Finanzen & Steieren
Wien profitéiert vum Filmfong?
De Luxembourg Film Fund (Fonds national de soutien à la production audiovisuelle) gëtt zënter Joren mat héije Montante vu Steiergelder finanzéiert a soll och an de kommende véier Joer ronn 180 Milliounen Euro aus dem Staatsbudget kréien. Aus de Joresrapporte vum Filmfong geet ervir, datt d’finanziell Hëllefen (AFS) zum groussen Deel un eng kleng Unzuel u Produktiounsfirmen fléissen. Dës Firmen sinn oft Deel vu méi groussen, deels international organiséierte Firmegruppen, an deenen nieft der Produktioun och Animatiounsstudioen, Postproduktiouns- a Servicerfirmen, technesch Prestatairen, Distributeuren an och Immobiliegesellschaften zesummegehéieren. Oft gehéieren dës Firmen dann de selwechte pyhsesche Persoun (Bénéficiaires effectifs). D’Subsidë gi formell un eenzel Projeten ausbezuelt, mee duerch komplex Firmenstrukturen kënnen d’Subsiden u sech bannent enger Firmegrupp weidergereecht ginn, beispillsweis iwwer intern Verrechnungen tëscht verbonne Firmen. De Fall vun der SuperDreckskëscht virun e puer Joer huet gewisen, wéi problematesch dat ka sinn, grad wann d’Reegelen vum enger korrekter Verrechnung (Transfer pricing, arm’s length Prinzipp) net agehale ginn. Zum Beispill kann d’Produktiounsfirma A, déi d’Subsidë vum Filmfong kritt, iwwert eng „iwwerdriwwe“ Rechnung vun der d’Mammen-, Duechter- oder Schwësterfirma B weiderreechen. Zousätzlech stellt sech d’Fro no der sënnvoller Notzung vu Steiergelder an dem Géigewäert fir de Staat: No der Finanzéierung behält de Staat weder Rechter un der intellektueller Proprietéit nach eng direkt Bedeelegung un de spéidere Recettë vun de finanzéierte Wierker.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
1. Wéi eng zéng Firme kruten an de leeschten 10 Joren déi meeschten Hëllefen aus dem AFS-Dëppen ausbezuelt a wéi vill Sue kruten dës Firmen? 2. Wéi eng vun dëse Firme sinn eng Duechterfirma (Filial) vun enger anerer Firma? 3. Wéi eng vun dëse Firmen sinn eng Mammegesellschaft mat Duerchterfirmen?
Wéi eng Reegele gëlle fir d’Ausbezuele vun den AFS-Hëllefen, wann d’Firmen Deel vu méi grousse Firmegruppe sinn a wéi gëtt sécher gestallt, dass d’finanziell Hëllefe vum AFS net vun hirem Zweck entfriemt ginn?
Wéi gëtt konkret kontrolléiert, datt d’Prestatiounen tëschent Firmen aus engem Firmegrupp (Studioen, Postproduktioun, Locatioun vu Büroen oder Studioen, technescht Material) wierklech zu Maartkonditiounen an de richtege Präisser (arm’s length Prinzipp) verrechent ginn?
Firwat ass beim Filmfong net virgesinn, Undeeler un der intellektueller Proprietéit vun de finanzéierte Wierker ze behalen, besonnesch bei Firmen, déi reegelméisseg AFS kréien?
QP Nummer 3401
