Gemengen & Innepolitik
CGDIS – medezinesch Kontroll
An der Äntwert op d’Fro n°1505 hat d’Ministesch eis Informatiounen zum Contrôle médical beim CGDIS geliwwert. Der Äntwert vun der Ministesch no dierfte Persounen, déi d’medezinesch Kontroll beim CGDIS net bestinn, zum Beispill net méi op Ambulanze fueren oder un Asätz mat Otemschutzmasken deelhuelen. An der Äntwert op d’Fro n°4363 schreift d’Ministesch, dass de Règlement interne spezifesch bei de Krittäre vun Contrôle médical iwwerschafft wäert ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Ass et richteg, dass sech fir verschidden Zentren Problemer erginn, well net méi genuch Persounen vollstänneg asazfäeg sinn?
-
Ass et richteg, dass Leit, trotz engem ze héije BMI, falls si den Ausdauertest packen, nach ëmmer Otemschutzdréier kënne ginn? Falls jo, wäert dëst an der Refonte vum Reglement interne adaptéiert ginn?
-
Mussen d’Memberen beim CGDIS aktuell ee kompletten Impfzyklus gemaach hunn, fir hieren Déngscht kënnen unzetrieden? Ass geplangt, d’Aptitude beim Medico un d’Konditioun ze bannen, dass d’Membere vum CGDIS geimpft musse sinn?
QP Nummer 5444