Connect with us

Gemengen & Innepolitik

Jubiläe vu Gemengefusiounen

D’Regierung huet am Koalitiounsaccord folgende Punkt fir d’Fërderung vun de Gemengefusioune festgehalen:
“Le processus des fusions volontaires des communes continuera à être activement soutenu. Aucun projet de fusion de communes ne sera mis en place sans le consentement des citoyens concernés exprimé par voie de référendum. Le système de soutien financier du processus de fusion par l’Etat sera adapté vers le haut. ”

Ënnert deene Gemengen, déi zënter Jore fusionéiert hunn, fannen sech Joer fir Joer ëmmer erëm därer, déi dat Joer ee ronne Gebuertsdag feieren. Eigentlech eng gutt Geleeënheet, fir den Zesummenhalt tëscht de fusionéierten Uertschafte weider ze stäerken. Ech kéint mir virstellen, datt den Inneministère esou Jubiläen, wéi se zum Beispill de Gemenge Parc Housen a Käerjeng elo bevirstinn, finanziell géif ënnerstëtzen. Méi Convivialitéit an ee verstäerkten Echange tëscht de Biergerinnen a Bierger kënnen ënner Ëmstänn dofir suergen, datt d’Akzeptanz fir eng Fusioun an der Bevëlkerung wiisst. Dat souwuel am Virfeld vun enger Fusioun, wéi och dono. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Stellt den Inneministère de Fusiounsgemengen, déi ee Jubiläum feieren, ee Subsid fir dësen Ulooss zu Verfügung?
    Falls jo, kënnen d’Gemengen dofir eng Ufro beim Inneministère maachen a wéi vill Sue ginn heifir bereetgestallt?
    Falls nee, wier d’Ministesch oppen, fir an Zukunft ee klenge Budget dofir bereetzestellen?

  2. Ass d’Ministesch der Meenung, dass esou convivial Evenementer am Virfeld vun enger Fusioun d’Motivatioun, fir ze fusionéiere, kéinten erhéijen? 

  3. Ass d’Ministesch der Meenung, dass esou convivial Evenementer den Zesummenhalt an d’Adhesioun un déi nei Gemengenidentitéit vu fusionéierte Gemengen kéinten erhéijen?

  4. Um Beispill vun der Nordstad: Wéi gedenkt d’Ministesch den Zesummenhalt an dëse Gemengen ze stäerken, déi jo an de Preparatioune fir eng Fusioun stiechen?

  5. Gedenkt d’Ministesch Evenementer finanziell ze ënnerstëtzen, déi am Virfeld vu geplangte Fusiounen zum Zweck vum Zesummenhalt organiséiert ginn (z.B. Concerten, Familljefester)?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5092

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert