Connect with us

Questions parlementaires

Assistance judiciaire

All Bierger·in hei am Land huet d’Recht, d’Justiz anzeschalten, wann e sech enger Ongerechtegkeet ausgesat gesäit. Dëst Recht ass am Artikel 47 vun der europäescher Charta vun de Grond- a Mënscherechter festgehalen an och hei zu Lëtzebuerg an der Gesetzgebung verankert. Am Artikel 47 vun der Charta ass iwwerdeems festgehalen, dass de Staat finanziell hëllefe muss, wa Leit net genuch Suen hunn, fir hiert Recht op een Zougang zur Justiz kënne wouer ze huelen. Déi lëtzebuergesch Gesetzgebung gesäit heifir d’Assitance judiciaire vir, déi deene Leit zegutt kënnt, déi wéineg Akommes hunn (Artikel 37-1 vun der loi du 10 août 1991 sur la profession d’avocat). An der Realitéit ass et awer oft esou, dass Bierger·innen trotz der Assistance judiciaire keen Zougang zur Justiz hunn, well se de Krittäre vum Gesetz no ze vill Suen hätten, a Wierklechkeet awer näischt op der Säit hunn, fir en Affekot bezuelen ze kënnen. De Gesetzesprojet 7959 soll hei fir Verbesserunge suergen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Fir wéi vill Affäre goufen, opgelëscht no Beräich (Top 10), an de vergaangenen 3 Joer (opgelëscht no Joer) eng Assistance judiciare ugefrot? Wéi vill Assistancë goufen accordéiert/refuséiert?

  2. Wéi vill Suen huet de Staat déi vergaangen 3 Joer fir d’Assistance judiciaire ausginn (opgelëscht no Joer)?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7645

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert