Mobilitéit
Stau a Kaméidi op der Péitenger Collectrice
A menger parlamentarescher Fro n°3847 hat ech dem Minister verschidde Léisungsvirschléi fir d’Trafficsituatioun op der Péitenger Collectrice proposéiert. Zur Iddi vun enger Ënnerféierung ënnert dem Rond-Point beim LMA hat de Minister gesot, dass an enger spéiderer Phase eng Ënnerféierung beim Rond-Point virgesi wier an dass zu deem Zäitpunkt Traficsimulatioune missten duerchgefouert ginn, fir dat Ganzt richteg kënnen ofzeschätzen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Gëtt envisagéiert de Projet vun der Ënnerféierung beim Rond-point an deenen nächste 5 Jore unzegoen? Falls jo, wéi laang géif de Bau vun enger Ënnerféierung schätzungsweis op dëser Plaz daueren?
-
Wéi steet de Minister zur Aféierung vun engem Turbo-Rond-point op dëser Plaz, esou wéi en op der Collectrice no der Sortie Suessem-Déifferdeng gebaut gouf?
QP Nummer 6256