Connect with us

Mobilitéit

Observatoire de la mobilité

Mam Gesetz vum 24te Juli 2025 relative au traitement des données de mobilité gouf ee gesetzleche Kader geschaf fir massiv Daten zur Mobilitéit am Land kënnen z’erhiewen. Wéi virgule.lu an engem Artikel vum 5te Februar 2025 richteg schreift: „L’observatoire digital de la mobilité, en recueillant les données numériques disponibles, pourrait s’avérer un atout pour résoudre la crise de la mobilité. Mais aussi un risque pour la protection des données personnelles.“ D’Donnéeë vu ville Passagéier a Verkeiersdeelhueler wäerten an enger Datebank gespäichert ginn an dës Donnéeë musse gutt geschützt virun Ugrëff an technesche Faillë sinn. D’Mobilitéitsminister ass dem Gesetz no responsabel de Traitement vun der Datebank. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Verwaltunge beim Staat këmmeren sech ëm d’Gestioun vun der Datebank?

  2. Wéi eng net-staatlech Entwéckler an Organisatiounen hunn een Zougank zu der Datebank oder den Donnéeën an der Datebank?

  3. Wéi eng Serveren ginn fir d’Datebank genotzt a wou befannen sech dës Serveren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2888

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert