Digitalisatioun & IT
Zero-Click-Angriff auf Apple-Geräte via WhatsApp
 
																								
												
												
											D’Plattform heise online hat an engem Artikel den 30ten August gemellt, dass et um Noriichtendéngscht WhatsApp eng Sécherheetslück gouf, iwwert déi op Apple-Apparater Spyware konnt installéiert ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
- Hunn d’Regierungsmembere fir hir Kommunikatiounen ënnerteneen oder bannent vun hire Ministèrë Whatsapp op Apple-Apparater genotzt? 
- Besteht de Risiko, dass Spyware op engem Apparat vun der Regierung installéiert gouf? Falls nee, wéi kann dëst ausgeschloss ginn? 
QP Nummer 2897

