Connect with us

Questions parlementaires

Aarmutsrisiko am drëtten Alter

Eng Persoun, déi zu Lëtzebuerg manner wéi 2177€ de Mount an der Hand huet, läit ënnert der Aarmutsrisikogrenz a leeft Gefor, hir Grondbedierfnisser net méi alleguerten decken ze kënnen, wa se keng Suen op der Säit huet. Ronn ee Fënneftel vun de Mënschen zu Lëtzebuerg liewt ënnert der Aarmutsrisikogrenz, wann een d’Zuele vum STATEC an Eurostat kuckt.  Virun allem am Alter ass de Risiko an d’Aarmut ze fale grouss, wann ee keng eege Wunneng besëtzt, keng grouss Kapitalreserven huet an nëmmen eng kleng Pensioun kritt. Dës Situatioun ass awer fir vill Leit eng Realitéit hei am Land.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Persoune bezéien aktuell eng Pensioun zu Lëtzebuerg a wunnen och hei? Wéi vill Pensionnairë mat enger Adress zu Lëtzebuerg verdéngen netto aktuell eng Pensioun vu manner wéi 2200€ de Mount? 

  2. Wéi vill Steierzueler, déi eng Pensioun bezéien, ginn aktuell an der Steierklass 1 besteiert? Wéi vill Steierzueler, déi eng Pensioun bezéien, ginn aktuell an der Steierklass 1a besteiert?

  3. Wéi vill Prozent vun de Pensionnairen an der Steierklass 1 an 1a, déi hei am Land liewen, falen ënnert d’Aarmutsrisikogrenz?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7625

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert