien gëtt am Fall vun enger net clôturéierter Faillite als Bénéficiaire effectif am RBE agedroen? 
  2. Goufen nom Akraafttriede vum Gesetz vum 13te Januar 2019 fir all d’Societéiten, déi an enger net clôturéierter Faillite waren, d’Bénéficiaires effectifs agedroen? Falls nee, firwat net?
  3. Wéi vill Societéiten, déi sech an enger net clôturéierter Faillite befannen, sinn Stand haut (voire Enn November) net am RBE ageschriwwen? 

Medizinesche Cannabis

Eng Fro gouf gestallt op FRO.LU :

Duerch d’Gesetz vum 20. Juli 2018 iwwert de Verkaf vu medikamentéise Substanzen ass den Asaz vum medezinesche Cannabis no joerzéngtelaangen Diskussiounen endlech eng Realitéit ginn. Fir Mënsche mat chronescher Péng stellt d’Anhuele vu cannabishaltëge Produkter eng raisonnabel Alternative zu anere Medikamenter duer. Nom Gesetz däerf de Cannabis nëmme vun Doktere verschriwwe ginn, déi eng Formatioun am Ëmgang mam Cannabis gemaach hunn an de Krees vu méigleche Patienten ass bis elo op Persoune mat méi grave Krankheete limitéiert. De Koalitiounsaccord mentionnéiert, dass zwee Joer no dem Aféiere vum medezinesche Cannabis eng Evaluatioun soll realiséiert ginn, wat nächst Joer de Fall wär.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Bewäert de Gesondheetsministère d’Aféierung vum medezinesche Cannabis am lëtzebuergesche Gesondheetssystem bis ewell als Erfolleg? Wéi eng positiv Léieren zitt de Gesondheetsministère aktuell aus der Legaliséierung vum medezinesche Cannabis? 
  2. Wäert d’Regierung de Krees vu Krankheeten, déi mat medezineschem Cannabis kënnen traitéiert ginn, an de nächste Joren erweideren?
  3. Ass de Gesondheetsministère der Meenung, dass d’Behandlung mat medezinesche Cannabis ausgebaut an egalitär, bzw.prioritär, zu de klassesche Schmerzmëttele soll agesat ginn?
  4. A senger Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°447 schreift de Minister, dass 3 Produite vun enger kanadescher Societéit zu Lëtzebuerg erhältlech sinn. Wéi eng Firma ass dat an ëm wéi eng 3 Produiten handelt et sech? Wäerten an noer Zukunft méi Produkter zu Lëtzebuerg ugebuede ginn?

Dir hutt och eng Fro un d’Regierung? Da maacht Gebrauch vun  www.fro.lu

Erëffnung vun der Wanteraktioun

D’Piraten hunn eng dréngend Fro iwwert de Start vun der dësjäreger Wanteraktioun gestallt:

Mam Anzuch vum Wanter maachen déi kal Temperaturen de Mënschen an der Obdachlosëgkeet alt nees schwéier ze schafen. Dofir wäert, ënnert anerem, dëst Joer ërem d’Wanteraktioun organiséiert ginn, fir de Persoune wärend de kalen Nuecht ee waarmen Ënnerdaach ze bidden. D’Dieren vun der Wanteraktioun maachen allerdéngs eréischt den 1ten Dezember op. D’Temperaturen ënnerschreiden awer oft scho virdrun de Gefréierpunkt – sou  wéi zum Beispill och an dësem November schonn de Fall war.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Ugesiichts vun den aktuellen Temperaturen, wäert d’Wanteraktioun 2019-2020 méi fréi seng Dieren opmaachen?
  2. Kann d’Madamm Ministesch confirméieren, dass d’Wanteraktioun d’nächst Joerméi fréi wäert ufänken a méi laang wäert oppe bleiwen? Falls nee, firwat net?
  3. Ass d’Madamm Ministesch der Meenung, dass d’Wanteraktioun och iwwert de Wanter eraus op bleiwe sollt?  

Protokoller als Scheibenwischerdekoratioun – Nofro

Den Disk vergiess, d’Parkverbuetsschëld net gesinn oder ze laang stoe bleiwen. All dat si Saachen, déi och engem gudden Autofuerer scho mol passéiere kennen. Wee Pech huet kritt dann ee gepäscht. Wéi mir aus eise leschte parlamentaresche Froe gewuer goufen, goufen tëscht 2013 an 2019 20 Milliounen Euro un Avertissements taxés (=Knöllecher) net bezuelt. No de Geriichtsurteeler bleiwen awer nach ëmmer 13 Milliounen Euro un onbezuelten ATen opstoen. Mir froen dofir nach eng Kéier no méi genauen Zuelen. Hei ass eis nächst Fro:

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministere fir Justiz & Bannenzeg Sécherheet weiderzeleeden.

A menge parlamentaresche Froen n°614 an 1266 hat ech déi zoustänneg Ministeren iwwert d’Andreiwe vun den Avertissements taxés (AT) befrot. An hiren Äntwerten hunn d’Regierungsvertrieder mir eng Réi Zuele vun der Police a vum Parquet zoukomme gelooss, woubäi festzestellen ass, dass am Zäitraum vun 2013 bis 2019 ronn 20 Milliounen Euro un ATen net bezuelt gi sinn éiert de Parquet saiséiert ginn ass. 

Tableau aus der éischter Fro. Déi riets Kolonn weist de Montant vun ATen, déi net bezuelt goufen (insgesamt 20 Milliounen Euro)

Unzuel vun den Ordonnances pénales (beinhalten ATen + aaner Montanten, dofir ongenau)

Wann een d’Zuel vun den onbezuelten ATen éier de Parquet saiséiert gouf mat den Zuelen, déi duerch d’Aschalte vum Parquet an d’Staatskeess iwwerwise goufen, vergläicht, da bleiwen um Enn vun der Rechnung ëmmer nach ronn 13 Milliounen Euro fir d’Period 2013 bis 2018 opstoen (woubäi dës Zuel wahrscheinlech méi héich läit, well, wéi d’Ministeren ugedeit hunn, d’Montante vun den Ordonnances pénales duerch déi matabegraffe Justizkäschte méi héich sinn ewéi den ursprüngleche Betrag vun den ATen). 

D’Zuelen aus der zweeter Äntwert ginn deemno keen Opschloss doriwwer, wéi vill Suen de Staatskeesen entgaange sinn, well ATen net bezuelt goufen an Ordonnances pénales net vum Parquet agedriwwe goufen.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Mech bezéiend op den Tableau aus der Äntwert op d’Fro n°614 vun 2013 bis 2019: wéi vill ATen goufe fräiwëlleg vun den Automobiliste bezuelt nodeems de Parquet saiséiert ginn ass? 

2. An der Äntwert op d’Fro n°1266 stinn d’Unzuel vun den Ordonnances pénales, déi net vum Parquet konnten exekutéiert ginn. Mech bezéihend op de selwechten Tableau
-wat waren déi jeeweileg Montanten, déi net hu konnten agedriwwe ginn (vun 2013 bis 2019)?
-firwat konnt de Parquet dës Montanten net andreiwen?
-wéi vill Prozent vun den net agedriwwenen Ordonnances pénales betreffe Residenten?

Tableau aus der zweeter Äntwert iwwert d’Strofziedelen, déi ni konnten vum Parquet agedriwwe ginn

Repression vu LGBTIQ+ an der Tierkei

De 9te November 2019 huet d’ASBL Rosa Lëtzebuerg ee Bréif un den Ausseministère adresséiert, an dem si op d’Ënnerdréckung vun der LGBTIQ*–Communautéit an der Tierkei opmierksam maachen. An dësem Bréif mécht d’ASBL dorop opmierksam, dass d’tierkesch Force publique den 10te Mee 2019 gewaltsam géint d’Organisateure an d’Participante vun engem LGBTIQ*-Pride-Event virgaange sinn. Studenten an en Akademiker goufe strofrechtlech verfollegt an zum Deel festgeholl. Eng Geriichtsverhandlung ass fir haut virgesinn. 

Säit dem Ausruff vum Ausnamezoustand an der Tierkei si Manifestatioune vun der LGBTIQ*–Szeen am Viséier vun der Regierung zu Ankara. International Mënscherechtsorganisatiounen hunn dësen Teschefall an déi systematesch Ënnerdréckung vun de LGBTIQ*–Szeen veruerteelt.

Lëtzebuerg huet international eng Virbildfunktioun an der Verdeedegung vun de Rechter vun der LGTBIQ+–Communitéit ageholl, dëst ënnert anerem duerch dem Premierminister seng faméis Ried am Februar 2019 virun der Arabescher Liga, wou hien sech fir d’Rechter vun LGTBIQ*–Rechter staark gemaacht huet.

An deem Zesummenhang hu mir dem Ausseminister dës Froe gestallt:

  1. Wéi schätzt den Ausseminister déi aktuell Lag vun der LGTBIQ*-Communautéit an der Tierkei an? 
  2. Ass de Minister der Meenung, dass d’Versammlungsrecht vun der LGBTIQ*–Communautéit nach respektéiert gëtt?
  3. Wäert d’Regierung sech bei der tierkescher Ambassade fir d’LGTBIQ*-Communautéit an der Tierkei staark ze maachen? Falls jo, wéi eng Positioun vertrëtt d’Regierung ?
  4. Wéi eng Efforte wäert Lëtzebuerg ënnerhuelen, fir d’Rechter vun der LGTBIQ*–Communitéit an der Tierkei, mee awer och am Rescht vun der Welt, ze stäerken? 

Kamerabiller bei den CFL – Nofro

A menger parlamentarescher Fro n°1251 wollt ech méi iwwert d’ Iwwerwaachungsmesurë vun der CFL wëssen. D’Äntwert vum Minister liwwert Informatiounen iwwert déi jeeweileg Späicherfristen, d’Accèse souwéi d’Consultatioune vum Iwwerwaachungsmaterial.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. An der Äntwert schwätzt den Här Minister op verschiddene Platze vu befugte Persounen. Wien sinn dës befugte Persounen a vu wiem kréien se hir Autorisatioun ausgestallt? 
    • Falen och d’Zuchbegleeder souwéi d’Lokomotivféierer ënnert dës befugte Persounen? 
      • Falls jo, vu wiem erhalen si d’Autorisatioun? 
      • Hunn dës Persoune speziell Schoulungen hisiichtlech den Dateschutzgesetzer absolvéiert?
  2. Wéi vill Strofdote konnten duerch Videoopnamen vun der CFL an de leschte Joren tatsächlech opgekläert ginn?
  3. A wéi ville Fäll waren d’Opnamen, déi zur Opklärung vun der Strofdot hätte féiere kënnen, scho geläscht de Moment wou d’Police se ugefrot huet?
  4. Bei wéi ville Plainten, déi d’Police am Beräich vum ëffentlechen Transport krut, huet d’Videomaterial een Opschloss iwwert de Virgank vun der Dot ginn? Bei wéi ville net?
  5. Bei wéi ville Plainten, déi d’Police am Beräich vum ëffentlechen Transport krut, konnt d’Videomaterial net benotzt ginn? 

Anäscherung vu Verstuerwenen zu Lëtzebuerg

D’Gesetz vum 1ten August 1972 a säin zougehéierege Reglement reegelen d’Anäscherung vu Verstuerwenen. Esou kënnen d’Äschen op Wonsch vu Familljememberen och op anere Platzen, wéi z.B. op engem Kierfecht, verstreet ginn. Déi englesch an déi US-amerikanesch Legislatioun ginn hei allerdéngs méi wäit: do ass et erlaabt, d’Äsche vum Verstuerwenen an enger Urn doheem ze halen, falls dat dem Wonsch vum Verstuerwenen an de Familljememberen entsprécht.

Déi lëtzebuergesch Legislatioun limitéiert sech aktuell nëmmen op d’Verstreeë vun de mënschlechen Iwwerreschter. Dëst ass engersäits novollzéibar, well et kengem soll erlaabt erlaabt sinn, een anere Mënsch ze besëtzen an dës Reegel och nom Doud gëllt. Anerersäits besteet fir d’Familljemembere vu Verstuerwene sou awer eben keng Méiglechkeet, d’Äsche vun hire verstuerwene Matmënschen an enger Urn bei sech doheem ze halen.

Am Koalitiounsaccord huet d’Regierung eng Revisioun vun de Bestaatungsprozeduren ugekënnegt.

An dem Zesummenhang hu mir der Inneministesch dës Froe gestallt :

  1. Ass d’Madamm Ministesch der Meenung, dass d’Gesetz vu 1972 nach zäitgeméiss ass? 
  2. Wäert d’Regierung d’Dispositiounen treffen, déi et erlabe kéinten, d’Äsche vu verstuerwene Matmënschen doheem ze halen, wann dëst dem klore Wonsch vum Verstuerwenen an de Familljememberen entsprécht? Falls nee, firwat net?
  3. Bis wéini mengt d’Madamm Ministesch déi nei Dispositiounen iwwert d’Anäscherung presentéieren ze kënnen?

Mat déiwem Respekt,
Marc GOERGEN
Député