Aussepolitik
Explosiounen zu Mont-St.Martin an Impakt op d’Sécherheet
 
																								
												
												
											D’WORT mellt an engem Artikel vun haut iwwert eng Serie vun Explosiounen zu Mont-Saint-Martin, direkt op der Grenz mat der Gemeng Péiteng, wou wëllentlech vu Pyromanen Objeten gesprengt goufen.
D’Situatioun zu Mont-Saint-Martin ass zënter Joren ugespaant, mee zënter 2023 gëtt dat Polverfaass ëmmer méi visibel. 2023 goufe schonns Gebaier, Tankstellen ee Centre médical an eng Schoul a Brand gesat. Am selwechte Joer koum et och zu Schëss op ee Bus vun enger RGTR-Linn, déi Lëtzebuerg mat der franséicher Regioun verbënnt.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
- 
Wat fir Auswierkungen hunn dës Inzidenter zu Mont-Saint-Martin op d’Sécherheetslag zu Péiteng an dem Grenzraum? 
- 
Wäert d’Kommissariat zu Péiteng elo direkt méi Beamten kréien? 
QP Nummer 1660

