Connect with us

Natur, Ëmwelt & Klima

Bau vu Bëschweeër bei Klierf

Den Office national du Remembrement huet de 17. Mäerz 2022 eng Ausschreiwung fir de Bau vu Bëschweeër zu Klierf publizéiert. Ufank Juli 2022 solle fir ronn 15 Wochen d’Bauaarbechte fir dëse Bëschwee vun 3,7km ufänken. Laut Avis solle fir de Projet 1400 Meterkaree u „Géotextile“ a 1350 Kubikmeter „matériaux pierreux de la région“ verbaut ginn.   

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Handelt et sech beim Projet ëm e Bëschwee vum Profiltyp „plat“? Falls jo, wéi kann et sinn, dass bei enger Breet vu 3,50m an enger Längt vum 3,7km, 1400 Meterkaree u „Géotextile“ verbaut ginn?

  2. An der parlamentarescher Fro n°1272 gëtt dorop opmierksam gemaach, dass en onofhängege Büro den Impakt vun esou Projeten ob d’Ëmwelt evaluéiert. Wäert d’Ministesch den Deputéierten Asiicht an dës Impaktstudie ginn?

  3. Wéi héich sinn d’Käschte vun den 1400 Meterkaree „Géotextile“ an den 1350 Kubikmeter „matériaux pierreux de la région“, déi fir de Bëschwee gebraucht ginn? Wou kommen dës Materialien hier?

  4. Bëschweeër ginn oft en vue vu wirtschaftlechen Ureizer amenagéiert, ass dëst hei och de Fall? Falls jo, wat fir ee wirtschaftleche Gewënn gëtt sech duerch dësen zousätzleche Bëschwee an déi domadder erschléisste Gebidder erwaart?  

  5. Wéi ass dëse Projet am Zesummenhang mat dem vum Ëmweltministère decidéierte Moratoire op nei Weeër duerch de Bësch ze verstoen? Handelt et sech bei dem betraffenen Ofschnëtt net ëm en ëffentleche Lafholz Bësch?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6014

Continue Reading