Connect with us

Questions parlementaires

Aus vun der Benu Asbl

Wéi Tageblatt an d’Wort mellen, steet d’Asbl Benu vun Esch, déi sech op Kreeslafwirtschaft spezialiséiert huet, mat hire 40 Mataarbechter kuerz virun der Insolvenz. Et gouf Konventioune mat der Stad Esch an dem Ëmweltministère, mee duerch Kommunikatiounsfeeler schéngt et wéi wann net kloer gewiescht wier, wien Benu hätt solle mat wéi vill Geld ënnerstëtzen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng änlech Projeten, wéi de Benu existéieren, nach am Land? Ass de Staat och an dëse Projeten implizéiert? Wa jo, wat fir finanziell Mëttel stellt de Staat hei zur Verfügung?

  2. Wéi vill Mataarbechter bei Benu sinn direkt iwwert d’ASBL agestallt? Wéi vill sinn iwwert Aarbechtsmoossnahmen bei der ADEM agestallt? Falls sech beim Benu d’Situatioun finanziell net verbessert an de nächsten Deeg a Wochen, wäerten d’Ministere versécheren, dass aner Initiative dës Mataarbechter iwwerhuelen?

  3. Wéi evaluéiert d’Ministesch d’Resultater vum Projet Benu no 5 Joer?

  4. Hunn, ausser dem Ëmweltministère an der Gemeng Esch, nach aner Acteuren an de Projet Benu investéiert? Wa jo, wien a wéi een Undeel?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8371

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert