Parlamentaresch Froen
Privatpersounen mat baue loossen (PPP Logements abordables)
D’Gestion Locative Sociale (GLS) ass ee wichtegt Puzzlestéck, fir soziaalt an erschwénglecht Wunnen zu Lëtzebuerg méiglech ze maachen. Dobäi setzt de Staat op d’Kooperatioun mat Organisatiounen aus der Zivilgesellschaft (ASBLen, Fondatiounen, etc.). Organisatiounen, déi wëllen eng Gestion Locative Sociale ubidden, mussen eng Konventioun mam Staat (Logementsministère a Familljeministère) agoen. Duerch dës Konventioun kréien d’Organisatiounen d’Recht, fir eng Agence immobilière sociale (AIS) opzemaachen, duerch déi Privatpersounen dësen Organisatiounen hir Wunnengen zur Verfügung kënne stellen a steierlech Virdeeler fir d’Locatioun kënne kréien.
Den 19te Juni 2024 huet d’Regierung eng Rëtsch Moosnahmen an der Wunnengspolitik virgestallt, dorënner de Projet, dass Privatpersounen an Zukunft um Bau vu Sozialwunnengen kënnen matmaachen (PPP Logements abordables). Wéi de Logementsminister mir op eng mëndlech Fro de 25te Juni an der Chamber bestätegt huet, ass d’Kompensatioun, déi de Staat dem Proprietaire am Kader vun dëser Moossnahm bezillt, indexéiert.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Falls de Minister d’Projeten fir Privatpersounen indexéiert, plangt hien an deem Fall och fir de Subside fir d’AIS erop ze setzen oder d’Beträg z’indexéieren. Falls jo, wéi eng Beträg wäerten hei indexéiert ginn?
-
Wéi wäert de Wunnengsbauminister
1) dofir suergen, dass de GLS par Rapport zum neie Privatmodell attraktiv bleift?
2) verhënneren, dass Privatpersounen sech vum GLS ofwenden?
QP Nummer 1086