Drockopträg beim Staat

An der Äntwert op eis parlamentaresch Fro n°881 goung ervir, dass de Verbrauch an d’Käschte vum Pabeier beim Staat relativ stabil bliwwen ass. Och wa verschidde Prozeduren digitaliséiert ginn, esou setzt de Staat aktuell nach vill op de Pabeierdrock fir zum Beispill Informatiounsbroschüren hierzestellen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung folgend Froe gestallt:

  1. Wéi sinn d’Drockopträg beim Staat gereegelt? Gi gréisser Drockopträg iwwert ee Marché public bestëmmt oder existéiert eng Konventioun tëscht dem Staat an engem Fournisseur? 
  2. Kann d’Regierung eis eng Lëscht vun den Drockopträg opstellen, dëst opgeschlësselt no 
    • Joer (vun 2012 bis 2019), 
    • no Fournisseur (D’Dréckerei)
    • a nom Käschtevolume fir all d’Opträg vum Fournisseur fir dat Joer?
  3. Setzt d’Regierung bei den Drockopträg dorobber, dass de Fournisseur Recyclingspabéier benotzt? 
    • Falls nee, wéi vill Prozent vun den Opträg ginn op normalem Pabeier gedréckt?
  4. Ginn bei den Drockopträg Faarwen op Uelegbasis benotzt?
    • Falls jo, wisou setzt d’Regierung hei net op planzlech Faarwen?
  5. Ginn Drockprodukter, déi net méi gebraucht ginn, recycelt?
  6. Gëtt bei den Drockopträg och d’Nohaltegkeet vum Fournisseur consideréiert, wéi zum Beispill d’CO2-Bilanz?

Een Déiereschutzlabel zu Lëtzebuerg?

Verschidden Déiereschutzorganisatiounen, wéi zum Beispill den Tierschutzverbund an Däitschland, fuerdere scho säit Joren den Asaz vun enger Déiereschutzkennzeechnung fir Déiereprodukter, déi op héijen Déiereschutzstandards foussen, ze kennzeechnen. Enger Etüd vum Eurobarometer no, op déi sech den Tierschutzverbund berifft, ass ee Groussdeel vun de Konsumenten sech bewosst, dass hiert d’Kafverhalen een Afloss op den Déiereschutz huet. Wéi d’Bundeszentrum für Ernährung op hirer Website matdeelt, wäert déi däitsch Regierung fir 2020 ee Label fir d’Déiereschutzkennzeechnung op de Wee bréngen.

Mir erënneren d’Regierung dorun, dass si am Koalitiounsaccord bekräftegt huet hiert Engagement am Déiereschutz weiderhin héichzehalen (Säit 194 vum Koalitiounsaccord).

An deem Zesummenhang hunn mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäert och d’lëtzebuergesch Regierung sech fir een Déiereschutzlabel asetzen ?
    • Falls jo, 
      • wäert Lëtzebuerg sech der däitscher Initiative uschléissen oder een eegent Gesetz op de Wee bréngen?
      • wäert d’Regierung mat den heemeschen Déiereschutzorganisatioun zesummeschaffen, fir d’Kritäre vum Label festzeleeën?
    • Falls  nee, firwat net?

Sécherheet am Auto

Mir hunn dem Mobilitéitsminister eng Serie Froen iwwert d’Sécherheetsequipementer an Autoe gestallt an ob d’Regierung dës wëll ze fërderen. Rechtsabbiegeassistenten oder automatesch Bremssystemer kënne mënschlech Feelere vermeiden a Liewe retten. Hei ass eis Fro:

An de leschte Jore sinn an der Autosindustrie eng Rëtsch interessant Sécherheetsequipementer virgestallt ginn. Ee rezent Beispill ass ee sougenannte Rechtsabbiegeassisten, bei dem Sensore vum Auto Vëlosfuerer erkennen, déi vun hannen ugefuer kommen an eng automatesch bremsung ausléisen. Aner Equipementer bidden dës automatesch Bremssystemer fir d’Verhënnere vu Frontalaccidenter mat Foussgängeren un. Och d’Beliichtung an den Autoen huet sech an de leschte Jore weiderentwéckelt, soudass Autoe mat LED anstatt mat Halogen equipéiert kënne ginn.

All dës technesch Sécherheetsmesuren existéieren a kënnen dozou bäidroen dat vun der Regierung deklaréiert Zil vun der VISION ZERO, dat heescht d’Reduzéierung vun de Stroossenaffer op 0, ze erreechen. De Mobilitéitsminister huet am Aktiounsplang “sécurité routière” d’Promotioun vu Sécherheetsequipementer als ee vun den Haaptdéfien definéiert. Et ass natierlech ze betounen, dass den Abau vun esou Sécherheetsequipementer an den Autoe Geld kascht. Geld, wat virun allem déi sozial schwaach Akommensklassen an eisem Land net hunn.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Wëll de Minister den Abau vu moderne Sécherheetsequipementer a lëtzebuergeschen Autoe promouvéieren? 
    • Falls jo, wéi soll dëst geschéien? 
    • Falls nee, firwat ecartéiert de Minister dës Méiglechkeet?
  2. Vu, dass ënnert der aktueller Regierung d’Luuchtepottoen op den Autobunnen ofgesät gi sinn, wär et do net sënnvoll, déi gespuerte Suen an d’Stroossesécherheet ze investéieren? 
    • Falls dëst geplangt ass, a wéi eng Mesurë wëll de Minister dës Suen investéieren?
    • Ënnert dem Aspekt, wäert de Minister sech dofir asetze modern a sécher Beliichtungstechnologie fir Autoen, wéi zum Beispill de Xenon oder de LED, fir all Autofuerer méi zougänglech maachen?
  3. Wëll d’Regierung de Kaf vu moderne Sécherheetsequipementer an Autoen, ähnlech wéi si et bei den Elektroautoe gemaach huet, subventionéieren?
    • Falls jo, fir wéi eng Sécherheetsequipementer ass dës virgesinn?
    • Falls nee, wéi kënne sozial schwaach Akommensklassen an de Genoss vu modernen a sécheren Autoe kommen?
  4. Consideréiert d’Regierung iergendwann nëmmen nach Neiween zu Lëtzebuerg zouzeloossen, déi modern Sécherheetsequipementer virweise kënnen, wéi zum Beispill den automatesche Bremsassistent? 
    • Falls jo, ab wéi engem Datum gëtt dëst envisagéiert a fir wéi eng Sécherheetsequipementer?
    • Falls nee, rechent d’Regierung domadder, dass de Marché dat vum selwe reegele wäert?

Plënneren an d’Groussregioun als lescht Optioun

Déi héich Wunnengspräisser drécken ëmmer méi op d’Budgete vun de Mënschen, déi zu Lëtzebuerg liewen. Vill Leit ginn dofir an dat not Ausland, wou d’Wunnengspräisser dacks méi bëlleg si wéi hei. Et stellen sech also eng Réi Froen, wéi d’Regierung an Zukunft gedenkt, mat dëser Praktik ëmzegoen an ob ee gewollt ass dësen Ex-Residenten iergendwéi entgéint ze kommen.

Weiterlesen

Oflaf vun der Dog Show 2019?

Mir hunn beim zoustännege Minister fir Déiereschutz nogefrot, wéi d’Dog Show 2019 ofgelaft ass. Hei ass eis Fro:

A menger parlamentarescher Fro n°225 hat ech den Här Landwirtschaftsminister ufanks dës Joers no Informatiounen iwwert d’Organisatioun vun der diesjäreger Hondsausstellung zu Lëtzebuerg gefrot. D’Dog Show huet dunn effektiv den 31.8 an den 1.9 zu Lëtzebuerg stattfonnt. A wéi aus der Äntwert vum Minister ervirgeet, goufen d’Kontrolle vum Déiereschutzgesetz vun ëffentlecher Säit aus mat Hëllef vun der Veterinärsinspektioun an der Douane organiséiert.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. A wéi engem Ëmfang goufe Kontrollen op der Ausstellungsfläch an och um Parking organiséiert? Ass de Minister der Meenung, dass den Ëmfang vun dëse Kontrolle ausräichend war?
  2. Goufen um Event iergendwellech Infraktiounen géint d’Déiereschutzgesetz festgestallt? Falls jo, ëm wéi eng Infraktiounen huet et sech heibäi gehandelt?
  3. Goufe bezüglech dem Déierentransport Kontrollen duerchgefouert? Gouf zum Beispill kontrolléiert, ob d’Déieren an den Transportkäfeger genuch Platz, Fudder a Waasser haten? A gouf och d’Temperatur an d’Anhale vun de Pause wärend dem Transport kontrolléiert?
    • Falls jo, wéi genee sinn dës Kontrollen ofgelaf? 
      • Wéi goufen d’Hondsziichter kontrolléiert, déi méi wäit Distanzen op Lëtzebuerg zeréckgeluecht hunn?
  4. Den éischten Artikel vum Déiereschutzgesetz schwätzt den Déieren eng Dignitéit (=Würde) zou. Ass d’Regierung der Meenung, dass ëffentlech Hondsaustellungen d’Würde vum Déier respektéieren? Sinn dës Déierenausstellungen des Weideren hautzedaags nach ethesch vertrietbar?

Mat déiwem Respekt,
Marc GOERGEN
Député

Palmueleg

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministere fir Energie, Mobilitéit & Wirtschaft weiderzeleeden. No den Informatiounen vu verschiddenen Ëmweltorganisatiounen gëtt an der EU ëmmer nach op Palmueleg zeréckgegraff fir de Biodiesel ze produzéieren.

D’Versatilitéit fir den industriellen Asaz vum Palmueleg ass albekannt. Ob am Schockela, a Seefen oder am Päsch, säitdem de Palmueleg bekannt gouf, a bal allen industrielle Produiten ass dësen bëllege Rohstoff ze fannen. Den Informatiounen vu Greenpeace no, ass an all zweete Produit an engem Supermarché Palmueleg dran. Well d’Uelegpalm dat ganzt Joer iwwer wiisst an d’Friichten een heéien Ertrag un Ueleg hiergëtt, huet Industrie vun ufanks un vum Palmueleg profitéiert fir bëlleg Masseprodukter op de Marchéen ze verkafen, vun Liewensmëttel bis zu industrielle Gidder.

Dëst awer op Schued vun der Ëmwelt. Et ass allzäit bekannt, dass den Ubau vum Palmueleg schwéier ekologesch Konsequenzen mat sech zitt. Länner, déi wirtschaftlech op den Export vun dësem Rohprodukt ugewise sinn, hunn ouni Récksiicht op d’Natur Milliounen un Hektaren u Bëscher ofgeholzt fir esou méi Ubauflächen fir d’Uelegpalm ze schaffen. Mat der steigender weltwäiter Demande hunn déi Länner am gläichen Tempo d’Offer erhéicht an esou nach méi Bëscher ofgeholzt, well den wirtschaftlechen Erfolleg si dozou verleet huet.

Dass de Palmueleg a Liewensmëttel Uwendung fënnt, ass eng Saach. Dass aanerersäits an Europa grouss Raffinerien awer weiderhin op de Palmueleg setzen, fir Biodiesel hierzestellen, ass awer eng ganz aaner. Dat ass ugesiichts vum Honger an der Welt keng responsabel Approche.

Den Informatiounen vum Réseau Climat Action no, ass den Asaz vu Palmueleg am Biodiesel, deen an der EU verdriwwe gëtt, an de leschte Joren ëmmer weider an d’Luucht gaangen. Erreischt no 2030 soll den Asaz vu Palmueleg am Biodiesel ganz verbuede ginn, dëst op d’Decisioun vun der EU. Wann een awer weess, dass nom IPCC-Rapport d’CO2-Emissiounen bis 2030 ëm 45%  musse reduzéiert ginn a gläichzäiteg de Verbrauch vum Palmueleg aktuell steigt an domat och ëmmer méi Bëschflächen ofgeholzt ginn, da musse scho fréier Alternativen zum Gebrauch vum Palmueleg als Dreifstoff fonnt ginn.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Wéi vill Zorten Dreifstoff, déi zu Lëtzebuerg op den Tankstelle verkaf ginn, enthale Palmueleg?
  2. Wéi vill Tonnen Palmueleg gi schätzungsweis all Joer verbraucht, fir den Dreifstoff, den op lëtzebuergeschen Tankstelle verkaaft gëtt, ze produzéieren (vun 2014 bis 2019)?
  3. Wéi eng Mesurë wëll d’lëtzebuergesch Regierung zu Lëtzebuerg souwéi op europäeschem Niveau ënnerhuelen, fir de Gebrauch vu Palmueleg am Dreifstoff scho virun 2030 ze reduzéieren?

Eng Fro am Kader vun der Schwéngspescht

Am Kader vun der fräier Juegd op Wëllschwäin huet de Landwirtschaftsministère an engem Communiqué erkläert, dass 226 Wëllschwäin negativ op d’Schwéngspescht getest goufen. D’Schwéngspescht ass also nach net zu Lëtzebuerg ukomm. Dat erkläert allerdéngs net d’Doudesursaach vun de Schwäin, soudass mir genee dëst vun den zoustännege Ministere wësse wëllen.

Hei ass eis parlamentaresch Fro:

Här President,

Sou wéi den Artikel 84 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dringend parlamentaresch Fro un d’Ministere fir Landwirtschaft & Emwelt, Klima a nohalteg Entwécklung weiderzeleeden.

Op der Website vum Landwirtschaftsministère gouf kommunizéiert, dass am Kader vun der Bekämpfung vun der Schwéngspescht 226 Wëllschwäin negativ op ASP kontrolléiert goufen. Vu, dass dës Wëllschwäin also net duerch d’Schwéngspescht ëmkomm sinn, ass eng aner Ursaach de Grond vun hirem Doud.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Vu dass den ASP als Doudesursaach vun deenen 226 Wëllschwäin ausgeschloss ass, wéi eng Doudesursaache goufe bei de Wëllschwäin festgehalen?
  • Wéi vill vun den analyséierte Wëllschwäi sinn duerch eng Juegd oder opgrond vu Verletzungen duerch een Opprall gestuerwen?
  • Opgelëscht pro Gemeng, vu wou aus goufen déi insgesamt 226 Wëllschwäin an de Laboratoire bruecht?
  • Gouf no den Analysen am Centre de Collecte Mamer den Avis vun engem weidere Laboratoire erugezunn?
    • Falls nee, firwat net?

Mat déiwem Respekt
GOERGEN Marc
Député

Wéi gutt ginn Déierenziichter kontrolléiert?

D’Zuucht vun souwéi den Handel mat Déieren sinn zu Lëtzebuerg gängeg Methoden fir Suen ze verdéngen. Déierenziichter vun hei oder aus dem Ausland bidden op Internetbörsen verschidde Sorten vun Déieren un, vun Hënn, iwwer Kaazen bis Goldfësch. D’Präisser reechen, je no Déier, vun e puer Euro fir e Fësch bis zu e puer dausenden Euro fir een Rassenhond.

Wee mat dëser Handelsaktivitéit Sue verdéngt ginn, misst dat normalerweis och als Kommerz deklaréieren. Um Internet oder a klenge Foren existéieren mëttlerweil awer esou vill vun deenen Déierentauschbörsen, dass een sech d’Fro ka stellen, op all d’Déierenziichter an all Déierenhändler déi néideg Autorisatiounen fir dëse Kommerz besëtzen.

D’Déiereschutzgesetz vun 2018 geseit a sengem Artikel 6 vir, dass fir all Form vun Handel mat Déieren souwéi d’Zuucht vun Hënn a Kaazen eng Autorisatioun vum Minister muss ugefrot ginn:

Art.6 (2) Sans préjudice d’autres autorisations requises, sont soumis à l’autorisation par le ministre : 
 1.  toute activité en vue de commercialiser des animaux, à l’exception des marchés d’animaux et de l’activité agricole ; 
 2. un élevage de chats ;
 3. un élevage de chiens ;
 4. un établissement commercial pour animaux, à l’exception de l’établissement agricole ;
 5. un jardin animalier ou zoologique ;
 6. une pension pour animaux ;
 7. un refuge pour animaux ;
 8. l’emploi d’animaux pour le tournage de films ou à des fins analogues.

Dofir hu mir dem Landwirtschaftsminister folgend Froe gestallt:

  1. Mat Bezuch op den Artikel 6 Paragraf (2) vum Déiereschutzgesetz, wéi eng a wéi vill vu deenen uewe genannten Autorisatiounen huet den Här Landwirtschaftsminister ausgestallt?
  2. Bei wéi villen Déierenziichter goufen 2018 an 2019 Infraktiounen konstatéiert, well se keng gëlleg Autorisatioun nom Artikel 6 (2) haten? Wéi vill Kontrollen goufen insgesamt an der selweschter Period duerchgefouert? 
  3. Ginn verschidden Déierenannoncen an Zeitungen oder am Internet vun der Veterinärsinspektioun iwwerpréift? 
    • Falls jo, wéi vill Déierenhändler goufen 2018 an 2019 kontrolléiert? Wéi vill vun dësen Déierenhändler waren an Infraktioun mam Gesetz?
    • Falls nee, ass de Minister der Meenung, dass all d’Déierenziichter zu Lëtzebuerg hir Aktivitéiten deklaréieren?
  4. Wéi kontrolléiert de Landwirtschaftsminister Déierenhändler, déi aus aneren europäesche Länner op lëtzebuergesche Plattformen hir Déiere verkafen?
  5. Ass den Här Landwirtschaftsminister der Meenung, dass aktuell genuch Kontrollen vum Artikel 6 (2) duerchgefouert ginn?