Mobilitéit
WC fir Buschaufferen

Gemengen kënnen ee Subisd vum Staat ufroen, wa si Toiletten bei d’Busarrêten vum RGTR installéieren:
„En vue d’inciter les communes à réaliser des installations sanitaires auprès d’un terminus de ligne d’autobus du réseau RGTR, ces réalisations sont subventionnées par l’Etat.“ (SYVICOL)
Verschidde Buslinnen hunn hiren Terminus souguer an der Groussregioun an deemno an net-lëtzebuergesche Gemengen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
-
Kënnen all Gemengen an der Groussregioun, also och an der Belsch, Frankräich oder Däitschland, vun dëse Subsid ufroen?
QP Nummer 2171
Nofro
Fro n°2314
Gemengen kënnen ee Subisd vum Staat ufroen, wa si Toiletten bei d’Busarrêten vum RGTR installéieren:
“En vue d’inciter les communes à réaliser des installations sanitaires auprès d’un terminus de ligne d’autobus du réseau RGTR, ces réalisations sont subventionnées par l’Etat.” (SYVICOL)
Dëse Subside ass limitéiert op d’Gemengen hei am Land, wéi d’Ministesch an hirer Äntwert op meng parlamentaresch Fro erkläert huet (n°2171).
An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:
- Wéi oft gouf dës Subventioun bis ewell vun de Gemengen ugefrot a wéi eng Gemengen waren et?