Logement
Mietkauf endlech erméiglechen
Context:
D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:
- Jidderee brauch een Dag iwwert dem Kapp: Wunnen ass ee Grondrecht, dat am Artikel 40 vun der lëtzebuergescher Verfassung als Staatsziil festgehalen ass: „L’État veille à ce que toute personne puisse vivre dignement et disposer d’un logement approprié.“ ;
- Eng eege Wunneng ze besëtzen ass, wéi d’Pensioun, eng Grondofsécherung géint d’Aarmut am Alter an de Staat sollt dofir suergen, dass all Persoun, onofhängeg vu sengen finanziellen Méiglechkeeten, d’Chance kritt fir seng eege Wunneng ze besëtzen ;
Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:
- de Leit bei den neien a staatlech gebautene Wunnengen d’Optioun vum Mietkauf z’erméiglechen zu engem am Viraus formuléierte Präis, woubäi de Staat beim Verkaf ëmmer ee Virkafsrecht behält.
