Questions parlementaires
Geféierlechen Drot fir Déieren
Wéi een de 14ten Februar an engem Artikel op RTL liese konnt, gëtt elo den Drot bei der aler Bauschuttdeponie zu Helleng ewech geholl. Dëst nodeems vill Déieren, virun allem Réi sech am Drot verfaangen haten a gestuerwe sinn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Huet de Staat och Plazen, wou en Ursus-Drot opgeriicht huet, wou d’Réi an aner Déiere kéinten dran hänke bléiwen an sech verletzen oder souguer stierwen? Wa jo, wou ass iwwerall des Drot?
Wisou gouf ugefaangen dësen Drot ze benotzen, wann gewosst war, wat d’Konsequenze fir Déiere sinn?
Am Fall wou de Staat Ursus-Drot benotzt, ass geplangt dësen ze ersetzen? • Wa jo, bis wéini soll dësen iwwerall ersat sinn? • Wa nee, firwat net?
Wat géifen Alternativen aus Holz un zousätzleche Käschte bedeiten?
Ass am Moment geplangt den Ursus-Drot op neie Plazen anzesetzen?
QP Nummer 7604