40000 Elektroautoen bis 2020?

Den deemolegen an aktuelle Mobilitéitsminister hat an engem Interview vum 16te September 2017 am Tageblatt ugekënnegt, dass bis d’Joer 2020 insgesamt 40000 Elektroautoen op eise Stroosse rulle sollen. 

Wéi a verschiddene Autorevuen ze liesen ass, bedroen d’Liwwerzäite fir Elektroautoen tëschent 3 an 12 Méint. Falls d’Demande vun den Elektroautoen am globale Kontext weider sollt steigen a gläichzäiteg d’Autoshiersteller net mat hirer Produktioun nokommen, kéinten dës Delaien sech an Zukunft nach weider verlängeren. Des Weidere steigt d’Demande no Elektroautoen net nëmmen hei zu Lëtzebuerg, mee op der ganzer Welt. 

An deem Zesummenhang hu mir him folgend Froe gestallt:

  1. Ass de Minister der Meenung, dass genuch Elektroautoe fir de lëtzebuergeschen Autosmarché disponibel wäerte sinn, fir dass déi vum Minister deklaréiert Zuel vu 40000 Elektroautoe fir d’Joer 2020 ze erreechen?
  2. Bleift de Minister bei senger Ausso, dass 2020 mindestens 40000 Elektroautoe zu Lëtzebuerg ugemellt solle sinn?

Wat geschitt mat den Touristen déi via Thomas Cook gebucht hunn?

Lëtzebuerg, den 23ten September 2019

Här President,
Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës
dringend parlamentaresch Fro un d’Ministesch fir Konsumenteschutz weiderzeleeden.
De Moie gouf bekannt, dass Thomas Cook wäert de Betrib astellen, a soumat Weltwäit eng 600.000
Touristen op hier Vakanzendestinatioun fest setzen. Déi britesch Regierung huet ee Noutfallplang, déi
gréisse Réckféierungsaktioun a Friddenszäiten, a Kraaft gesat. Zu Thomas Cook gehéieren och Firme
wie Condor a Neckermann, wou och hei zu Lëtzebuerg hier Client hunn.
An der Schweiz ass een „Garantiefonds der Schweizer Reisebranche“ an Däitschland een
„Reisesicherungsschein“ aktiv.
An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:
1 .Wei sinn Touriste mat Wunnsëtz zu Lëtzebuerg ofgeséchert?

  1. Wäert Regierung ee Plang aktivéiere fir des Touristen zeréck op Lëtzebuerg ze bréngen?
  2. Fir déi Touriste wou gebucht hunn, awer hier Rees nach net ugetruede sinn, wäert et
    do Moossname ginn, fir des Touristen ze entschiedegen?

Assistance judiciaire

Firwat musse Leit mat engem normale Akommes héich Affekotskäschten droen? Dëst wollt ee Notzer op FRO.LU wëssen. D’Piraten hunn dat nogefrot.

Den Artikel 6 vun der Europäescher Mënscherechtskonventioun beseet, dass all Mënsch viru Geriicht ee Recht op Verdeedegung duerch een Affekot huet. Mënschen, déi sech keen Affekot leeschte kënnen, hunn ee Recht op een Affekot, dee vum Staat bezuelt gëtt. 

D’Dispositioune vun der Europäescher Mënscherechtskonventioun goufen zu Lëtzebuerg am Artikel 37 vum Gesetz vum 10ten August 1991 iwwert de Beruff vum Affekot souwéi säi Reglement Grand-Ducal opgeholl. De Reglement Grand-Ducal definéiert, wee Beneficiaire vun der Assistance judiciaire ka ginn.

Wärend et selbstverständlech ass, dass Persoune mat engem Mindestloun oder mam REVIS hiren Affekot gestallt kréien, ass de Prozess fir Persoune mat engem soi-disant “normale Salaire” mat immensen Onkäschte verbonnen. D’Käschte vun engem Affekot variéiere vu Fall zu Fall, soudass fir Normalverdiener eng Streitaffär viru Geriicht schnell zu héijen Affekotskäschte féiere kann, déi fir Persoune mat engem mëttlere Salaire zu enger grousser Belaaschtung féieren. Am Koalitiounsaccord huet d’Regierung ugekënnegt, den Accès fir d’Assistance judiciaire op Basis vu progressive Kritäre wëllen ze erweideren (Säit 19 vum Koalitiounsaccord).

An deem Zesummenhang hu mir dem Justizminister dës Froe gestallt:

  1. Op wéi engem Stand ass de Projet fir eng Erweiderung vum “Accès à la Justice”? Wäert de d’Regierung de Projet per Reglement Grand-Ducal duerchféieren oder wäert de Justizminister der Chamber ee Gesetzesprojet virleeën? Bis wéini ass domadder ze rechnen? 
  2. Ass de Justizminister des Weideren der Meenung, dass d’Affekotskäschte per Gesetz oder Reglement missten transparent definéiert sinn, ähnlech wéi et bei Consultatiounen an der Medezin de Fall ass?

Dir hutt och eng Fro un d’Regierung? Da maacht Gebrauch vun www.fro.lu

Getarnte Radaren op der N31?

Wéi den Essentiel mellt, gouf den 12.9.2019 op der Streck N31 tëscht Käerjeng a Péiteng ee Radar fir eng Vitesskontroll opgestallt. Dat Besonnescht un dësem Radar ass allerdéngs, dass en mat Blieder ëmhüllt ass, wéi een op de Fotoen erkenne kann.

An deem Zesummenhang hu mir dem Mobilitéitsminister eng Fro gestallt:

  1. Kann de Minister dëse Radar op der N31 confirméieren?  
  2. War et een Zoufall war et bei der Kontroll gewollt, dass de Radar mat Blieder getarnt war?  
    • Falls de Radar vun der Police getarnt gouf, säit wéini mëscht d’Police Gebrauch vun esou Methoden?

Zigarette gehéiere net an d’Natur

Ob an der Stroossen, um Trottoir oder am Gréngs: op ville Platzen uechtert d’Land fënnt een ewechgehäiten Zigarettestommelen. De Geste fir ee Stommel ewechzegeheien ass kuerz. D’Konsequenze fir d’Ëmwelt sinn allerdéngs op laang Dauer immens grave, well an de Stommelen eng Réi toxesch Materialien ze fanne sinn. De Stommel brauch Jore bis en sech zersetzt, falls virdrun net schonn een Déier en gefriess huet. An dësem Zersetzungsprozess gelange Chemikalien – wéi zum Beispill den Arsen, Nikotin, Blei, Chrom, Kopper oder Cadmium – an eis Ëmwelt. Iwwert de Buedem kënnen des Stoffer dann och an eist Grondwaasser gelaangen.

D’Konsequenze vum Zigarettestommel fir d’Natur si säit laangem bekannt an se sinn bedenklech. Trotzdeem gesäit een ëmmer erëm Mënschen, deenen dëst schéngbar net bewosst oder egal ass. Anescht ass et net ze erklären, dass d’Stommelen ouni grouss Iwwerleeungen op de Buedem geheit ginn, als wären et Grimmele vun enger Mëtsch. 

An deem Zesummenhang hu mir der Ëmweltministesch an dem Wirtschaftsminister dës Froe stellen:

  1. Wéi eng Mesuren huet d’Regierung säit 2013 ënnerholl fir d’Ëmweltverschmotzung duerch Zigarettestommelen ze reduzéieren? 
    • Waren des Mesuren effektiv a kann d’Regierung dëst unhand vun Zuele beleeën?
  2. Wat wäert d’Regierung a noer Zukunft ënnerhuele fir d’Verschmotzung duerch Zigarettestommelen ze ënnerbannen?
  3. Besëtzt d’Regierung Donnéeë wéi eis Ëmwelt duerch d’Chemikalien aus Zigarettestommele belaascht ass?

Emotet-Trojaner

Mir wëlle wëssen, ob eis staatlech IT op den Emotet-Trojaner virbereet ass, deen aktuell an Däitschland eng Réi Administratiounen attackéiert huet.

Wéi d’Website heise.de rezent beriicht huet, gouf eng nei Bedruchssoftware entdeckt, déi et an Däitschland op ëffentlech Administratiounen ofgesinn huet. Den Trojaner mam Numm “Emotet” huet bei enger Stad no vun Hannover déi ganz Administratioun attackéiert an ausser Service gesat.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Weess den Digitalisatiounsminister, ob dës Bedruchssoftware schonn zu Lëtzebuerg opgetaucht ass?
  2. Wéi ass déi staatlech IT géint ee méiglechen Ugrëff vun dësem Trojaner virbereet?

Froen zu de Visasdemanden aus Drëttlänner

Mir wëlle vum Ausseminister wëssen, wéi gutt de Ministère Visasdemanden aus Drëttlänner evaluéiert. Eisen Informatioune goufe bei e puer Gespréicher deplacéiert Umierkunge säitens dem Ministère gemaach, déi eigentlech net wierklech eppes an der Prozedur ze sichen haten. Mir wollte méi dozou wëssen.

D’Immigratiounsgesetz vum 29ten August 2008 beschreift d’Prozedur wéi den Ausseministère d’Visasdemandë fir Persounen aus Drëttstaaten ze traitéieren huet. Laut Gesetz muss de Ministère all Demande op Basis vun enger Evaluatioun vun de Fakten entweder akzeptéieren oder refuséieren.

Bei Visasdemanden aus Drëttstaaten gëllen heibäi méi streng Kritären. Fir d’Residenten zu Lëtzebuerg, déi eng Bezéiung mat enger Persoun aus engem Drëttland féieren, stellen sech an dem Kontext gewësse Problemer. Vill vun deene Koppele sinn net bestuet a liewen och net an engem agedroene Partenariat, sou wéi d’Gesetz vum 9te Juli 2004 et virgesäit.

Fir eng glécklech Fernbezéihung kënnen ze féiere sinn d’Koppelen dorobber ugewisen, dass hir Visasdemandë vum Ausseministère akzeptéiert ginn. Ee Refus vun engem Visum ass fir d’Koppelen mat héijem emotionale Stress verbonnen, well si hir Bezéiung an dem Fall nëmme schwéier weiderféiere kënnen. Den Ausseministère huet schlussendlech also dat leschte Wuert iwwert d’Entscheedung ob eng Bezéiung Zukunft huet oder net.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Wéi vill Visasdemandë à court séjour goufen dëst Joer vum Ministère accordéiert oder refuséiert? Wat waren d’Grënn bei de Refusen?
  2. Ass et Usus, dass de Ministère bei Visasdemanden aus Drëttstaaten den Demandeuren oder hirer Koppel recommandéiert sech net ze bestueden? 
    • Besëtzt de Minister Kenntnis vun esou Fäll?
    • Sinn esou Recommandatiounen an der Prozedur virgesinn an am Kompetenzberäich vum Ministère?
    • Fënnt de Minister, dass et all Koppel selwer iwwerlooss ass, ob si sech bestuede
  3. Ass et Usus, dass bei Visasdemanden den Demandeur a seng Koppel gefrot ginn hir perséinlech Fotoen fir eng Evaluatioun un de Ministère weiderzeleede mussen?
    • Falls jo, besëtzt den Ausseministère déi néideg Kompetenze fir ze evaluéieren op eng Bezéiung authentesch ass? 
  4. Vu, dass d’Immigratiounsgesetz vum 29ten August 2008 souwéi säi Reglement an de leschte Joren eng Réi Ännerunge kruten an déi lescht Consolidéierung vum Gesetz op 2013 zeréckzeféieren ass, hält de Minister et fir opportun eng consolidéiert Versioun vum aktuelle Gesetz ze publizéieren? Falls jo, bis wéini?
Äntwert-Immigratioun

Bëschverloscht

D’EU-Kommissioun huet den 23. Juli 2019 op hirer Website informéiert, dass tëscht 1990 an 2016 1,3 Millioune Quadratkilometer Bëscher verluere gaange sinn. Dat entsprécht engem Bëschtverloscht vu ronn 500 Mol der Gréisst vu Lëtzebuerg oder 3 an hallef mol der Gesamtfläch vun Däitschland. Wëssend, dass d’Bëscher Groussraim vu Biodiversitéit sinn an och fir d’Klima immens wichteg si well d’Planzen den CO2 aus der Loft bannen,sinn dës Zuelen alarméierend. Et ass awer net just un der Europäescher Unioun, mee un deenen eenzele Memberstaaten fir do hir Responsabilitéiten ze iwwerhuelen. D’Regierung huet de Schutz vum Bësch an hirem Koalitiounsaccord opgeschriwwen.

An deem Zesummenhang hu mir der Ëmweltministesch dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Bëscher sinn zënter 1990 zu Lëtzebuerg verluer gaangen?
  2. Wéi vill Bëscher sinn zënter 2013 zu Lëtzebuerg verluer gaangen?
  3. Wéi wëll d’Regierung de Bëschverloscht an deene nächste Jore bremsen? 

Premièresexamen 2019 – Froen zur d’Hierschtsessioun

Nächst Woch fënnt d’Hierschtsessioun vun den Ofschlossexamen am Secondaire statt. Eis gouf vu verschidde Schüler zougedroen, dass d’Organisatioun vun dëser Sessioun engem zimlech straffen Zäitplang ënnerläit. An effektiv hu mir festgestallt, dass d’Schüler a grad mol 4 Deeg ronn 11 Exame schreiwe sollen, woubäi 9 Examen op 3 Deeg verdeelt sinn. Am Vergläich: fir d’Summersessioun 2019 hat ee Schüler ee bis zwee Examen pro Dag ze schreiwen. 

Ween schonn een Examen op Première geschriwwen huet, dee weess, wat fir ee Konzentratiounseffort fir dës Prüfungen néideg ass. Nom Artikel 2 vum Reglement Grand-Ducal iwwert d’Organisatioun vum Ofschlossexamen am Secondaire steet et dem Minister fräi, d’Examen ze organiséieren.

An deem Zesummenhang hu mir dem Bildungsminister folgend Froe gestallt.

  1. Firwat fannen d’Ofschlossexamen an der Hierschtsessioun, am Vergläich zu den Examen an der Summersessioun, an esou engem enken Zäitraum statt?
  2. Gesäit de Minister an, dass et fir d’Schüler vun der Hierschtsessioun eng Ufuerderung ass, 3 Ofschlossexamen an engem Dag ze schreiwen?
  3. Gesäit de Minister ee Risiko, dass d’Organisatioun vun der Hierschtsessioun d’Schüler am Verglach zu de Participanten aus der Summersessioun benodeelegt?
    • Falls nee, kann de Minister dëst unhand vun de Notten aus de leschte Jore beleeën?
  4. Wäert de Minister an Zukunft d’maximal Unzuel vun Exame pro Dag iwwert de Reglement Grand-Ducal deckelen? 
    • Falls jo, bis wéini gedenkt hien dat ze maachen?
    • Falls nee, firwat net?