Questions parlementaires
Elektresch Verschwendung bei der IGF
![](https://goergen.lu/wp-content/uploads/2023/10/roofed-office-building-entrance-at-night-2022-02-01-23-41-53-utc.jpg)
Un eis ass eru gedroe ginn, dass bei der Inspection générale des finances Wäert drop geluecht gëtt, dass d’Luuchten an de Pieces communes zu all Moment vum Dag mussen u sinn. Dëst widdersprécht awer der Circulaire n°4168, déi zum Energiespueren oprifft.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Firwat mussen dës Pieces communes zu all Moment vum Dag beliicht sinn?
Wat ass den zousätzlechen Energieverbrauch duerch dësen Appell vun der Direktioun vun der IGF?
QP Nummer 8379