All Apdikte verflichten net gebrauchte Medikamenter zeréckzehuelen?

Aktuell kann een zu Lëtzebuerg ofgelafe Medikamenter an de Recyclingszentere souwéi op d’Sammelstelle vun der Superdreckskëscht ofginn. Och a verschiddenen Apdikte besteet d’Méiglechkeet, dass d’Clienten hir Medikamenter zeréckdroe kënnen. Allerdéngs ass dat net an allen Apdikten de Fall. 

D’EU-Kommissioun huet an engem Communiqué un d’EU-Parlament an un den EU-Rot vum 11ten Mäerz 2019 d’Reduktioun vu Medikamentenoffäll als eng Prioritéit consideréiert. Notamment sollen déi bestéiend Sammelstrukturen analyséiert a verbessert ginn an och d’Ëffentlechkeet besser doriwwer informéiert ginn, wéi a wou si Medikamenter konform entsuerge kënnen. D’Regierung huet an de leschte Joren eng Réi Sensibiliséierungscampagnen zu dësem Thema lancéiert. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  • Wäert d’Regierung eppes ënnerhuelen, fir dass all d’Apdikten hei am Land dozou verflicht ginn, Medikamenter ze sammelen, fir esou eng propper Entsuergung ze erméiglechen? 
    • Falls jo, wéi eng Mesurë gesäit d’Regierung vir, fir d’Apdikten heibäi ze ënnerstëtzen?
    • Falls nee, firwat gesäit d’Regierung dat als net néideg un?

Waasser aus der Musel – eng gutt Qualitéit?

Wéi d’Tageblatt den 1ten Oktober 2019 gemellt huet, gouf et op der franséischer Säit vun der Musel een Incident beim Atomkraaftwierk zu Cattenom. Et ass net déi éischte Kéier, dass et am bal 40 Joer ale Kraaftwierk zu irreguläre Virfäll kennt. 

Dës Virfäll bleiwen ni ouni Konsequenze fir Lëtzebuerg, well d’Musel aus der Lorraine bei iwwert d’Grenz erafléisst a soumadden d’Waasserqualitéit an och Ëmwelt zu op eiser Säit direkt vun esou Incidenten betrafft sinn. An dem Kontext stellen sech och Froen zu der genereller Waasserqualitéit vun der Musel.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Wéi hunn sech d’Maximalwäerter u Radioaktivitéit an deene leschten 10 Joren an der Musel entwéckelt? Kann d’Ministesch Erklärungen zu de Wäerter ginn?
  2. Wéi hunn sech d’Waasserwäerter generell an de leschte 5 Joer op der Musel entwéckelt, betreffend:
    • Waassertemperatur,
    • Sauerstoffgehalt,
    • pH-Wäert,
    • Pestizidréckstänn,
    • Herbizidréckstänn,
    • Medikamenteréckstänn,
    • aner Verschmotzungswäerter?
  3. Wat sinn an eischter Linn déi gréisste Verschmotzungsursaachen vun der Musel? 
  4. Wéi eng Mesuren huet d’Regierung säit 2013 ënnerholl fir d’Waasserqualitéit vun der Musel ze verbesseren? 

Intransparenz an de Verwaltungsréit? – Nofro

Mir haten am Abrëll eng Fro iwwert d’Fonctionnaire gestallt, déi als Administrateur an d’Verwaltungsréit vun Entreprise nominéiert ginn, an deenen de Staat Undeeler besëtzt. Op eis Froe konnt de Premierminister eis keng Zuele presentéieren, verweist awer gläichzäiteg drop, dass all d’Donnéeën iwwert den Internet opruffbar an transparent ass. A senger zweeter Äntwert geet de Premierminister guer net op eis Froen an. Domadder gi mir eis net zefridden a stellen d’Fro nach eng Kéier.

209359-2

211469

Formatioune fir Gemengepolitiker?

Am Grand-Duché goufen an de leschte Gemengewahle 600 Gemengeconseillere gewielt, déi an den 102 Gemengen uechtert d’Land d’Geschécker an der Lokalpolitik leeden. Dës Gemengeconseillere kommen aus ganz verschiddene soziale Milieuen, woubäi déi eng méi an déi aner manner Kenntnisser a Politik a Recht besëtzen. 

Et ass evident, dass ee Gemengeconseiller, dee berufflech an engem juristesche Kontext schafft, et vill mi einfach huet fir sech an d’lokalpolitesch Dossieren eranzeschaffen, wéi een, deen als Ugestallten an engem net liéierten Domaine schafft. 

Ee Mandat an engem Gemengerot oder och an e puer Schäfferéit ass net ëmmer eng Vollzäit-Tâche an erfuerdert vu ville Mandatsdréier, dass si sech nieft hirem Beruff a verschidden Dossieren eraschaffen. Dës Aufgab ass net ëmmer einfach, well et sech heiansdo ëm héich technesch Dossieren handelt, an deenen et dorëm geet, Decisiounen ze huelen, déi dem Wuel vun den Awunner vun de jeeweileger Gemengen déngen. 

A villen Dossieren, wéi zum Beispill dem Stroossebau, der kommunaler Steierpolitik oder der Energieversuergung, kënne juristesch Technizismen optauchen. Et ass net dovun auszegoen, dass all Gemengeconseiller an esou Dossieren ëmmer déi néideg Virkenntnesser besëtzt. Dorënner kéint d’Qualitéit vun der politescher Aarbecht um Gemengenniveau leiden. Dat selwecht kéint och fir Schäfferéit a Buergermeeschteren de Fall sinn.

Et wär an dem Kontext wichteg, dass déi Verantwortlech aus der Gemengepolitik dat néidegt Wëssen an déi néideg Instrumenter géife mat op de Wee kréien, fir korrekt politesch Entscheedunge kënnen ze fällen.

An deem Zesummenhang hu mir der Inneministesch dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Formatiounen ginn aktuell fir Gemengeconseilleren ugebueden? Wat ass den Ëmfang vun de jeeweilege Formatiounen?
  2. Wéi eng Formatiounen ginn aktuell fir Schäffen a Buergemeeschteren ugebueden? Wat ass den Ëmfang vun de jeeweilege Formatiounen?
  3. Ass d’Madamm Ministesch der Meenung, dass d’Offer u Formatioune fir Gemengeconseilleren a Schäfferéit aktuell ausräichend ass?
  4. Ass d’Madamm Inneministesch der Meenung, dass den Inneministère oder de SYVICOL méi Formatioun fir Gemengeconseillere a Schäfferéit misst ubidden?

Plastiksgadgeten beim Staat

Op Eventer oder Fester si Gadgeten ee gutt Mëttel fir mat de Participanten an d’Gespréich ze kommen a fir beim Géigeniwwer an Erënnerung ze bleiwen. Och beim Staat gräife verschidde Ministèren op Gadgeten zeréck, déi dann op Eventer verdeelt ginn. Esou sinn op verschiddene Events, un deene Administratiounen deelhuelen heiansdo Loftballone mat der Opschrëft “Letz make it happen” ze gesinn, déi dekorativ opgehaangen oder verdeelt ginn.  A Kreesser vun Ëmweltschützer gi virun allem d’Loftballone schaarf kritiséiert, well et sech ëm Plastik handelt, deen no enger eemoleger Notzung bal ëmmer an der Dreckskëscht, oder nach schlëmmer an der Natur lant wou Déieren drun erstecke kënnen.

Am Kader vun der neier EU-Richtlinn iwwert de Verbuet vun Einwegplastik gi Loftballonen net verbueden, mee ënnerstinn enger Kennzeechefliicht. Trotzdeem bleift d’Fro, ob Ballonen am Kader vun Eventer wierklech néideg sinn.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Wéi vill Suen si vun 2013 bis 2019 fir Loftballonen ausgi ginn? Wéi vill Stock u Loftballonen existéieren aktuell nach bei de Ministèren?
  2. Wäert d’Regierung an allen ëffentlechen Institutiounen an noer Zukunft op de Gebrauch vu Loftballone souwéi anere Gadgeten aus Plastik verzichten?
  3. Deelt d’Madamm Ministesch d’Bedenken, dass Loftballonen eng Ressourcëverschwendung an ee Risiko fir d’Ëmwelt duerstellen?

Wat hält d’Kierch vun der Verfassung?

Den 30. September 2019 huet de lëtzebuergesche Weibëschof an engem RTL-Interview ausgeschloss, dass Fraen an der kathoulescher Kierch kéinte Paschtouer ginn. Hien argumentéiert, dass esou ee Wiessel an der Kierch misst op theologescher Basis a net virum Hannergrond vun der Gläichberechtegung stattfannen. 

Esou ëffentlech Aussoe si besuergneserreegend, well hei ee fundamentaalt Prinzip vun eiser Verfassung, nämlech d’Gläichberechtegung tëscht de Geschlechter, dem Kiercheglaawen ënnergeuerdent gëtt.

Esou Aussoe vu groussen Institutiounen, egal ob se an engem reliéisen oder a sos engem Kontext gemaach ginn, fërderen net de politesch Wëlle vun der Regierung fir d’Roll vun der Fra an eiser Gesellschaft ze stäerken.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung des Froe gestallt:

  1. Wéi eng Positioun vertrëtt d’Madamm Ministesch zu den Aussoen, déi de Weibëschof am RTL-Interview zu de Frae gemaacht huet?
  2. Consideréiert d’Madamm Ministesch, dass d’Kierch mat dëser Ausso den Artikel 11 vun eiser Verfassung respektéiert? 
    • Falls jo, a wéi engem Sënn?
    • Falls nee, wäert d’Ministesch d’Gespréich mat der Kierchevertrieder sichen? 
  3. Consideréiert d’Madamm Ministesch, dass d’kathoulesch Kierch d’Fräiheeten an eiser Verfassung misst respektéieren an applizéieren? 
  4. Ass d’Madamm Ministesch der Meenung, dass all Geschlecht soll kennen de Paschtouerberuff ausféieren?

Firwat ginn 20 Milliounen Euro Protokoller net direkt agedriwwen?

An der parlamentarescher Fro n°614 hate mir eis iwwert d’Avertissements taxés (AT) emfrot. An hirer gemeinsamer Äntwert schreiwen d’Ministeren

A Saache Parkinfraktiounen ass et schwéier Autoen déi am Ausland ugemellt sinn ze identifizéieren. Aktuell gëtt et keng legal Basis déi et géif erméiglechen dës Informatioune bei auslänneschen Autoritéiten unzefroen.

An der Oplëschtung an der Äntwert op d’parlamentaresch Fro stellt sech eraus, dass iwwer 20 Milliounen Euro net direkt konnten agedriwwe ginn bis de Parquet saiséiert ginn ass. Eis ass des Weidere vu verschiddene Säiten zougedroe ginn, dass Net-Residenten effektiv schwéier zur Keess ze biede sinn. 

Tableau aus der Äntwert op déi vireg parlamentaresch Fro

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung des Froe gestallt:

  1. Vun 2013 bis 2019 si 696.195 ATen net bezuelt ginn éier de Parquet saiséiert ginn ass. Wéi vill Prozent vun dësen ATen sinn op Net-Resident’en zeréckzeféieren?
  2. Kéint d’Regierung d’Oplëschtung aus der Äntwert op d’parlamentarescher Fro n°614 ergänzen an uginn wéi vill ATen vun 2013 bis 2019 beim Parquet agereecht an agedriwwe gi sinn (Unzuel a Montanten) ? Wéi vill ATen sinn no der Saisie vum Parquet onbezuelt bliwwen?
  3. Kennen d’Ministere confirméieren, dass d’ëffentlech Instanzen aktuell machtlos sinn, wat d’Andreiwen vun ATen a Saache Parkinfraktiounen ugeet? Falls nee, wéi erkläert d’Regierung sech, dass bannent 6 Joer iwwer 20 Milliounen Euro un ATen iwwert de Parquet hu missen agedriwwe ginn? 

Sécherheet zu Esch

Esch/Uelzecht ass awunnerméisseg déi zweetgréisste Stad an eisem Land. D’Minettemetropole ass eng Stad mat vill Geschicht a Kultur a gläichzäiteg eng Stad op der Sich no enger neier Identitéit. An der Transitiounsphase nom Réckzuch vun der Stolindustrie versicht d’Stad sech selwer eng nei Identitéit ze ginn. An dësem Kader spillt natierlech Esch2022 eng wichteg Roll, well mam Projet vun der europäescher Kulturhaaptstad Esch seng Identitéit als hip, modern a kosmopolitesch Stad weiderentwéckele soll. 

Allerdéngs ass Esch aktuell net fir seng Kënschtler– a Kulturzeen bekannt, mee virun allem fir d’Onsécherheet a Kriminalitéit. Et brauch ee keng zwou Persounen an der Stad ze froen fir festzestellen, dass d’Perceptioun vun der Sécherheet zu Esch miserabel ass. Ob Drogenhandel, Gewalt am Alldag oder Déifstall, d’Escher Police leeft der héijer Unzuel vun Infraktioune säit Jore hannendrun. Et ass virun allem fir d’Awunner a fir d’Geschäftsleit ermiddend ee Strofdéider den Dag no senger Infraktioun erëm op d’Neies bei enger neier Strofdot ze erwëschen. Als Folge hu vill Mënschen zu Esch d’Vertrauen an d’Justiz ganz verluer a ruffen aus dësem Grond d’Police net méi. D’Strofdéiter selwer schéngen de Respekt virun der Justiz och komplett verluer ze hunn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Opgelëscht pro Joer, wéi vill Infraktioune sinn tëscht 2013 an 2019 an der Gemeng Esch/Uelzecht constatéiert ginn? 
    • Wéi vill Infraktioune betreffen Déifstall?
    • Wéi vill Infraktioune betreffe Gewalt?
    • Wéi vill Infraktioune betreffen Drogenhandel?
  2. Als Vergläich: Opgelëscht pro Joer, wéi vill Infraktioune sinn tëscht 2013 an 2019 
    • op der Stater Gare, 
    • zu Déifferdeng, 
    • zu Péiteng, zu Dikrech, 
    • zu Ettelbréck 
    • an zu Wolz
    constatéiert ginn? 

    • Wéi vill Infraktioune betreffen Déifstall?
    • Wéi vill Infraktioune betreffe Gewalt?
    • Wéi vill Infraktioune betreffen Drogenhandel?
  3. J’ai dû passer au moins un millier d’appels aux autorités. Depuis un an et demi, c’est de pire en pire. Les dealers s’installent, je les mets dehors, puis ils reviennent en me riant au nez.(Auszuch aus engem Artikel aus dem L’essentiel 18ten Oktober 2018)Kann d’Regierung den Onmut an d’Frustratioun vun den Awunner a Geschäftsleit zu Esch novollzéien?
  4. Consideréiert d’Regierung, dass d’Kriminalitéit zu Esch ausser Kontroll geroden ass?
  5. Wat fir eng Mesure wäert d’Regierung ënnerhuele fir d’Sécherheet zu Esch a noer Zukunft ze erhéijen? 
  6. D’Ministere fir Bannenzeg Sécherheet a Justiz haten de leschte Mëttwoch un enger Versammlung am Quartier Stater Gare deelgeholl fir mart den Awunner iwwert d’Kriminalitéit an der Rue de Strasbourg ze diskutéieren. Envisagéiert d’Regierung eng ähnlech Versammlung fir Esch? Falls jo, wéini?

Adressaten

  • Félix Braz – Justiz
  • François Bausch – Bannenzeg Sécherheet
  • Taina Bofferding – Interieur
  • Sam Tanson – Kultur

Nofro zu de “Grands Voyants”

A menger Fro n°1003 hat ech d’Regierung iwwert d’Praxis vun de sougenannten “Grands Voyants” befrot. An hirer gemeinsamer Äntwert schreiwen d’Ministeren, dass d’Aktivitéit vun de Grands Voyants net d’office als illegal ka betruecht ginn. De Code Pénal schreift dozou allerdéngs

Art. 563.
Seront punis d’une amende de 25 euros à 250 euros: 
1° Les gens qui font métier de deviner et de pronostiquer ou d’expliquer les songes. Seront saisis et confisqués les instruments, ustensiles et costumes servant et destinés à l’exercice du métier de devin, pronostiqueur ou interprète des songes;

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Waren d’Ministere bei der Redaktioun vun hirer Äntwert a Kenntnis vum Artikel 563 vum Code Pénal? 
  2. Sinn d’Ministeren der Meenung, dass d’Police misst méi Aktiounen duerchféieren fir d’Wahrsagerei ze ënnerbannen?
  3. Wéi vill Infraktioune vum Artikel 563 Paragraf 1 goufen et zënter 2009?

Kamerabiller bei den CFL

An den Zich, de Garen souwéi an de Busser vun den CFL ginn d’Reesender vun Iwwerwaachungskameraen opgeholl. Mam Akraafttriede vum GDPR am Mee 2018 huet sech d’Legislatioun ronderëm den Asaz a Gebrauch vu Kameraen allerdéngs verschäerft. 

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Ween ass de Responsabele fir den Traitement vun de Videoopnamen, déi an de Waggone, op de Garen souwéi an de Busser vun den CFL opgeholl ginn? 
  2. Wéi eng Persounen hunn Accès op dës Biller a wéi ass den Accès protegéiert? Huet d’Personal vun den CFL een Accès op d’Opnamen? Falls jo, sinn si hisiichtlech dem GDPR forméiert?
  3. Wou ginn d’Videoopnamen an den Zich, Garen a Busser gespäichert a wéi laang?
  4. Wéi vill mol ass d’Videomaterial säit dem Akraafttriede vum GDPR visualiséiert a consultéiert ginn? Wat waren d’Motiver vun de verschiddene Consultatiounen a wéi eng Persounen kruten op dës Donnéeën een Zougrëff?