Déiereschutz
Verongléckten Hausdéieren
Leider kënnt et ëmmer nees vir, dass Hënn oder Kaatzen am Strosseverkéier ëmkommen. Obwuel dës Hausdéieren an der grousser Majoritéit – esou wéi d’Gesetz et virschréiwt – gechipt sinn, ginn d’Informatioune vum Chip nom Accident vum Déier awer oft net ausgelies. Wann d’Besëtzer:inne den Accident also net selwer gesinn, gi si oft ni gewuer, wat mat hirem vermësst gemellten Déier geschidd ass.
Fir dat ze verhënneren schaffe verschidde Gemengen, wéi z. B. d’Gemeng Colmer-Bierg, mat Veterinär(inn)en zesummen, déi d’Chips ausliesen an d’Propriétaire kontaktéieren. Esou soll verhënnert ginn, dass verongléckten Hausdéieren ouni d’Wësse vun hire Besëtzer:innen irgendwou an engem Container landen an entsuergt ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Ass der Regierung déi genannte Problematik, déi och an engem Wort-Artikel vum 28.05.2024 thematiséiert gouf, bekannt?
-
An der Äntwert op meng Fro 3013 sot déi deemoleg Regierung: „Et ass wichteg, datt méiglechst vill offiziell Stelle mat engem Chipliesegerät equipéiert sënn. Dat ass aktuell bei enger Partie Policekommissariater a Gemengen och well de Fall.“
Wéi vill Policekommissariater a Gemengen hunn aktuell esou en Chipliesegerät? -
Plangt d’Regierung, d’Gemengen ze encouragéieren, verongléckten Hausdéieren net ze entsuergen, ouni dass probéiert gouf, d’Proprietairen ze fannen?
QP Nummer 910