FRO.LU: Besteierung vu Secondhand-Artikelen

Eng Fro gouf gestallt op FRO.LU :

D’Regierung huet am Koalitiounsaccord ugekënnegt, d’Kreeslafwirtschaft zu Lëtzebuerg ëmzesetzen. A menger parlamentaresch Fro n°1401 bekräftegen déi zoustänneg Ministeren dës Approche.

An dem Kader stellt sech d’Fro vun der Besteierung vu Secondhandprodukter, wéi zum Beispill IT-Hardware oder och der Kleedung. Aktuell ass et esou, dass ee Secondhand-Geschäft, dat benotzte Produiten vu Privatpersounen ofkeeft an dës am Uschloss erëm verkeeft, d’TVA op dës Produkter erhiewt an un de Staat weiderleed an dat, obwuel d’TVA schonns bei der éischter Transaktioun um Produkt erhuewe gouf.

Ugesiichts dem Fakt, dass d’Textilindustrie an Elektrotechnik een immens groussen ekologesche Foussofdrock hannerloossen, wär et opportun, d’Erëmbenotzung am Kader vun enger aktiver a responsabeler Klima– an Ëmweltpolitik an der Ëmsetzung vun der Kreeslafwirtschaft ze fërderen andeems dës Produkter méi bëlleg ugebuede kéinte ginn.

An deem Zesummenhang hunn ech de Ministeren dës Froe gestallt:

  1. Ass d’Regierung der Meenung, dass d’TVA och fir Secondhandprodukter eng weider Kéier erhuewe misst ginn?
  2. Plang d’Regierung am Kader vun der Steierreform och Secondhand-Produkter mat 3% ze besteieren? Falls nee, schléisst d’Regierung aus, ee bëllege Steiersaz vun 3% op Secondhand kategoresch aus?
  3. Wéi eng Mesuren ënnerhëlt dës Regierung aktuell, fir d’Kreeslafwirtschaft spezifesch am Beräich vun IT-Hardware souwéi och der Kleedung ze fërderen? Wäerten d’Textilindustrie an d’Produktioun vun neier Elektrotechnik an der ugekënnegter Steierreform och viséiert ginn?

Dir hutt och eng Fro un d’Regierung? Da maacht Gebrauch vu  www.fro.lu

Mega-Tankstell zu Rodange

Zënter Jore kënnt et um Dräilännereck zu Rodange reegelméisseg zu stonnelaange Stauen. De Grond dofir sinn d’Camionen, déi um Transit iwwert d’Avenue de l’Europe op d’Nationalstrooss N5 zu Rodange ofbéien, fir do op enger Tankstell hiren Tank ze fëllen. De Grond firwat d’Camionen all op Rodange fueren, leit op der Hand: d’Transportentreprisë profitéiere hei vu méi bëllege Präisser op de Liter Dreifstoff. Doduerch, dass eng Rëtsch Entreprisen duerch Firmen-Tankkaarte priviliéiert Präisremisen op den Diesel kréien, lount et sech fir d’Camionschaufferen hire Plein zu Rodange ze maachen. Dëst zum Matleed vun de ville Residenten, well d’Camionen an deelweis kilometerlaange Staue bis op d’belge Grenz erop d’Stroossen zu Rodange onbenotzbar maachen.

Wéi den L’essentiel an engem Artikel vum 27.12.2019 beriicht, soll mam Stau awer geschwënn Schluss sinn. D’Gemeng Péiteng well nämlech bei der Avenue de l’Europe op der lëtzebuergescher Säit mam Ministère zesummen eng Mega-Tankstell mat 10 Zapsailen op der der Avenue de l’Europe autoriséieren. Dës Tankstell soll dann och all Tankkaarten akzeptéieren, soudass d’Camionen, déi nach méi bëlleg tanke wëllen, net méi den Ëmwee iwwer Rodange maache mussen. 

Fir d’Berouegung vun der Verkéierssituatioun ass dëst sécherlech erfreelech, allerdéngs stellt sech Fro, wéi Lëtzebuerg op der enger Säit aus dem Tanktourismus erausklamme soll, wärend op der anerer Säit den Tankstellereseau weider ausgebaut gëtt. A menger parlamentarescher Fro n°1552 hat ech d’Ministere schonns iwwert d’Zukunft vun den Tankstellen zu Lëtzebuerg gefrot.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Wou genau soll d’Tankstell op der Avenue de l’Europe gebaut ginn a wéi vill Liter Dreifstoff sollen all Joer hei verkaf ginn? 
  2. Sinn déi Häre Ministeren der Meenung, dass et op laang Siicht nohalteg ass, eng Mega-Tankstell op der Avenue de l’Europe éischtens opbauen ze loossen, zweetens z’erhalen an dat an engem Kontext wou d’Regierung dach plangt, aus dem Tanktourismus erauszeklammen? 
  3. Wéi eng Ëmweltmesurë sinn ugeduecht, fir de Site, wou déi Mega-Tankstell gebaut soll ginn, ze kompenséieren?

FRO.LU: Silvesternuecht a Freedefeier: firwat gëllen an all Gemeng aner Reegelen?

Eng Fro gouf gestallt op FRO.LU :

Virun net allze laanger Zäit war et gudde Brauch, dass op der Silvesternuecht d’Bierger dat neit Joer mat engem private Freedefeier begréisst hunn. Dëse Brauch gouf an de leschte Jore reviséiert, sief et aus Grënn vum Déiereschutz, der bannenzeger Sécherheet oder aus anere Grënn. 

Elo ass et zu Lëtzebuerg awer nach laang net esou, dass d’Freedefeier engem generelle Verbuet ënnersteet. Ganz am Aklang mat der Gemengenautonomie decidéiert all eenzel vun den 102 Gemengen hei am Land, ob d’Schéisse vu Knupperten a Rakéiten zur Silvesternuecht erlaabt ass oder net. 

Wärend an e puer Gemengen ee generellt Verbuet fir d’Zünden vu Knupperten um Territoire vun der Gemeng gëllt, limitéieren aner Gemengen den Zäitraum wou gezünd däerf ginn. Aner Gemengen erlaben dogéint d’Zünden op privaten Terrainen, wärend erëm aner Gemengen nëmmen d’Empfeelung ginn, fir kee Freedefeier ze schéissen. Ee richtegt Verbuet stellt dëst awer net duer. 

Duerch dee ganzen Amalgamm u Gemengereglementer fannen d’Bierger hei am Land sech mat enger Panoplie u Reegelen erëm, déi vu Gemeng zu Gemeng anescht ass an zur Rechtsonsécherheet hei am Land bäidréit. Dës Weideren ass et aus engem objektiven Siichtpunkt aus net fair, dass Bierger aus enger Gemeng d’Zünde vu Freedefeier verbuede kréien, wärend an der Nopeschgemeng jidderee mat de Knupperte schéissen däerf.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Positioun vertrëtt d’Regierung vis-à-vis zum privaten Ofschoss vu Freedefeier? 
  2. Ass d’Regierung fir oder géint ee Verbuet vu privat organiséierte Freedefeier bei offizieller Feierdeeg?
  3. Ugesiichts der Panoplie u verschiddene Gemengereglementer zum Thema Freedefeier, gesäit d’Regierung een Ulooss, fir op nationalem Niveau d’Benotzung vu Freedefeier soit méi aschränkend, soit méi oppen ze legiferéieren? Falls jo, wat wäert d’Regierung ënnerhuelen?

Dir hutt och eng Fro un d’Regierung? Da maacht Gebrauch vun  www.fro.lu

Diskriminéierung duerch Algorithmen?

De Premierminister a Minister fir Digitaliséierung hat a senger Äntwert op d’Question orale n°72 vum honorabelen Deputéierten Sven Clement vum 19ten November 2019 zum Thema Diskriminéierung duerch Algorithmen geäntwert, dass et bei Prozeduren beim Staat zu kengen Diskriminéierungen fir de Bierger dierft kommen an dass all Bierger gläich behandelt muss ginn. Hie verweist heifir op den Artikel 22 vum europäeschen Dateschutzreglement (RGPD) an och op d’Dokument “Intelligence artificielle: une vision stratégique pour le Luxembourg.”, wou vun enger “Approche centré sur l’humain” Ried ass a méi präziis steet soguer geschriwwen: 

Le gouvernement entend sensibiliser les citoyens à l’IA et les aider à en acquérir une compréhension plus approfondie, afin qu’ils passent du statut de simples consommateurs passifs à celui d’utilisateurs actifs des produits, services et technologies liés à l’IA. Il importe qu’ils prennent conscience tant de ses potentialités que de ses limites. (Säit 10)

De Bundesverband der Verbraucherzentralen und Verbraucherverbändehuet eng ëmfaassend Analyse zur Uwendung vum RGPD fir Verbraucher gemaach an zitt d’Bilanz, dass bei der algorithmescher Gläichberechtegung aktuell nach Problemer bestinn. Ënnert anerem bemängelt de Verband den Artikel 22 vum RGPD, andeems e schreift: 

Ein großes Manko ist ferner, dass Art. 22 DSGVO keine Qualitätsanforderungen an automatisierte Entscheidungen festschreibt. Solche Qualitätsanforderungen sollten sicherstellen, dass Fehler und Risiken von automatisierten Entscheidungen reduziert werden und dass Verbraucher darauf vertrauen können, dass automatisierten Entscheidungen tatsächlich auf Basis valider Annahmen und Modelle getroffen werden. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet d’Regierung Kenntnis vun de Mängel, déi de Rapport op de Säiten 9, 10 an 11 opwerft? 
    • Falls jo, sinn déi zoustänneg Ministeren der Meenung, dass d’Problematik och Lëtzebuerg betrëfft? 
      • Falls jo, wéi eng Konsequenzen zéien déi zoustänneg Ministeren aus der Analyse?
  2. Gesäit d’Regierung een Ulooss, déi national Gesetzgebung z’adaptéieren, fir d’Mängel, déi am Rapport am Zesummenhang mam RGPD genannt ginn, auszemäerzen?
    • Falls nee a falls d’Regierung plangt de Problem iwwert d’EU-Instanzen ze léisen: Wäert d’Regierung d’Thematik am EU-Ministerrot op den Ordre u Jour stellen?  
      • Falls jo, bis wéini?

Mangelnde Dateschutz bei Kanner

De 27ten November huet de Bundesverband der Verbraucherzentralen und Verbraucherverbände ee Rapport verëffentlecht, deen d’Auswierkunge vum europäesche Dateschutzreglement (GDPR) op d’Verbraucher ënnert d’Lup hëllt. An deem Rapport monéiert d’Verbraucherzentrale ënnert aanerem den Dateschutz vu Mannerjäregen. Notamment bemängelt de Rapport

Es muss grundsätzlich ausgeschlossen werden, dass Kinder selbst in die Verarbeitung besonderer Kategorien von personenbezogenen Daten einwilligen können sowie dass Kinder selbst darin einwilligen können einer auf einer automatisierten Verarbeitung beruhenden Entscheidung unterworfen zu werden.

a proposéiert als Léisungsusatz

Es muss sichergestellt werden, dass die besondere Schutzbedürftigkeit von Kindern bei der datenschutzgerechten Systemgestaltung sowie bei datenschutzfreundlichen Voreinstellungen gebührend berücksichtigt wird. (Säit 6 & 7)

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Sinn déi zoustänneg Ministeren mat der Aschätzung vum Rapport averstanen? 
    • Falls jo, wäerten si um nationale Kader legiferéieren, fir ze verhënneren, dass Donnéeë vu Mannerjäreger an automatiséierten Dateverarbeschtungsprogrammer kënnen traitéiert ginn ? 
    • Falls nee a falls d’Regierung plangt de Problem iwwert d’EU-Instanzen ze léisen: Wéini wäert d’Regierung d’Thematik an engem EU-Sommet op den Ordre u Jour setzen?

Schlecht Aarbechtskonditiounen an ee Mangel u Lokführer bei der CFL?

Lokführer ze sinn, ass ee schankenhaarde Beruff: nieft der héijer Responsabilitéit eng 7000-PS-staark Maschinne korrekt ze manövréieren, schaffen d’Lokführer an engem onréigelméissegen Zäitplang Dag a Nuecht – oft och d’Feierdeeg – a sinn doriwwer eraus och fir d’Sécherheet vun dausende Passagéier responsabel, déi all Dag matfueren.

Wéi aus verschiddene Froe vun de Gewerkschafte souwéi de respektiven Äntwerte vun der CFL-Direktioun erauszeliesen ass, besteet aktuell ee Mangel u Lokführer bei der CFL an d’Ofgäng vu Personal gi net duerch genuch Neiastellunge gedeckt. D’Aarbechtsbedéngunge hunn sech aus deem Grond aktuell, nieft den alldeeglechen Ufuerderunge vum Beruff vum Lokführer, duerch ee Mangel u Pausen a Rouzäite verschlechtert. 

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Wéi huet sech de Personalbestand u Lokführer an de leschte 5 Joer, opgeschlësselt pro Joer, beim Grupp CFL entwéckelt?
  2. Wéi vill Lokführer sinn an de leschte 5 Joer, opgeschlësselt pro Joer, beim Grupp CFL agestallt ginn?
  3. Wéi vill Lokführer hunn an de leschte 5 Joer, opgeschlësselt pro Joer, hier Platz beim Grupp CFL opginn? 
    • Ass de Minister der Meenung, dass déi aktuell haart Aarbechtsbedéngungen ee Grond duerstellen?
    • Wat kann de Grupp CFL besser maachen, fir den Employee Turnover bei de Lokführer ze reduzéieren?
  4. Wéi vill Iwwerstonnen hunn d’Lokführer an de leschte 5 Joer, opgeschlësselt pro Joer, gemaach?
    • Wéi vill vun dësen Iwwerstonne goufe geleescht a recuperéiert? 
    • Wéi vill Iwwerstonne goufen ausbezuelt?
  5. Wéi vill mol gouf an de leschte 5 Joer, opgeschlësselt pro Joer, d’Paus tëschent zwou Aarbechtswochen vun 38 Stonnen (Artikel 52 Punkt 13.3 vum CFL Statut) beim Grupp CFL net respektéiert?
  6. Wéi vill Roudeeg si bei de Lokführer an de leschte 5 Joer, opgeschlësselt pro Joer, gestrach ginn? Ass de Minister der Meenung, dass d’Sträiche vu Roudeeg de Lokführer d’Méiglechkeet gëtt, sech anstänneg auszerouen? 
  7. Schätzt de Minister, dass aktuell een akute Mangel u Lokführer bei der CFL besteet? Falls jo, wat sinn d’Grënn dofir? Falls nee, wéi erkläert hien sech d’Kritik vun de Gewerkschaften?
  8. Wéi vill Zich sinn an de leschte 5 Joer, opgeschlësselt pro Joer, bedéngt duerch Personalmangel ausgefall?
  9. Plangt d’CFL an de nächste Joren d’Aféierung vun autonom fuerenden Zich, also Zich, déi ouni Lokführer kënne fueren? Falls jo, wéi wäert CFL d’Lokführer op dësem Iwwergang ënnerstëtzen a wéi eng Karrieresméiglechkeete ginn hinnen intern gebueden?  

Tram ouni Schinnen: eng Iddi fir Lëtzebuerg?

Wéi verschiddene Medien beriichten, existéiert an der chinesescher Stad Sichuan aktuell een Tram, deen ouni Schinne fuere kann. Dës schinnelous Stroossebunn fiert op Pneuen an dëst mat bis zu 70 km/h. Den Haaptvirdeel vun dëser Stroossebunn ass evident: fir ze fueren, mussen nämlech keng Schinnen agesat ginn, wat mat immensen Erspuernesser an den ëffentleche Bauten anhiergeet.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Ass de Minister a Kenntnis vun dëser Stroossebunn zu Sichuan? Besteet een Intressi säitens dem Minister, fir dësen Typ Stroossebunn och hei zu Lëtzebuerg anzesetzen?
  2. Wéi vill kascht d’Verleeë vu neie Schinnen um geplangte Reseau vum lëtzebuergeschen Tram? Ass de Minister der Meenung, dass d’Verleeë vu Schinne fir nei Strecken zu Lëtzebuerg sënnvoll ass? 
  3. Ass de Minister der Meenung, dass d’Stroossebunn vum Typ “Sichuan” fir verschidden nach net gebauten Tronçonen hei am Land, wéi zum Beispill Lëtzebuerg-Esch, eng sënnvoll Alternative duerstellt? Falls nee, firwat net? 
  4. Ass de Minister der Meenung, dass dës Stroossebunn vum Typ “Sichuan” Virdeeler par Rapport zum lëtzebuergeschem Tramsmodell huet? Falls jo, wéi eng a wat schwätzt an deem Fall fir d’Bäibehale vum lëtzebuergesche Modell mat Schinnen?

