Gemengen & Innepolitik
Convocatioune vu Gemengerotsitzungen

Den Artikel 13 vum Gemengegesetz reegelt, dass de Gemengerot mindestens 5 Deeg virun enger Sitzung den Ordre du Jour mat de respektiven Dokumenter muss virgeluecht kréien.
De Passage ass nach ëmmer esou geschriwwen, dass et sech heibäi ëm d’Pabeierversioun handelt. Jee no Gemengerotsitzung mussen d’Conseilleren honnerte Säiten analyséieren.
Déi meescht Gemengen, wann net souguer alleguerten, schaffen hautzedaags digital, zum Beispill mam Sigidrive, wou d’Dokumenter alleguerten an digitaler Form ze fanne sinn. Hei ass et awer esou, dass den Delai vu 5 Deeg oft net agehale gëtt.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
-
Zielt den Délai, wéi en aktuell am Artikel 13 virgesinn ass, fir déi digital Versioun vum Ordre du Jour an den Dokumenter?
Falls nee, wäert de Minister dësen Délai fir béid Formen ugläichen?
QP Nummer 2172