Connect with us

Questions parlementaires

Problemer mat der Mobilitéitszentral

All Bierger kann iwwert d’Mobilitéitszentral Informatiounen zu dem ëffentlechen Transport, der Mobilité douce an dem Wee mam Auto fannen. Iwwert d’Helpline +352 24 65 24 65 kënnen d’Leit dann och Nofroe stellen a reklaméiere, wann mol eng Kéier eppes net klappt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Persoune mat wéi enge Stonnekontrakter si fir Helpline vun der Mobilitéitszentral zoustänneg?

  2. Wéi vill Appeller sinn am leschte Joer (pro Woch) an der Mobilitéitszentral agaangen? Wéi vill Prozent vun dësen Appeller goufen traitéiert?

  3. Wéi vill Reklamatioune sinn am leschte Joer an der Mobilitéitszentral agaangen?

  4. Wat fir Suitte kruten déi Reklamatiounen?

  5. Oft kënnt et fir, dass d’Mobilitéits-App uweist, dass ee Bus op enger Plaz wier, en a Wierklechkeet awer nach eng ganz Réi Arrête vun deem Punkt op der Streck ewech ass.  Wéi kommen esou Diskrepanze bei der App zustanen, wou ee Bus als passéiert ugeschloe gëtt, den Arrêt awer bis elo nach guer net areecht huet?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7609

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert