Connect with us

Natur, Ëmwelt & Klima

Franséisch Juegdschäiner zu Lëtzebuerg

Wéi de Ëmweltministère den 06.04.2022 matgedeelt huet, géingen d’theoretesch a praktesch Kenntnisser vu franséische Juegdprüfungen net méi dem Standard vun de Benelux-Länner entspriechen. 

Direkt ëmgesat gëtt deemno, dass d’franséisch Juegdprüfung net méi an de Benelux-Länner unerkannt gëtt. Dëst gëllt awer net fir ugoend Jeeër, déi dës als ongenügend ugesi Prüfung virum 31.03.2022 gemaach hunn. Sie kënne weiderhin eng Demande areechen, an och fir Jeeër déi schonn e Permis hunn, ënnert sech näischt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Leit hunn hir Juegdprüfung a Frankräich gemaach an hunn aktuell eng gëlteg Permis fir zu Lëtzebuerg ze joen?

  2. Kann de Ministère erklären, wisou tëschent 2014 an 2019 (QP n°1683) d’Zuel vun de kontrolléierte Klappjuegten an Juegdschäiner sech hallwéiert hunn?
    Wei hunn dës Zuelen zanter 2019 evoluéiert?

  3. Gedenkt de Ministère, Jeeër a Jeeërinnen déi eng franséisch Juegdpréifung gemaach hunn an zu Lëtzebuerg dierfe joen, op hir theoretesch a praktesch Kenntnisser ze kontrolléieren a gegebenefalls Formatiounen unzebidden?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6041

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert