Connect with us

Logement

Ministeren an hier Immobilien

Den Deontologieskodex, deen sech d’Regierung selwer operluecht huet, gesäit vir, dass all Minister eng Lëscht opstelle muss, aus där fir de Public ersiichtlech gëtt, ob ee Regierungsmember Interessekonflikter kéint hunn. An der aktueller Wunnengskris ass bebaubare Buedem zu Gold ginn. D’Plus-Valuen, déi ee mat Investissementer an Immobilië ka maachen, sinn héich lukrativ. Momentan muss ee Regierungsmember awer net uginn, ob en, ausser sengem Wunnsëtz, weider Terrainen oder Immobilië besëtzt. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Wier d’Regierung bereet, fir d’Deklaratioun aus dem Deontologieskodex op Immobilien an Terrainen z’erweideren, fir esou an der aktueller Immobiliëkris transparent mat Interessekonflikter ëmzegoen?

 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6251

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert