Mobilitéit
Verkéiersberouegung op der Route de Longwy (N5) – Nofro
D’Nationalstrooss N5 (Route de Longwy), ass eng vill befuere Strooss, déi vu Käerjeng un queesch duerch d’Gemeng Péiteng verleeft, bis erop op den Dräilännereck zu Rodange. D’Lonkecher Strooss ass bekannt dofir, eng Transitstrooss fir de Verkéier ze sinn. A virëge parlamentaresche Froen (7082 an 1981) wollt ech wëssen, wéi d’N5 kéint méi sécher fir de Verkéier gemaach ginn, grad mat Hibléck op eng Reduzéierung vum Tempolimitt op 30km/h. D’Ministesch hat hei geäntwert: „Et sief awer drop higewisen, dass d’Initiativ fir Moossnamen zu der Verkéiersberouegung innerhalb vun enger Uertschaft an d’Zoustännegkeet vun der territorial zoustänneger Gemeng falen, och wann et sech ëm eng Staatsstrooss handelt. […] Grondsätzlech fënnt ee reegelméissegen Austausch mat de Gemenge statt fir iwwert all méiglech Sujeten ze schwätzen déi d’Stroosseninfrastrukturen ubelaangt.““
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
Huet d’Gemeng Péiteng mëttlerweil eng Reunioun mam Mobilitéitsministère betreffend der Verkéiersberouegung op der N5 ugefrot? Falls jo, wéini war d’Reunioun?
QP Nummer 3203
