Connect with us

Mobilitéit

Autobunnsopfaahrt fir de GridX zu Wickreng

 Ee WORT-Artikel vum 23ten Dezember 2024 hat informéiert, dass op der Schnellstreck vum Tram tëschent der Stad an dem Belval elo dach ee weideren Arrêt kéint kommen. D’Ministesch huet dës Informatioun an der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°1714 bestätegt. Op d’Fro, wien déi Opfaart baut, do huet d’Ministesch geäntwert:
““De Bau vun enger neier Autobunns – Opfaart an – Offaart op der Säit vu Steebrécken an vun der Autobunnsopfahrt a Richtung Stad gëtt vun der Firma Félix Giorgetti S.à r.l. realiséiert. Bei den ëffentlechen Ausschreiwungen huet dës Baufirma déi gënschtegst Offeren ofginn, an deemno och hei den Zouschlag krut.“”

Et schéngt praktesch, dass zäitgläich direkt nieft der Opfaart och de Projet GridX vum Besëtzer vun der selwechter Baufirma gebaut gëtt, wéi d’WORT schonn am Artikel erkannt hat.
““Die Haltestelle würde in direkter Nähe zum GridX entstehen. Das Großprojekt der Giorgetti-Gruppe […]””

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Fënnt d’Ministesch et net komesch, dass déi Firma, déi op dëser Plaz am meeschte vun enger direkter Ubannung profitéiert, déi beschten Offer konnt ofginn? 

  2. Deelt d’Ministesch meng Aschätzung, dass dës Firma bei der ëffentlecher Ausschreiwung hätt missten écartéiert ginn, well dës Firma u sech mat Steiergelder hir eegen Opfaart gebaut huet?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1889

Nofro

Fro n°2328

Ee WORT-Artikel vum 23ten Dezember 2024 hat beriicht, dass tëschender Stad an dem Belval ee weideren Tram-Arrêt kéint kommen. D’Ministesch huet dës Informatioun an der Äntwert op meng parlamentaresch Froen n°1714 an 1889 bestätegt. 

Et ass verdächteg, dass direkt nieft der Opfaart de Projet GridX vum Besëtzer vun der selwechter Baufirma gebaut gëtt, wéi d’WORT schonn am Artikel erkannt hat. ”Die Haltestelle würde in direkter Nähe zum GridX entstehen. Das Großprojekt der Giorgetti-Gruppe […]”

An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:

  1. Op d’Fro, firwat de Giorgetti-Grupp d’Opfaart baut, do hat d’Ministesch geäntwert: „Bei den ëffentlechen Ausschreiwungen huet dës Baufirma déi gënschtegst Offeren ofginn, an deemno och hei den Zouschlag krut.“ „Entspriechend der Gesetzgebung ginn d’Offere vun deenen Entreprisen zeréckbehalen, déi no der Erfëllung vun alle Krittären déi bescht ekonomesch Offer ofginn hunn. Falls keng zousätzlech Krittäre fir den Zouschlag festgeluecht sinn, kritt déi gënschtegst konform Offer den Zouschlag.“
    • Firwat goufe keng Krittären an dës ëffentlech Ausschreiwung agebaut, déi Firmen ausschléissen, déi een Eegeninteressi um Projet kéinten hunn a vun de Retombéeë vum Bauprojet profitéieren?
  2. Ass et ënnert dem aktuelle Marché public Gesetz méiglech, dass eng Firma iwwert eng aner Societéit de Projet kéint kréien?
  3. De Premierminister huet a senger Ried zur Lag vun der Natioun eng Upassung vum Gesetz iwwert Marchés publics ugekënnegt, am Kader vu Wandkraaftrieder.
    • Wäert d’Regierung dofir suergen, dass d’Reegele vun den Ausschreiwunge méi streng ginn, esou dass keng Firma kann un enger Ausschreiwung deelhuelen, wou si selwer Interessie huet a finanziell oder strategesch duerno vum Projet profitéiert?

CHD

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert