Connect with us

Natur, Ëmwelt & Klima

(On)nohaltëgkeet vun eiser Kleedung

D’Textil- a Kleederbranche stellt eng héich globaliséiert a lukrativ Industrie duer, déi vill Länner mateneen verbënnt. D’Produktioun ass oft iwwert d’Kontinenter ewech organiséiert an d’Wuer mécht vill dausenden Kilometer, bis se bei eis an de Kleederbutteker ze kafen ass. Déi an der Branche aktiv Konzerner hunn dës international Opdeelung optimiséiert, andeems se a Niddreglouhnlänner vu bëlleger Aarbecht a manner strengen Ëmweltreegelen profitéieren. D’Ëmweltbilanz vun der Moude-Industrie ass deemno miserabel. Esou stellt d’Textilindustrie dee Secteur duer, deen déi véiert héchsten Auswierkung ob d’Klima an d’Ëmwelt huet. Eleng duerch „Fast-Fashion“ sollen all Joers zu Lëtzebuerg 5,8 Milliounen Tonne Kleeder ewechgeheit ginn, wat ronn 11 Kilo pro Kapp duerstellt. Nëmmen 1% dovunner gëtt recycléiert.

Virun dësem Hannergrond komme verschidde Léisungsusätz op. Sou setzen Entrepreneuren ëmmer méi op „Sustainable Fashion“ mat Hëllef vu Praktiken ewéi Locatiounssystemer fir Kleeder, dem „Up-Cycling“ oder Second-Hand Butteker. Verschidde WëssenschaftlerInnen gesinn d’Léisung awer éischter an engem postmaterialistesche Wäertewandel, deen d’Opkommen vun alternative Kleederkonsumnormen propagéiert a grondsätzlech eng „consume less“-Mentalitéit virgesäit. 

Och d’EU-Kommissioun ass sech dem Thema bewosst an envisagéiert d’Aféierung vun enger Réi Mesuren. Ënnert dem Kader vun der Sorgfaltsflicht soll zum Beispill d’Transparenz vun de Liwwerketten an der Produktioun an der Textil- a Kleederbranche mat engem „passport numérique“ erhéicht ginn. Och um nationale Niveau gëtt probéiert, dëse Problemer ze begéinen. Esou geséit dat néit Offallgesetz N°7659 eng collecte séparée fir Textil vir.

Deem entgéint investéieren d’Kleedermarken weider all Joers Milliounen Euro an Reklammen. Dagdeeglech maachen eng zéngdausenden un Influencer op de soziale Netzwierker Publicitéit fir de Konsum vu Kleeder. Dobäi ass de Message um Fong ëmmer dee gläichen: et ass een Opruff fir méi ze akafen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Tonne Kleeder ginn zu Lëtzebuerg all Joers:
    • recycléiert?
    • verbrannt?
    • aussortéiert an an d’Ausland exportéiert? 

  2. Wéi vill Second-Hand-Butteker am Kleederberäich ginn et aktuell zu Lëtzebuerg?

  3. Wat fir Mesure gesäit d’Regierung vir, fir de Kleederkonsum zu Lëtzebuerg méi nohalteg ze gestalten?

  4. Wéi steet d’Regierung zu engem Pfandsystem fir Kleedungsstécker, fir esou d’Kleeder an engem zouene Kreeslaf ze halen?

  5. Wéi eng Servicer vum Staat kréien Aarbechtskleeder zur Verfügung gestallt?
    • Wéi vill Leit kréien insgesamt doduerch Aarbechtskleeder zur Verfügung gestallt?
    • A wéi engem Ofstand ginn dës Aarbechtskleeder ersat?
    • Wat geschitt mat dëse Kleeder no hirem Gebrauch? 

    Entsprangen all dës Aarbechtskleeder engem nohaltege Produktiounsprozess?
    • Wa jo, em wéi eng Marken a Label handelt et sech?
    • Wann net, gedenkt d’Regierung an Zukunft Aarbechtskleeder aus nohaltege Produktiounsprozesser ze kafen oder op recycléiert Kleeder zeréckzegräifen? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6015

Continue Reading