Integratioun
Verweis vu Kanner aus ONA-Foyeren
 
																								
												
												
											Déi zoustänneg Ministeren hu gëschter der Ëffentlechkeet de Bilan zur Asyl- an Immigratiounspolitik zu Lëtzebuerg virgestallt. An der zoustänneger Chamberskommissioun sinn awer verschidde Froen zu den Zuelen onbeäntwert bliwwen.
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°1816 huet den zoustännege Minister fir Asyl geschriwwen:
“Am Kader vun der aktueller Diskussioun ronderëm d’Expulsioun vun enger Mamm mat zwee Kanner aus enger ONA-Struktur, ass ze soen, dass déi betraffe Famill direkt nees bis op Weideres e Bett am ONA-Reseau offréiert krut, wéi ech d’lescht Woch vun deem Fall a Kenntnis gesat gouf. ”
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
- 
Wéi vill Kanner a Jugendlecher goufen an de leschte 4 Joren (opgelëscht no Joer) aus den Asylfoyeren verwisen?* 
 *mat verwisen ass gemengt, dass d’Mannerjäreger net méi konnten zeréckgoen. D’Placéierung an ee Centre de Retour oder eng aner Struktur net ageschloss
- 
Wéi oft ass et an de leschte Jore virkomm, dass Familljen oder Kanner aus enger ONA-Struktur erausgeheit goufen an dës Decisioun erëm vum Minister revidéiert gouf? 
- 
Wéi oft ass et 2024 virkomm, dass Familljen oder Kanner aus enger ONA-Struktur an d’Maison de retour geschéckt goufen an dës Decisioun erëm vum Minister revidéiert gouf? 
QP Nummer 1888

