Questions parlementaires
Examen fir bei der Gemeng ze schaffen
Fir dierfen am Gemengesecteur ze schaffen, muss een als éischt d’Epréuve d’aptitude générale paken an duerno den Examen d’admissibilité. Fir dës Sessioun waren d’Examen d’admissibilité fir d’Leit am Grupp B1, C1 an D1 awer virun deene fir d’Epréuve générale. Wat bedeit, dass dës Leit nëmmen den 1ten Exame kënne maachen, an dann een halleft Joer musse waarden fir den 2ten Deel. Dës kascht net nëmmen d’Leit Zäit, mee suergt och dofir, dass d’Gemenge Posten eréischt méi spéit kënne mat dëse Kandidate besetzen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Firwat goufen dës Delaien esou festgehalen?
Firwat betreffen dës ënnerschiddlech Delaien nëmmen een Deel vun de Gruppen?
Wäert an Zukunft drop gekuckt ginn, dass ee béid Examen op allen Niveaue kann an enger Sessioun maachen? Wann nee, firwat net?
QP Nummer 8378