Questions parlementaires
Besteierung vun de Jetongen um Gemengenniveau
Op Basis vum Artikel 27 vum Gemengegesetz bestëmmt all Gemengerot selwer doriwwer, ob d’Memberen aus dem Gemengerot an d’Leit an de konsultative Kommissiounen fir hiert Engagement eng Indemnitéit a Form vu Präsenzjetongen ausbezuelt kréien. Dës Jetongen variéieren deemno vu Gemeng zu Gemeng. Wat och variéiert, ass d’Prozedur bei der Besteierung vun de Jetongen duerch d’Gemeng an d’Steierverwaltung. Verschidde Gemengen bezuelen de Bruttomontant direkt un d’Leit aus während aner Gemengen schonn eng Retenue um Paieziedel duerchféieren. D’Steierbüroen agéieren mengen Informatiounen no och ënnerschiddlech, wann d’Bénéficiairen hir Jetongen un d’Parteien oftrieden.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi eng Reegele betreffend der Besteierung vun de Präsenzjetongen fir d’Gemengeréit an d’Memberen aus de Gemengekommissioune goufen an der Vergaangenheet vun der Steierverwaltung an/oder dem Inneministère opgestallt (Circulairen, Reglementer, Arrêtéen, etc.)? Ginn dës Reegelen uniform vun alle Steierbüroen ëmgesat?
Kënnen d’Ministeschen eng Kéier erklären, wéi d’Besteierung vun de Präsenzjetongen fir d’Gemengeréit an d’Memberen aus de Gemengekommissioune muss oflafen?
QP Nummer 5