Source vum Bild https://berliner-zeitung.imgix.net//2019/12/8/73004dbc-03e6-4d7f-99b0-78a0f4de615f.jpeg?rect=0%2C56%2C3438%2C4584&w=1024&auto=format

Wéi gesäit et aus am Rekrutement bei der Arméi?

Op der Antenne vum RTL-Radio huet de Chef d’État Major vun der lëtzebuerger Arméi uklénge gelooss, datt vum nächste Joer un wäert en neien « Procédé de sélection » agefouert ginn. Déi intresséiert Kandidatinnen a Kandidaten kënnen deemno an Zukunft selwer decidéiere, wéini si an d’ „Musterung“ bei d‘Arméi ginn. Zousätzlech sollen déi schrëftlech Tester fir de Rekrutement definitiv ofgeschaaft ginn an di iwwreg Epreuven duerch d‘Méiglechkeet vun enger zweeter Chance erweidert ginn. Bis well war et fir de „Soldat-volontaire“, deen sech „um Bierg“ wollt mellen esou, datt en huet missen Tester maachen an den dräi administrative Sproochen an an der Arithmetik.

An deem Zesummenhang hu mir dem Minister dës Froe gestallt:

  1. Kann den Här Minister confirméieren, datt d‘lëtzebuerger Arméi e Nowuessproblem huet? Wa jo, u wat läit dat senger Meenung no?
  2. Wéi wëll de Minister dem Fait entgéint wierken, datt d‘Arméi den Ament de Jonke keng sécher Aarbechtsplaz méi no hirer Lafbunn bei der Arméi bidden kann, sou wéi dat fréier de Fall war?
  3. Här Minister, kënnt dir confirméieren, datt d‘schrëftlech Tester fir d‘Rekruttinnen an d‘Rekrutten ofgeschaaft goufen? Falls jo, firwat?
  4. Kéint Dir eis Statistike liwweren, iwwert déi läscht fënnef Joer gekuckt, wéi vill Kandidatinnen a Kandidaten, opgeschlësselt op déi verschidden Disciplinnen, d‘schrëftlech Tester gepackt, respektiv net gepackt hunn?
  5. Här Minister, mat wéi engem schouleschen Niveau waren d‘Rekrutementsufuerderungen bis elo vergläichbar?
  6. Här Minister, kënnt d‘Erofschrauwe vun de Mindestufuerderungen ärer Meenung no der Qualitéit vun der Ausbildung vun den Zaldoten an letztendlech och der Qualitéit vun der lëtzebuerger Arméi zegutt?
  7. Här Minister, sidd dir net der Meenung, datt d‘Attraktivitéit vun der lëtzebuerger Arméi misst iwwert aner Weeër verbessert ginn, wéi eenzeg an eleng iwwert d‘Erofschrauwe vun de Rekrutementsufuerderungen?
  8. Ginn et Méiglechkeete, fir jonk Zaldotinnen an Zaldoten, fir wärend enger gewëssen Zäit, een Openthalt an enger anerer europäescher Arméistruktur (Schoul, Asaz, etc.) ze maachen?
  9.  Wéi eng Mesuren goufen an de leschten Joren an der lëtzebuerger Arméi geholl, fir transgender Zaldotinnen an Zaldoten virun Diskriminéierung ze schützen? Goufen et säitens dem Ministère Sensibiliséierungscampagnë, fir Diskriminatioun an deem Kontext entgéint ze wierken?
  10. Här Minister, ass et aktuell virgesinn, nei Weeër an der Rekrutementsprozedur ze goen, wéi beispillsweis d‘aktiivt Promouvéiere vum Rekrutement vu Fraen?
  11. Wat ass aktuell d‘Geschlechterverdeelung an der lëtzebuerger Arméi?
  12. Här Minister, wéi sti Dir zu enger europäescher Arméi?
212271

Drock beim Staat – eventuelle Favoritismus?

A menge parlamentaresche Froen n° 881, 1163 an 1299 hat ech mech iwwert d’Verwennung vu Pabeier beim Staat souwéi den externen Drockopträg beim Staat ëmfrot. 

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

A menge parlamentaresche Froen n° 881, 1163 an 1299 hat ech mech iwwert d’Verwennung vu Pabeier beim Staat souwéi den externen Drockopträg beim Staat ëmfrot. 

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Am Tableau vun der Äntwert op d’Fro n°1299 ass bei enger Imprimerie vun 2013 bis 2019 eng Verdräifachung vum ausbezuelte Montant fir d’Opträg festzestellen. Gläichzäiteg ass d’Unzuel vun den Opträg mat 98 Opträg méi niddreg wéi bei aneren Imprimerien.

    De Minister äntwert des Weideren op d’Fro n°1163

    Generell, ginn Präisser bei e puer Dréckereien ugefrot an de bëllegsten Ubidder gëtt geholl.
    • Wéi ass z’erklären, déi Imprimerie mat manner Drockopträg ewéi seng Konkurrente méi Suen erhalen huet?
    • Kann de Minister confirméieren, dass bei den Ausschreiwunge fir d’Drockopträg säit 2013 gläich Krittäre fir all d’Imprimerie gëllen? 
  2. 2016 huet eng Imprimerie Faillite gemaach. Kann de Minister matdeelen ween déi feelend Drockopträg vun dëser Imprimerie am Folgejoër kritt huet a wat vir een Typ vun Opträg déi Imprimerie kruuten?
  3. Kann de Minister ausschléissen, datt an deenen Imprimerien, wou Memberen vum Verwaltungsrot direkt oder manner direkt a Verbindung mat Regierungsparteien stinn, doduerch Drockopträg zu Gonschten vun dësen Imprimerien entscheet goufen?

Google-Datazenter zu Biissen

Wéi d’Regierung op d’parlamentaresch Fro n°1328 äntwert, existéiert een Memorandum of Understandingmat Google – respektiv mat der Duechtergesellschaft LB Technology sàrl – betreffend der Exploitatioun vun den Terrainen zu Biissen. An engem Artikel op rtl.lu vum 3ten Dezember gëtt de Wirtschaftsminister des Weideren zitéiert, dass d’Terrainen, déi d’Firma LB Technology an der Wirtschaftszon zu Biissen fir d’Konstruktioun vum Datenzenter kaaft huet, vum Staat kéinten ofkaaft ginn, am Fall wou Projet Datenzenter sech net realiséiere sollt, ënnert der Bedéngung,

datt de Präis och dee muss sinn, dee si bezuelt hunn an net dorop nach dierf Spekulatioun gemaach ginn.

D’Terrainen, déi LB Technologies opkaft huet, bedroen – den Informatioune vu op Basis vun den Akten um Hypothéikenamt no – 34.068.860,00€.

An enger Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°3520 vum 12.12.2017 hat et nach vun der Regierung geheescht 

Au moment où l’investisseur vient de lancer la première étape, il n’appartient pas au Gouvernement de spéculer sur l’avenir de ces terrains dans l’éventualité d’une non-réalisation d’un projet concret. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet d’Regierung tëscht 2017 an 2019 hier Meenung, dass et net dem Staat iwwerlooss ass iwwert d’Zukunft vun den Terrainen zu Biissen ze spekuléieren, geännert? Falls jo, firwat?
  2. Wat ass de Maximalmontant, deen de Staat fir eng eventuell Acquisitioun vun den Grondstécker u Google wëll bezuelen? 
  3. Gouf dofir ee Präis am Memorandum of Understanding fixéiert?