Parlamentaresch Froen
Konflikt tëschent Israel an der Türkei
De Krich a Palästina riskéiert nei Dimensiounen ze kréien. Gëschter huet den türkesche President Israel mat enger militärescher Interventioun gedrot. Israel huet sengersäits gefuerdert, d’Tierkei aus der NATO auszeschléissen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wat wären d’Implikatiounen fir d’NATO, am Fall wou d’Tierkei géif militäresch an Israel intervenéieren?
Wat wären d’Implikatiounen fir d’NATO, am Fall wou Israel géif den tierkeschen Territoire attackéieren?
Wéi positionnéiert sech déi lëtzebuergesch Regierung an dësem Konflikt tëschent der Türkei an Israel?
Wéi ka verhënnert ginn, dass d’Türkei am Fall vun enger militärescher Interventioun op Informatiounen oder Ressourcë vun der NATO zeréckgräift?
QP Nummer 1072