Digitalisatioun & IT
Ofsécherung vum Zougang zu Internet an Telefonie

D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen a wäerten Léieren fir d’Zukunft gezu ginn, grad well et sech ëm kritesch Infrastruktur fir eist Land handelt. Wéi d’WORT an engem Artikel vum 25te Juli beriicht, kann ee vun der Gemeng Hesper e puer gutt Saachen léieren: „Was den Internetausfall anging, so hatte die Gemeinde zwei Vorteile. Zum einen verfügt sie über einen Multioperatorzugang. „Das bedeutet, wenn ein Internetanbieter ausfällt, springt ein anderer ein. Es kommt also nicht zu einem Totalausfall“, so Nicoletti. Andererseits verfügt Hesperingen über einen Zugang zum Funknetz, der speziell für Notfälle eingerichtet wurde.“
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
Wéi eng weider Gemengen hei am Land hunn esou ee System, wéi zu Hesper?
QP Nummer 2682