Connect with us

Questions parlementaires

Lëtzebuerger an der Groussregioun

Déi héich Wunnengspräisser drécken zënter Joren op de Budget vu ville Lëtzebuerger Awunner. Zënter 2009 sinn d’Präisser extreem an d’Luucht gaangen an mat der aktueller Zënssituatioun a Bautekris ass et fir Locatairen an Leit, déi hier éischt Wunneng kafe wëllen, guer net méi einfach ginn. Vill Leit plënneren dofir an d’Groussregioun, wou d’Wunnengspräisser dacks méi bëlleg si wéi hei. Schonns 2009 huet de FORUM EUROPA mam CEPS INSTEAD an der Etüd  Die grenzüberschreitende Wohnmobilität zwischen Luxemburg und seinen Nachbarregionen erausfonnt, dass d’Leit, déi decidéieren fir Lëtzebuerg ze verloossen an iwwert d’Grenz ze plënneren, et zum groussen Deel aus finanzielle Grënn maachen. D’Optioun, fir sech hannert der Grenz nidderzeloossen, ass fir vill Leit déi eenzeg Alternativ.  Dat huet allerdings och Konsequenzen. D’Plënneren an d’Nopeschlänner ass fir Ex-Residenten mat villen Nodeeler verbonnen – zum Beispill wat d’Sozialleeschtungen ugeet, wéi de Chômage, REVIS oder d’Krankeversécherung. Wat villen Wéih deet, ass datt d’Kanner vun Ex-Residenten a ville Fäll d’Méiglechkeet verléieren, fir am lëtzebuergeschen Bildungssystem ze bleiwen an doduerch den Uschloss un déi lëtzebuergesch Kultur a Sproochevielfalt verléieren. Och beim Télétravail verléieren déi nei Lëtzebuerger Frontalieren. Dës Leit dierfen net vun der Politik vergiess ginn, nëmmen well si et sech net méi leeschte kënnen, fir hei um Territoire eng bezuelbar Wunneng ze kréien. Schonns 2019 hat ech déi deemolëg Regierung a menger Fro n°1151 gefrot, wat fir d’Lëtzebuerger Ex-Residenten an der Groussregioun kéint gemaach ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Lëtzebuerger wunnen, Stand 1/1/2024, an der Groussregioun, opgeschlësselt no Land? Wéi huet d’Situatioun den 1/1/2018 ausgesinn?

  2. Wäert d’Regierung deene Leit, déi finanziell gezwonge sinn, fir ze plënneren, entgéint kommen, andeems een zum Beispill de Kanner d’Méiglechkeet garantéiert, fir am lëtzebuergesche Schoulsystem ze bleiwen?  Wat fir weider Verbesserungen kënnen d’Lëtzebuerger, déi an der Groussregioun wunnen, vun der Regierung erwaarden?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 482

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert