Gemengen & Innepolitik
Sproochentest am Kader vum Erhalt vun der lëtzebuergescher Nationalitéit

D’Préiwung zu der Bewäertung vun der lëtzebuergescher Sprooch ass eng vun de Prozeduren, déi am Kader vum Erhalt vun der lëtzebuergescher Nationalitéit duerchgefouert gëtt. Am betreffende Gesetz seet den Artikel 15: Sur demande motivée, le ministre peut dispenser le demandeur de l’examen d’évaluation de la langue luxembourgeoise lorsque son état de santé physique ou psychique le met dans l’impossibilité d’apprendre cette langue. Un certificat émanant d’un médecin spécialiste doit être joint à la demande. Le demandeur peut être entendu par le délégué du ministre. En cas de doute, le ministre peut ordonner une expertise médicale.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi vill Fäll sinn et an de leschte 5 Joer ginn, ventiléiert no état de santé physique an psychique, wou de Sproochentest am Kader zum Erhalt vun der lëtzebuergescher Nationalitéit net huet misse gemaach ginn ?
A wéi ville Fäll huet de Minister eng expertise médicale veruerdent, esou wéi Gesetz et virgesäit am Zweiwelsfall?
QP Nummer 2395