Connect with us

Parlamentaresch Froen

Lächer an den Zänn

Zënter dësem Joer ass et verbueden, fir Quecksëlver (Mercure) an Zännplomben ze verwennen. D’Zänndokteren mussen an Zukunft Lächer an den Zänn ouni Quecksëlver fëllen. Am nationalen Aktiounsplang vu Lëtzebuerg ass virgesinn, dass d’Nomenclature dofir muss ugepasst ginn, fir dass d’CNS déi nei Zahnlachfëllungen kann iwwerhuelen a rembourséieren. Mir ass awer zougedroe ginn, dass d’Nomenclature nach net ugepasst gouf an Ersatzplombagen net rembourséiert ginn, soudass d’Patienten op de Käschte sëtze bleiwen an dëst och nach zu méi héijen Tariffer.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Wéi eng Alternativen zum Quecksëlwer iwwerhëlt a rembourséiert d’CNS aktuell an zu wéi engen Tariffer?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2243

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert