Connect with us

Déiereschutz

Méi Autosaccidenter duerch Klappjuegten?

An engem Communiqué warnt de Mobilitéitsministère zesumme mat der Jeeërfederatioun virum Ufank vun der Juegdsaison. Op RTL.LU steht geschriwwen: „D’Federatioun vun de Jeeër an d’Sécurité Routière ruffen d’Automobilisten op, besonnesch laanscht Bëscher a Felder op d’Vitess opzepassen an all Abléck dermat ze rechnen, datt en Déier iwwert d’Strooss leeft. […] D’Chauffere gi gefrot d’urgence ofzebremsen, wann en Déier iwwert d’Strooss leeft, mee net ze probéieren, dem Wëld auszewäichen.“ (15/10/2025) Dass d’Déieren op d’Strooss lafen, leit virun allem un de Klappjuegten, enger aggressiver Juegdmethod, bei däir Wëlldéieren a Panik an ënner Iwwerliewensstress gesat ginn.  Deementspriechend sinn d’Geforen fir d’Automobilisten, virun där an dësem Communiqué gewarnt gëtt, d’Konsequenz vun enger gewolltener Juegdpolitik. Konsequenterweis kann ee soen, dass d’Klappjuegten d’Gefor op de Stroossen erhéijen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass d’Ministesch der Meenung, dass et een Zesummenhang tëschent de Klappjuegd an den doraus resultéierende Geforen fir d’Automobiliste gëtt?

  2. Wier net méi verantwortungsvoll, fir d’Geforen fir den Automobilist ofzewenden, andeems ee manner oder keng Klappjuegte géif zouloossen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3048

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert