Connect with us

Parlamentaresch Froen

Leedung vum Office social

D’Gesetz vum 18ten Dezember 2009 organisant l’aide sociale reegelt, wéi d’Offices sociaux’en funktionéieren. Dës gi vun engem Verwaltungsrot, wou d’Zesummesetzung jee no Office social aneschters ka sinn.
A gréissere Gemengen, wéi zum Beispill de Gemeng Péiteng, wou nom Proporzsystem d’Gemengewalen ofgehale ginn, gëtt zum Beispill d’Walresultat bei der Zesummesetzung vum Verwaltungsrot mat a Betruecht geholl. Dobäi si Memberen aus den Oppositiounsparteie souwéi och Bierger:innen ouni Parteikaart am Verwaltungsrot dran, wat demokratesch ass an esou fir eng besser Kontroll a méi Transparenz suergt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Wéi steht de Minister zu enger Ännerung vum Gesetz, soudass a Proporzgemengen mat engem eegenen Office social, d’Walresultater bei der Zesummesetzung vum Verwaltungsrot respektéiert ginn (nom Péitenger Modell)?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2331

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert