Connect with us

Digitalisatioun & IT

VPN

Hei am Land si legislativ Projeten geplangt, déi, sief et duerch d’Sammele vun Donnéeën oder de méiglechen Asaz vun Trojaner, duerch VPN-Verbindunge kéinten erschwéiert ginn. Besonnesch wann et ëm Iwwerwaachunge geet, stellen sech vill Bierger d’Fro wéi se kënnen anonym bleiwen an hir digital Aktivitéiten ouni Iwwerwaachung duerchféieren. Natierlech gräift de Prinzip vun enger VPN-Verbindung awer vill méi wäit, souwuel op privatem wéi och op professionellem Niveau. An dësem Kontext stellt sech d’Fro zu méigleche gesetzlechen Aschränkunge vun esou Verbindunge, wéi et a Länner wéi China, Brasilien an och der Türkei schonns de Fall ass. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Ginn et, sief et zum Beispill am Kader vum Jugendschutz oder vun der Cybersécherheet, Iwwerleeungen an der aktueller Legislaturperiod den Asaz vun VPN-Verbindunge gesetzlech anzeschränken oder ze verbidden ?  

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2748

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert